Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  JW Francis - Orbit

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Conor McGregor: Seegen a Fluch fir MMA?

Mixed Martial Arts

Conor McGregor: Seegen a Fluch fir MMA?

Wann een iwwer Sport schwätzt, méi spezifesch iwwer Kampfsport, da kënnt dëser Deeg séier d'Diskussioun op Mixed Martial Arts, ofgekierzt: MMA. Dat ass eng Kampfsportaart, déi Mëtt den 90er erfonnt gouf an zanterhier ëmmer méi u Popularitéit gewonnen huet. Et ass e brutale Sport, bei deem quasi all Coupen an all Kampfsportaart erlaabt sinn. Just Boxen ass weltwäit nach ëmmer méi populär wéi MMA. Mee och dat wëllt d'Organisatioun UFC, déi d'MMA-Kämpf organiséiert, geännert kréien, fir um Enn als déi populäerste Kampfsportaart dozestoen. Dofir ass se op en décken Téinert aus Irland ugewisen.

auto_stories

4 min

An deen Téinert kënnt vun Dublin an heescht Connor McGregor. Hien huet dat, wat een am Sportbusiness Pulling Power nennt, dat heescht, hie bréngt et fäerdeg, nei Leit ze erreechen a bei d'UFC ze féieren. Leit, déi sech gewéinlech fir aner, méi bekannte Sportaarten interesséiere wéi Fussball, Basket oder Formel 1.

An dat ass fir eng Organisatioun wéi d'UFC immens wichteg. Dem Conor McGregor seng Pressekonferenzen, an deenen hie meeschtens a schicken, speziell geschniddene Kostümer optrëtt, mutéieren zu richtege Showe mat haarden, heiansdo witzegen, mee meeschtens ausfalende Spréch, fir de Géigner erofzemaachen.

En talentéierte Kämpfer

Mee de Conor McGregor kann net nëmmen téinen an ausfalend sinn, mee och gutt kämpfen. Richteg gutt. Säin éischten Titel um Circuit vum Ultimate Fighting Championship, am Fiedergewiicht, huet hien 2015 an der éischter Ronn mat engem Knock-Out no nëmmen 13 Sekonne gewonnen. Wéi zanter dem Ufank vu senger Karriär huet de McGregor och deen Dag seng séier an immens kräfteg lénks Hand agesat. Eng, déi no 13 Sekonne souz, a scho war et eriwwer.

Mee dat goung dem McGregor net duer, hie wollt direkt an d'Gewiichtsklass driwwer eropklammen an och do Champion ginn. An esouguer wéi säin éischte Versuch fir dat ze schaffen no hanne lassgaangen ass, krut hien deen Dag méi Sue wéi säi Géigner, deem eigentleche Gewënner.

An trotzdeem huet de wëllen Ir nëmmen e puer weider Kämpf gebraucht éier hien et trotzdeem geschafft huet, als Éischten an der UFC gläichzäiteg an zwou Gewiichtsklasse Champion ze sinn. E knappt Joer no sengem Titel am Fiedergewiicht krut hien och den Titel am Liichtgewiicht, och wann dee Kampf déi Kéier méi wéi 13 Sekonne gedauert huet, allerdéngs och nees duerch e Knock-Out.

E weltwäite Superstar

D'Kampfsportaart MMA hat endlech e globale Superstar. An op deen ass op eemol och e gewësse Floyd Mayweather opmierksam ginn, Spëtznumm "The Money". De fréiere Boxer, deen a senger Karriär a fënnef verschiddene Gewiichtsklasse 50 Mol gekämpft huet a 50 Mol gewonnen huet, hat an Tëschenzäit seng Boxhändschen un de Nol gehaangen a sech als Organisateur vu lukrative Boxkämpf nei erfonnt.

Mee fir e Kampf géint dee wëllen duebele Champion aus dem MMA war hien nach eng Kéier bereet an de Ring ze klammen. Um Enn huet de Kämpfer vun Dublin sech zwar ganz gutt geschloen, an der zéngter Ronn huet den Arbitter awer missten dotëschent goen: Technesche KO.

De Connor McGregor krut dofir awer eng Gage, vun där den Ir bis zum Enn vu sengen Deeg hätt liewe kënnen. An tatsächlech huet de Kämpfer vun Dublin kuerz drop der Welt seng eege Whisky-Mark presentéiert.

Hien huet säi Meeschter fonnt

Mee de Connor McGregor war nach net fäerdeg mam Téinen an Erausfuerderen. Am Oktober 2018 sollt hie op ee Géigner treffen, dee seng Provokatiounen am Virfeld stoesch iwwer sech ergoe gelooss huet fir dono am Käfeg, beim MMA gëtt nämlech an engem aachteckege Käfeg gekämpft, d'Äntwert ze liwweren. Dat war de Khabib Nurmagomedow aus dem russeschen Dagestan, en düsteren, talentéierte Mann, dee genee de Contraire vum Conor McGregor war.

De Kampf huet an den USA de Rekord gebrach: 2,4 Millioune Leit hu fir den MMA-Kampf am Pay-Per-View bezuelt. A Russland gouf déi Nuecht dee selwechte Rekord gebrach. Um Enn huet de Russ gewonnen, zimmlech kloer esouguer, an ass dono esouguer aus dem Käfeg gespronge fir op d'Ekipp vum McGregor anzeschloen, déi méintelaang hien och provozéiert hat.

De Conor McGregor huet seng Wonne geleckt an ass ënnergedaucht. Enn Januar huet hien awer säi Comeback gefeiert mat enger Victoire no 40 Sekonnen. An kee war doriwwer méi frou wéi d'Leit vun der UFC: domadder hate si nämlech hire Superstar zeréck.

Déi grouss Revanche

An och wann de Conor McGregor scheinbar eng Grëtz u Bescheidenheet dobäi krut, kann hien d'Massen nach ëmmer faszinéieren. Well elo ass fir d'UFC kloer, wat geschéie muss: d'Revanche tëschent der irescher Grande Gueule an dem Khabib Nurmagomedow. Well wéi de Russ viru Kuerzem erkläert huet, wier hien ze vill a senger Éier verletzt ginn, fir dem McGregor jee ze verzeien.

A wéi staark Animositéit och beim Conor McGregor ass, mierkt een och dorun, datt hien den Numm vum Russ net emol wollt ausschwätzen, wéi hien op d'Revanche ugeschwat gouf. Wann dee Kampf a Russland misst sinn, hätt hie kee Problem domat, seet de Conor McGregor.

An do ass hien nees, dee Charakter, deen der UFC an iwwerhaapt der MMA nei Fanne bréngt. D'Virbereedungen op dee gréisste Kampf an der Geschicht vun deem Kampfsport kënnen ufänken.