Radioen

On air

Notturno  |  Bernice - Groove Elation

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Camping Ettelbruck

Lëtzebuerg entdecken

Camping Ettelbruck

Zu Ettelbréck gëtt den Trend bestätegt, datt ëmmer méi Lëtzebuerger hire Wee nees op Lëtzebuerger Campinge fannen. Ee vun de Grënn ass ee ganz prakteschen. Fir eis Summer-Serie "Lëtzebuerg entdecken" war de Claude Faber nofroen, ëm wat et do geet.

auto_stories

2 min

Déi sëllech Syndicats d'initiative et de tourisme uechter d'Land leeschten zanter ville Joren eng wonnerbar Aarbecht, fir net zulescht d'Attraktivitéite vun eisem Ländchen an d'Vitrinn ze stellen. Dobäi hunn dës Beméiungen dacks schonn ëm d'Joerhonnertwend ugefaangen, wéi sech op ville Plaze Verschéinerungsveräiner, och nach Sociétés d'embellissements genannt, gegrënnt hunn.

D'Nuck: E Plateau mat enger laanger Geschicht

Och zu Ettelbréck ass am Joer 1903 esou ee Veräin offiziell an d'Liewe geruff ginn, fir an éischter Linn ëffentlech Plazen, an och deemools schonn, touristesch Infrastrukturen ze verschéineren. Dorënner zum Beispill d'Wanderweeër ronderëm d'Nuck, e Plateau mat ëmmerhin enger Héicht vun 325 Meter, vun deem aus sech eng wonnerbar Vue an all Himmelsrichtunge bitt.

Den Numm Nuck soll dobäi schonn op d'Keltenzäit zeréckzeféiere sinn, an och d'Réimer sollen do eng Aart Beobachtungsposte gehat hunn, vun deem aus - bei enger Gefor - déi ganz Ëmgéigend mat engem groussen, iwwer Bierg an Dall siichtbare Feier konnt alarméiert ginn.

Seeche ronderëm d'Nuck

A wéinst dëser scho laanger Geschicht, ginn et dann och gläich e puer Seeërcher ronderëm d'Nuck. Zum Beispill solle Wiichtelcher do gelieft hunn. An och en déiwe Buer soll et do ginn, an deem eng gëlle Wo mat engem Schatz läit, bewaacht vun enger Jongfra, déi de gëllene Schlëssel vun der Këscht an hirem Mond nach ëmmer mat sech dréit.

Wann Dir Iech op d'Sich no dësem Schatz sollt maachen, kommt Dir bestëmmt och bei deem bekannten Ettelbrécker Hinnche laanscht, e Wiederfändel a Form vun engem Hunn, deen do schonn ëm d'Joerhonnertwenn op Wonsch vun den Ettelbrécker Bierger vum Ettelbrécker Verschéinerungsveräin opgeriicht gouf. Am Joer 2003, zu der Honnert-Joer-Feier vum Ettelbrécker Syndicat, respektiv vum Verschéinerungsveräin, gouf den Hinnche komplett renovéiert, an et kann een hien haut aus dem Dall eraus op der Nuck blénke gesinn.

E beléifte Camping

Um Hiwwel vis-à-vis ass den Ettelbrécker Camping dann unzetreffen. Zanter zwee Joer gëtt en elo vum Fabien Huss geréiert. E Camping, dee vun de Visiteuren haaptsächlech wéinst senger roueger Lag an der Natur, mee och wéinst senger zentraler Lag am Land gäre besicht gëtt.

Den Trend, datt ëmmer méi Lëtzebuerger vun de Campingen hei am Land Gebrauch maachen, kann de Fabien Huss bestätegen. Dat mussen net ëmmer eng oder zwou Woche sinn. Et gëtt och ganz praktesch Ursaachen dofir. Nieft deem ganz propperen a sanéierte Camping gëtt dann och nach eng gemittlech Stiffche mat enger Terrass, an eng Salle de séjour, déi een ze loune kritt.