Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bleift doheem

Prisma

Bleift doheem

Zanter ronn engem Mount heescht et "Bleift doheem" an haalt Iech un d'Consignë vun der Regierung! De Gros vun de Leit respektéiert dat och bis elo, well et geet jo dorëms de Coronavirus zesummen ze bekämpfen an och déi vulnerabelst Persounen ze schützen. D'Wuel vun der Allgemengheet an den Zesummenhalt stinn un éischter Plaz. Mee wéi wäit ass de Mënsch bereet, op seng individuell Fräiheeten an op verschidden demokratesch Grondrechter ze verzichten? A wéini kënnt de Moment, wou de Mënsch "Stopp" seet, an et och vläicht un der Zäit ass fir "Stopp" ze soen? Iwwerleeunge vum Pascale Worré.

auto_stories

6 min

Net de Moment fir kritescht Denken?

A mengem leschte Prisma sinn ech der Fro nogaangen, wat fir eis am Liewen alles sou selbstverständlech ass, a wéi séier dat Selbstverständlechst kann op eemol onméiglech ginn, wéi elo aktuell an Zäite vum Coronavirus. Ee Punkt war dobäi eis individuell Fräiheet, dorënner besonnesch eis Beweegungsfräiheet.

Haut wëll ech an deem Zesummenhang op eng weider Selbstverständlechkeet agoen. Nämlech op déi Selbstverständlechkeet, mat där de Mënsch bereet ass, op gewësse Grondrechter a Fräiheeten, déi eng demokratesch Gesellschaft auszeechnen, ze verzichten. Wat fir Bedéngungen an Argumenter bréngen de Mënsch dozou, dëse Verzicht, natierlech fräiwëlleg, ze vollzéien? Wéi laang ass en dozou bereet? An vu wéi engem Punkt u seet e "Stopp" an ass d'Grenz erreecht?

Mir halen eis drun, ouni vill ze hannerfroen

Mir befannen eis am Krisenzoustand - an domat och an engem Ausnamezoustand - bedéngt duerch eng Pandemie, dat heescht méi konkret, mir schwätze vun enger sanitärer Kris respektiv Gesondheetskris. Wat do am Mëttelpunkt steet, ass d'Gesondheet. Souwuel déi eege wéi déi vun all de Bierger, ob jonk oder al, räich oder aarm, mat oder ouni Virerkrankung oder Handicap. An och gëllt et, e Kollaps vum Gesondheetssystem ze evitéieren, wat natierlech am Sënn vun der ganzer Gesellschaft ass.

Den nationalen Zesummenhalt, d'Protegéiere vun de Vulnerabelsten, hei virun allem op gesondheetlechem Niveau ze verstoen, komme virun den individuelle Fräiheeten a Besoinen. Sou gëtt dat zumindest emol vermëttelt an och vum Gros vun de Leit ugeholl an ëmgesat. D'Iddien, déi dohannert stiechen, nämlech eiser all Gesondheet an d'Bekämpfe vun enger grousser Menace fir d'Mënschheet, kléngen absolut plausibel a maachen och Sënn. An ausserdeem, et ass jo just fir eng bestëmmten Zäit an am Interêt vun eis all. Also hale mer eis drun. Ouni vill ze hannerfroen. Well dat ass elo net dat, wat d'Gesellschaft brauch. Et soll een dach einfach "verstänneg" sinn.

Kritesch bleiwen

Mee kann een, op der anerer Säit, net soen, datt grad a kritesche Momenter, wéi eben och de Krisenzoustand een ass, een dat, wat ronderëm ee geschitt, matgedeelt an decidéiert gëtt, soll mat engem gewëssene kriteschen A analyséieren?

Huele mer als aktuellt Beispill d'Corona-Noutstandsgesetz an Ungarn, dat international staark kritiséiert gëtt, well et, de Kritiker no, eng Partie demokratesch Grondprinzippien an de Rechtsstaat mat Féiss trëtt. "Lock-down" op onbegrenzten Zäit a Vollmuecht fir de Ministerpresident Viktor Orbán - wat bedeit, datt d'Muecht vum Parlament ausser Kraaft gesat gouf, d'Oppositioun ausgeschalt ass, an zudeem d'Journaliste mat Fräiheetsstrofen ze rechnen hunn, am Fall wou si Falschnoriichte verbreeden.

Mee net nëmmen am Fall vun Ungarn komme kritesch Stëmmen op. Sou warnt de fréiere President vum Bundesverfassungsgeriicht, den Hans-Jürgen Papier, virun enger "Erosion des Rechtsstaats", am Fall wou déi Agrëff an d'Fräiheeten an d'Aschränkungen ze laang unhalen. Hie fuerdert, datt d'Regierung ëmmer erëm misst iwwerpréiwen, ob d'Mesuren net kënne gelackert oder opgehuewe ginn.

Et stelle sech vill Froen

Heimat soll awer lo a kenger Hisiicht eng Aart Verschwörung vun der Regierung oder d'Ustriewe vun enger Elengherrschaft ugedeit ginn. Well Fakt ass, mir sinn an engem Ausnamezoustand, an deem d'Regierung muss handelen, an zwar am Sënn vun all senge Bierger. An dofir mussen och gewëssen Decisioune getraff ginn, déi eis individuell Fräiheete staark aschränken, an dat ass fir eis ongewinnt, nei a friem. An dat sécherlech och fir d'Politiker, déi dës Decisiounen zesummen hu missen huelen.

D'Fro, déi sech awer stellt, ass, wat den Ëmgang mat der Kris an de Mesurë mat der Gesellschaft, d'Regierung inclus, mécht a wat fir eng Dynamik sech doraus entwéckelt. Den Appell, doheem ze bleiwen an d'Haus just ze verloossen, wann et noutwendeg ass, beinhalt eng ganz Rei vu weidere Froen an Auswierkungen.

Sou kann ee sech froen, wie jugéiert respektiv dierf a ka jugéieren, wat noutwendeg ass a wat een dann doropshin däerf a wat net. Oder wat "Loisirs" ass a wat net. Oder wat an den Noriichte gesot gëtt a wat net. Respektiv wéi Journalismus bedriwwe gëtt a wéi net. Wou läit do d'Grenz? Wéi wäit dierfen déi Aschränkunge vun den demokratesche Grondprinzippie goen?

D'Roll vum Journalismus

Als konkret Beispill heifir kann een déi aktuell Situatioun vum Journalismus nennen. Et ass natierlech novollzéibar, datt an dësen Zäite ganz gutt muss opgepasst ginn, wéi wat an de Medien un de Grand public kommunizéiert gëtt, dëst eben haaptsächlech fir keng onnéideg Panik ze verbreeden an d'Ausbreedung vu Falschnoriichten ze vermeiden. Mee ass eng total Kontroll vun den Informatiounen an d'Verweigerung vum Zougrëff op bestëmmten Informatioune wierklech gesond fir e liberale Rechtsstaat - och wann et wärend enger sanitärer Kris ass?

An dësem Kontext ass et och vläicht wichteg ze iwwerleeën, wat iwwerhaapt gemengt ass mat "kritesch denken" an "hannerfroen". Dacks gëtt dat nämlech gläich gestallt mat "d'Regierung respektiv d'Mesurë vun der Regierung kritiséieren" oder och alt emol mat "meckeren". Doduerch entsteet awer gär esou eng Aart, nenne mer et, Denken an zwee Lager.

An zwar hu mer op där enger Säit déi, déi voll hanner de Mesurë stinn an zesummenhale fir d'Wuel vun der Gesellschaft, an déi och mol d'Police ruffen, wa si gesinn, datt Leit sech net drun halen.

An op där anerer Säit stinn déi, déi d'Regierung kritiséieren, sech net un d'Mesuren halen, d'Situatioun net eescht huelen an d'Gesellschaft domat a Gefor bréngen. Esou e Schwaarz-Wäiss-Denke kann awer ganz séier eng ongesond Dynamik kréien.

Säin eegene Verstand benotzen

Säin Ëmfeld an d'Faite ronderëm ee mat engem gewëssene kriteschen A analyséieren, sech en eegent Bild maachen a seng Aschätzung oder Meenung ausdrécken, heescht net automatesch, datt ee sech géint d'Regierung an d'Mesurë stellt, an och net, datt een net wëllt zesummenhalen oder den Eescht vun der Situatioun erofspillt. Et ass e wesentleche Krittär, deen zu enger demokratescher Gesellschaft gehéiert an e Rechtsstaat ausmécht. D'Geschicht huet eis ëmmer erëm gewisen, wat fir schlëmm Konsequenzen et kann hunn, wann een ophält, kritesch ze denken.

Ech kéint elo nach eng ganz Partie aner Beräicher, déi besonnesch vun dëser Kris betraff sinn, souwéi vill aner Mënschen, déi een op déi eng oder aner Manéier als vulnerabel ka bezeechnen, uschwätzen, mee ech muss elo esou lues zum Schluss kommen.

Dës Kris léisst ganz vill Ängschten an Onsécherheeten op alle Säiten aus, a mir wënschen eis all, esou séier wéi méiglech eist séchert an normaalt Liewen zeréck. All d'Hoffnunge leien op der Regierung, déi hiert Bescht och bestëmmt mécht fir eis all esou gutt wéi méiglech duerch d'Kris ze bréngen.

An awer, soll et wierklech fir eis esou selbstverständlech sinn, esou séier op d'Grondwäerter vun enger demokratescher Gesellschaft mat all de Rechter a Fräiheeten ze verzichten? An dat, ouni sech, fir mam Immanuel Kant ze schwätzen, de Courage ze hunn, säi Verstand ouni Leedung vun engem aneren ze benotzen?