Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bommelkinnigin an een Experiment mat Waasser

100,7-Klassesall

Bommelkinnigin an een Experiment mat Waasser

Wësst dir, wien de berüümtste Lëtzebuerger war? D'Julie Treff aus dem Luxembourg City Museum verréit eis dat. D'Muriel Nossem aus dem natur musée ass der éischter Bommelkinnigin fir dëst Joer begéint an de Mister Science experimentéiert haut mat Waasser a weist, wéi een domat Musek maache kann.

auto_stories

9 min

D'Schouldoheem stellt eng nei spannend Aufgab: Den Challenge vun haut dréit sech ëm d'Theemen Nohaltegkeet, Recycling, Upcycling a Kreativitéit. Jiddweree ka vun doheem mat e bësse Fantasie an Erfannergeescht matmaachen.

De Roland Meyer erzielt eis, wéi et mat eiser gemeinsamer Geschicht weidergeet. Well et sinn eng Rei Texter vun eise jonken NolauschterInnen erakomm. A ganz um Ufank presentéiert de Maurice Molitor aus der Noriichteredaktioun eng ausgewielten Noriicht - extra fir Kanner. Haut geet ëm de Sport a Corona-Zäiten.

Vill Spaass beim Lauschteren a Matmaachen!

Foto: Bigstock / thaiicedtea

Noriichten

Lauschterenplay_arrow

Wat hätt dat e flotte Summer kënne ginn: fir d'éischt d'Fussball Europameeschterschaft, an dann d'Kréinung: d'Olympesch Spiller. Dat gréisst Sports-Evenement vun der Welt. All véier Joer. Wärend 14 Deeg. Eppes ganz Extraes. Do interesséiere sech op eemol Leit fir Sport, déi soss ni Sport kucken.

A wann ee gewinnt ass Sport ze kucken, gesäit een op eemol Sportaarten, déi soss ni op der Tëlee gewise ginn. Vun deenen een (elo mol just ënner eis) deelweis guer net wousst, datt et se iwwerhaapt gëtt.

D'Olympesch Spiller sinn einfach en Highlight. Mee deen huet dee blöde Virus eis elo och nach vermasselt. Se hätten dës Kéier zu Tokio solle sinn, an der Haaptstad vu Japan. Gëschter goufe se ofgesot. Net wierklech ofgesot, mee op den nächste Summer verluecht.

D'Decisioun ass op eemol ganz séier gefall. Well ëmmer méi Leit gesot hunn: "Jongen, hey, dat gëtt näischt." Well een net weess, wéi et mam Corona ass Enn Juli, ufanks August. A well d'Sportler sech jo iwwerhaapt net anstänneg preparéiere kënnen. Déi sëtze grad esou doheem wéi dir, kënnen iwwerhaapt net trainéieren. A wie weess, wéini si dat nees kënne.

Mee den Internationalen Olympesche Comité - deen organiséiert d'Spiller ëmmer - deen huet nach e Sonndeg gesot: mir huelen eis elo nach ee Mount Zäit, an dann huele mir eng Decisioun. Mee ëmmer méi Sportler hunn ugefaange mat meckeren. Och hir Traineren. An hir Federatioune. Sou ënner dem Motto "Ma geet et?"

Ee Land, nämlech Kanada, ass richteg tockeg ginn: "Dir kënnt Är Spille roueg maachen", soten d'Kanadier, "mee vun eis kënnt da keen." Jo, a wéi du och nach déi japanesch Regierung op eemol ugefaangen huet ze zweiwelen, ob dat elo wierklech esou eng gutt Iddi wär, et awer duerchzezéien, du war d'Saach séier gehal.

Dir wësst vläicht, datt et schonn am ale Griichenland viru méi wéi 2000 Joer Olympesch Spiller gouf. Dat war natierlech e bëssen eppes anescht wéi haut, mee awer och Sport. An du war laang näischt méi esou bis 1896 déi éischt Olympesch Spiller vun der neier Zäit organiséiert goufen. Och déi sollten all véier Joer sinn, wéi bei de Griichen. Dat war d'Iddi.

