D'Plaz vum Krounebierg gouf deemools ausgewielt, well do esou gutt wéi de geographesche Mëttelpunkt vu eisem Ländleche läit. "Am Häerz vum Land, huet d'Häerz vum Vollek dech erriicht", heescht et dann och op enger Gedenktafel.
Dat éischt Fräiheetsmonument, mat der gëllener Kroun uewen drop, gouf wéinst den onséchere politesche Verhältnesser virum Zweete Weltkrich ni ageweit, an am November 1940 dunn och vun den Nazi-Okkupante komplett ofgerappt. Eréischt am Joer 1957 huet de Mierscher Gemengerot den Neibau vum Monument um Krounebierg decidéiert, dës Kéier a Form vun engem Obelisk, an et gouf zwee Joer méi spéit als "Nationalmonument vun der Onofhängegkeet" a Präsenz vun de Ministere Grégoire a Schaffner offiziell ageweit.
Haut fënnt een um Camping 137 Stellplazen mat an der Moyenne enger Gréisst vun 100 Quadratmeter an eng ganz Rei nei Mobilhomer, déi ee loune kann.
Lauschtert de Reportage vum Claude Faber: