Radioen

On air

De Moien  |  Natas Loves You - Skip Stones

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Camping Bissen

Lëtzebuerg entdecken

Camping Bissen

Un der Haaptstrooss a Richtung Esch-Sauer, kuerz virum Heischtergronn, steet e klengt Schëld mat "Chapelle octogonale" drop geschriwwen. Datt et sech dobäi ëm eng Eenzegaartegkeet hei am Land handelt, mat engem fir Lëtzebuerg historesch wichtegen Hannergrond, dat huet de Claude Faber um Wee op de Camping Bisse fir eis Summer-Serie Lëtzebuerg entdecken erausfonnt.

auto_stories

3 min

De Camping Bissen läit net zu Biisse bei Colmar-Bierg, am Heischtergronn a gëtt zanter den Ufäng an de 50er Joer vun der Famill Bissen geféiert, zielt de Marc Bissen:

"Meng Grousselteren hate scho virum Krich bei der Fabrick uewen e klenge Bauerebetrib mat engem klenge Café an engem klengen Hotel. Während dem Krich ass dat Ganzt zerstéiert ginn duerch e Feier. Nom Krich ass dat dann nei opgebaut ginn."

Dat Feier, vun deem de Marc Bissen hei erzielt, ass deemools ausgebrach, well d'Bréck, déi direkt nieft dem Hotel iwwer d'Sauer geet, am Zweete Weltkrich eng strategesch wichteg Roll gespillt huet an net nëmmen eng Kéier ënner Beschoss geroden, deels gesprengt oder zerbommt gouf. Dës Zerstéierung géif een haut als Kollateral-Schued bezeechnen.

An och wann de General Patton deemools bei senger Géigenoffensiv mat vill Fangerspëtzegefill gehandelt huet, an all d'Brécken iwwer d'Sauer ëmmer nees staark ëmkämpft waren, konnten esou Schied leider net evitéiert ginn.

"An dunn an de 50er Joren hunn déi éischt hollännesch Cliente gefrot, ob si net kéinten en Zelt ënne beim Waasser opriichten, nieft de Kéi, déi duerch d'Wiss gelaf sinn."

Iwwer d'Landesgrenze bekannt

Haut sti keng Kéi méi an de Wise laanscht d'Sauer, mee éischter Méckefëscher. Dofir ass de Camping Bissen nämlech wäit iwwer d'Landesgrenzen eraus bekannt. Eng sëlleche Wanderweeër hunn de Camping Bissen als Ausgangspunkt, schonn net wäit ewech kann een d'Tëntefaass kucke goen, wéi d'Kapell mat hirem aacht-eckege Grondrëss och nach léif genannt gëtt.

Et ass déi eenzeg aacht-eckeg Kapell hei am Land, ganz am neogotesche Stil tëschent 1849 an 1852 gebaut. Dobäi kënnt nach, datt dës Kapell der helleger Kunigunde geweit ass, der Mamm vum Graf Siegried, dee jo bekanntlech am Joer 963 de Bockfiels géint e puer Lännereien zu Feelen agetosch huet an domat als Grënner vu Lëtzebuerg gëllt.

D'Wiel vun dëser helleger Fra aus dem Lëtzebuerger Grafenhaus entsprécht dann och - historesch gesinn - dem klammende Lëtzebuerger Nationalbewosstsinn, no 1850, dat sech an engems esou op engem reliéis-kierchlechen Niveau ausgedréckt huet.

Och no der Saison interessant

De Camping Bissen ass ee vun de wéinege Campingen am Land mat enger Sauna. Mat anere Wierder, ee romantesche Wellness-Weekend an engem groussen Appartement oder an enger geraimeger Loge, mat Duebelbett, Kichen, Buedzëmmer an Toilette, bitt sech hei un. Zemools, wéi de Marc Bissen dem Claude Faber un d'Häerz geluecht huet, well elo vu September un déi meeschten auslännesch Touriste schonn nees Heem gefuer sinn, et vill méi roueg op all de Lëtzebuerger Campinge gëtt, an deemno och gären nach besser Präisser fir d'Locatiounen erauszeschloe sinn.

Um Camping Bissen gëtt sech vill Méi gemaach, fir datt all Gaascht sech an dësem Familljebetrib wuel fillt. Mee och soss setzt sech de Marc Bissen vill an, fir d'Attraktivitéit vun eisem Ländchen ëmmer nees ze verbesseren.