Et huet dräimol net geklappt. 1916, 1940 an 1944 ... ëmmer wéinst Kricher, dem Éischten an dem Zweete Weltkrich. Elo ass et also fir d'véiert, datt de Rhythmus net kann agehale ginn. Gott sei Dank net wéinst engem Krich. A glécklecherweis just fir ee Joer. Dann hu mer also elo schonn e Grond eis op de Summer 2021 ze freeën.


Foto: Bigstock / Anna Kraynova

D'Muriel schafft fir den natur musée a schreift och gär fir d'Kannerzeitung vum natur musée, de Panewippchen. Kenns du dee Kannermagasinn? E riicht sech u Kanner tëschent sechs an 12 Joer, mee och un hir Elteren an Erzéier an u jiddwereen, dee Freed huet un der Natur. Hei fënns du vill flott Informatiounen iwwer Déieren- a Planzewelt, iwwer aktuell Ëmwelttheemen, iwwer den Universum, Bastelaarbechten, a villes méi.

Kuck och um Internetsite vum natur musée: www.mnhn.lu oder naturmusee.lu, do kënns du un den Onlinearchiv vun alle Panewippercher, net nëmmen dee leschten.

Haut erzielt iech d'Muriel, wéi et hir de leschte Méindeg am Gaart gaangen ass.

Lauschterenplay_arrow

Ech sëtzen op der Bänk am Gaart a genéissen d'Fréijoerssonn, wéi ech hanner mir ee scho bal bedreelecht Geräisch héieren. Ech dréie mech ëm an do ass se: meng éischt Bommelkinnigin fir dëst Joer: opfälleg grouss, pelzeg, pummeleg an horeg. Meng Kinnigin huet e faarwegt gesträiften Hoerkleed. Wann ech hanner dem Kapp ufänken: schwaarz, däischtergiel, schwaarz, hellgiel, schwaarz a wäiss Sträifen, dat verhalen ech mir.

Ech sichen am Bestëmmungsbuch no a fannen eraus, et ass eng Äerdbommelkinnigin, déi aus der Buedemhiel, wou si iwwerwantert huet, erwächt ass. Hongreg wéi e Wollef, ah, nee wéi eng Jongkinniginn eben, ass si op der Sich no Nektar an Pollen.

Un den éischte Fréijorsbléien wéi Ieselsfouss, Weiden, Hieselter, Abrëllsblumm fënnt si genuch fir nees Energie ze hunn. Mee onroueg ass si, ouni Rascht flitt si hin an hier, ech kréien se bal net fotograféiert. Si spiert, datt et Zäit ass en nei Plaz am Buedem ze fannen, wou si en neit Vollek grënne wëllt.

Wann s du elo emol sou wéi ech am Gaart setz, an du gesäis eng jonk Kinnigin um Buedem leien, an du mierks, datt si schwaach ass, da kanns du hir hëllefen.

Léis e wéineg Zocker a wotlechem Waasser an hal dem Déier e Läffel voll dohin.Du wäers gesinn, si suckelt dat mat hirem Rüssel op an huet nees nei Energie!

Du retts net just een eenzege Bommel, mee gläich e ganzt Vollek. An dat sinn am Summer tëschent 50 a 600 sou Brommeren.


Foto: Bigstock / photosvit

D'Experimenteleit sinn d'Michèle, Linda, Sonia, Melanie, de Jean-Paul an de Joseph, a si wäerten eis an der Zäit déi kënnt am nationale Klassesall mat Experimenter versuergen, déi een dann och kann op de gängege Kanäl wie Instagram, Tiktok asw. kucken, do ass och ee Video vum beschwaten Experiment ze gesinn.

Lauschterenplay_arrow

Den Challenge vun haut dréit sech ëm d'Theemen Nohaltegkeet, Recycling, Upcycling a Kreativitéit. Jiddweree ka vun doheem mat e bësse Fantasie an Erfannergeescht matmaachen. Méi Informatioune fannt Dir an dësem Erklärungsvideo.


