Radioen

On air

Notturno  |  Mary Halvorson - Night Shift

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Brexit-Day

Mäin Europa

Brexit-Day

No 47 Joer hunn d'Britten d'EU verlooss. Mee de Brexit huet en déiwe Gruef geschaf, an déi brittesch Gesellschaft bleift gedeelt. Och fir déi vill EU-Auslänner, déi a Groussbritannie liewen, huet d'Stëmmung geännert. An déi, déi wëllen do bleiwen, mussen eng nei Openthaltsgeneemegung ufroen.

auto_stories

2 min

An engem Mier vun Union Jack Fändelen an nationalistescher Volleksfest-Stëmmung koum op der Brexit Party um Parliament Square zu London dee Moment, op deen d'Brexit Supportere sou laang gewaart haten: Groussbritannien huet d'EU verlooss.

Ënnerschiddlech Reaktiounen

Fir déi eng war et e Moment vun Euphorie a Befreiung. "Et ass wonnerbar", "Endlech", vill Leit hätte 40 Joer heirop gewaart, d'Britte misste sech vun der "Diktatur" zu Bréissel näischt méi soe loossen, esou verschidde Reaktiounen.

Fir déi aner bleift de Brexit eng batter Pëll, a si sinn traureg: "Et brécht eis d'Häerz", "Et ass eng Katastroph", "Ech verléiere ganz vill", esou aner Reaktiounen den 31. Januar.

D'Land ass an zwee gespléckt

"Get Brexit Done" - war dem Premier Boris Johnson seng Mantra. Elo ass et geschitt. An um Brexit-Day sot de Boris Johnson op der Televisioun, eng nei Ära hätt ugefaangen, dat enormt Potential vu Groussbritannie géif elo fräigesat ginn.

Mee einfach wäert dat net ginn: Éier d'Verhandlunge mat der EU fir en Handelsaccord ufänken, hu béid Säite schonn deck rout Linnen an de Buedem geritzt. An de Boris Johnson ass an engem riskante Balanceakt. Engersäits muss hie säi Versprieche vun der neier Onofhängegkeet vu Groussbritannien halen - an insistéiert dofir zum Beispill, keng EU Reegelen a Standarde wëllen ze respektéieren.

Mee déi ekonomesch Konsequenzen dovun - mat potentielle Grenzkontrollen an Taxen - kéinte wéidoen. D'Realitéit, nom Erwächen aus dem Brexit-"Rule Britannia"-Dram riskéiert manner attraktiv ze gi wéi dat, wat déi brittesch Regierung versprécht.

Eng Realitéit ass och: De Brexit huet Groussbritannien an zwee gedeelt.


De Pierre Reyland war fir den 31. Januar zu London an huet de Brexit materlieft. Lauschtert säi Reportage, an Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.