Radioen

On air

Notturno  |  Tom Skinner - The Journey

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bofferdeng a Battin vum Faass - Wat ass Skopus?

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Bofferdeng a Battin vum Faass - Wat ass Skopus?

Méideitegkeeten an der Lëtzebuerger Sprooch: e Skopus vum Adverb bezitt sech ëmmer op dat Element bezitt, dat direkt hannendru steet. Dat kann awer zu Ambiguitéite féieren.

auto_stories

3 min

Caroline Döhmer: Haut fänken ech mat engem klenge Räätsel un.

Simon Larosche: Ok, gutt. Mir si prett.

Zenario: Et ass waarm, du sëtz op der Terrass vun engem Restaurant an du frees de Serveur nom Béier, dee se hunn.

Okay, gudden Zenario!

Lo gëtt et linguistesch. Hie seet: Mir hu Bofferdeng a Battin vum Faass.

Hei meng Fro: Bofferdeng a Battin vum Faass. De Battin ass vum Faass, awer ass de Bofferdeng och vum Faass oder aus der Fläsch?

Ech géif soen, déi zwee wiere vum Faass

Dass dëse Saz ambigu ass, hänkt domat zesummen, datt mer net wëssen, ob den "vum Fass" och fir dat gëllt, wat virum "an" steet, also och fir déi aner Béierzort. Also sinn et zwou Béierzorte vum Faass oder eng Zort aus der Fläsch an eng vum Faass.

A wéi nennt sech dat?

Wann et drëm geet, wourop een Element am Saz sech bezitt, dann nennt een dat Skopus. Also Skopus ass esou eppes wéi e grammatesche Radius.

E schéint Beispill fir Skopus ass och de Gebrauch vum Adverb "just".

Wéi mengs de dat?

Ech ginn der elo mol en einfache Saz: Ech hunn dech gär.

A jee nodeem wou ech elo de "just" abauen, heescht de Saz eppes aneres.

  • Just ech hunn dech gär. (de "just" wierkt hei op den "ech", ech aleng)
  • Ech hu just dech gär. ("just" dech, soss keen)
  • Ech hunn dech just gär. (hei bezitt dech de "just" op d'Verb "gär hunn")

Hei gesäit een, datt de Skopus vum Adverb sech ëmmer op dat Element bezitt, dat direkt hannendru steet. Et ass deemno ëmmer en anert Element, fir dat de "just" gëllt. An doduerch gëtt d'Bedeitung vun der Ausso verännert. An dëse Sätz sollt een also gutt oppassen, wou een de "just" histellt.

Mee beim "just" ass et awer ëmmer kloer, wou de Skopus da läit, also direkt hannendrun.

Ganz genee. De Fall mam Béier vum Faass war net esou evident. Ech hätt nach en anert méideitegt Beispill.

Stell der dës Schlagzeil vir: An deem Land goufen als éischt eeler Männer a Frae geimpft.

Lo meng Fro: Goufen all d'Frae geimpft oder just déi eeler Fraen?

Gutt Fro.

Déi Méideitegkeet entsteet, well och hei net kloer ass, ob de Skopus vum Adjektiv "eeler" och nach fir d'Frae gëllt, wann ech soen: eeler Männer a Fraen. Hei geet et drëm, datt ee meeschtens dat verbënnt, wat no beienee steet. Mee och mat der Betounung kann een e bësse spillen, also wéi eng Sazdeeler matenee verbonne ginn:

eeler Männer (.) a Fraen / eeler (.) Männer a Fraen.

Mee dat ass net ëmmer ganz eendeiteg.

A wat kann ee maachen, fir där Zweedeitegkeet bewosst aus dem Wee ze goen?

Du kéints an dësem Fall d'Adjektiv widderhuelen, dann ass et eendeiteg, fir wéi ee Wuert et gëllt: eeler Männer an eeler Fraen. Oder wann all d'Frae gemengt sinn, dann: eeler Männer an all d'Fraen. Do gëtt da kloer, wourop sech den "eeler" bezitt a wourop net. De Skopus ass esou méi däitlech ageschränkt an net méi ambigu.