Foto: Bigstock / Krakenimages.com

Gudde Moie Kanner,

Hutt der Loscht op eng nei Editioun vu "Wie sinn ech"? Haut siche mir keen Déier, an och kee fiktiivt Wiesen, mee haut siche mir e berüümte Personnage, dee wierklech gelieft huet. Sidd der prett? Lass geet et.

Lauschterenplay_arrow

Fir et mol direkt vu vir eran ze soen, hie war de bekanntste Lëtzebuerger vun der Welt. E war och de stäerkste Lëtzebuerger vun der Welt. Nee, mir sichen net de Georges Christen, mee e kann et awer duerchaus mat ëm ophuelen. Deen, dee mir sichen, ass e gutt Stéck méi al wéi de Georges, e gouf nämlech am leschte Joerhonnert gebuer, méi genee 1868 zu Mondorf. Firwat kann ee soen, datt en de stäerkste Mann vun der Welt war? A senge beschten Zäiten konnt en Neel verbéien, just mat sengen Hänn. E konnt och Huffeisen zerdrécken, oder souguer zwee Päerd mat hire Reider ophiewen!

Ok, komm mir léisen op: Mir sichen de Jean Grün, besser bekannt als John Grün. Vläicht kennt der en ënner sengem Kënschtlernumm: Herkül Grün.

Den John ass wéi gesot virun méi wéi 100 Joer op d'Welt komm. Mat 21 Joer huet hien decidéiert an Amerika auszewanderen, fir do Karriär ze maachen. An Amerika huet hien en anere Muskelmann kennegeléiert, den Alexander Marx, an zesumme si si ënnert dem Numm "The two Marks" an Amerika op Tournée gaangen. Mat 24 Joer, a jo, an deem Alter huet den John schonn als stäerkste Mann vun der Welt gegollt, koum hien zeréck op Lëtzebuerg. Hien huet sech mat der belscher Kënschtlerin zesummegedoen. Dat huet awer net all ze laang gedauert, an dono huet hien seng Show eleng gemaach.

Ee vu senge spektakuläersten Optrëtter hat den John 1897 op der Lëtzebuerger Schueberfouer: Hien huet e Karussell mat eelef Leit e puer Minutten opgehuewen an am Gläichgewiicht gehalen.

Well awer souguer de stäerkste Mann vun der Welt net ëmmer staark ka sinn, konnt de John säi Beruff iergendwann net méi maachen. Hien huet dunn en Hotel zu London geféiert. 1912 ass den John un de Suitte vun engem Hiereschlag mat nëmme 44 Joer zu Ettelbréck gestuerwen.

Haut erënneren eng ganz Partie Saachen un den deemolege stäerkste Mann vun der Welt. Zu Munneref (Mondorf) gouf eng ganz Strooss no him benannt. Ausserdeem gouf schonn 1920 en Denkmal fir hien opgeriicht. U sengem Gebuertshaus hänkt eng Gedenktafel a fir säi 100. Doudesdag gouf och nach eng nei Skulptur opgeriicht, déi un dësen exzeptionelle Mënsch soll erënneren. An eiser aktueller Ausstellung am Lëtzebuerg City Museum, "Ons Schueberfouer", gitt dir nach vill aner Saachen iwwer den Herkül Grün an d'Schueberfouer am Allgemenge gewuer. Leider ass et eis jo awer am Moment net méiglech an de Musée ze goen, mee ech kann iech hei e klengen Tipp ginn: Wann der op eise Internetsite www.citymuseum.lu gitt, kënnt der déi ganz Ausstellung am 3D kucken. Dat heescht dir huelt Iech einfach gemittlech äre Computer a mat esou vill Zäit, wéi der wëllt, gitt der duerch d'Ausstellung an entdeckt dës wonnerbar Welt vun der Fouer. Vill Spaass!


Manner Dreck, méi Zweck

https://schouldoheem.lu/lu/news/challenges/2020-03/25032020-manner-dreck-mei-zweck-challenge


Foto: Bigstock / Mercigod

De Roland Meyer erzielt eis, wéi et mat eiser gemeinsamer Geschicht weidergeet. Well et koumen eng Rei Texter vun eise jonken NolauschterInnen eran. Muer geet et mat eiser Geschicht weider.