Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bléck op de Summer an doriwwer eraus

Reen a Bou

Bléck op de Summer an doriwwer eraus

De meteorologesche Summer ass zanter dem 1. Juni amgaang, de kalendaresche geet den 20. Juni un. Wéi kéint dëse Summer de Laangzäitmodeller no ausfalen? A wéi d'Méint duerno? De Philippe Ernzer kuckt haut méi wäit an Zukunft.

auto_stories

4 min

Foto: Bigstock / Old Man Stocker

Fir ze kucken, wéi de Summer a Punkto Temperaturen an Nidderschléi verlafe kéint, huele mir erëm den amerikanesche Laangzäitmodell CFS (Climate Forecast System) a kucken, wat dësen dann am Moment esou fir déi nächst Méint berechent. De 27. Mäerz hate mir fir d'lescht op d'Berechnunge vun dësem Modell gekuckt - an opgrond vu senger net all ze schlechter Trefferquot zéie mir en och dës Kéier erëm u Land.

Fir d'éischt fänke mir mat den Temperaturen un, duerno huele mir d'Nidderschléi ënner d'Lupp.

D'Temperaturen

Ugefaange mam Juni, an deem d'Duerchschnëttstemperatur zu Lëtzebuerg bei 15,9 Grad läit. Kënnen déi dëst Joer nach iwwertraff ginn, obwuel de Juni bis ewell net all ze waarm war? Dem CFS-Modell no schonn. Dëse berechent eng Anomalie vun tëschent 0,5 an 1 Grad - heescht also: dësem Modell no kann d'Duerchschnëttstemperatur vum Juni 2020 ëm 0,5 bis 1 Grad iwwer déi 15,9 Grad erausschéissen.

Och wann dëst also iwwerduerchschnëttlech héijen Temperaturen entsprécht, heescht dat net, datt mir et stänneg mat ze héije Wäerter ze dinn hunn. Et ass ebe just eng Moyenne, soudatt et dertëschent och weiderhin där méi killer Phase wäert ginn. Dëst gëllt net nëmme fir de Juni, mee och fir d'Beispiller vun den nächste Méint.

Och de Juli soll de Berechnunge no liicht ze waarm ausfalen. An de leschte Méint ass d'Anomalie zwar nach däitlech méi héich gerechent ginn, de Moment huet sech dat Ganzt awer bei erëm 0,5 bis 1 Grad iwwer dem Duerchschnëtt agependelt. An engem Juli läit déi duerchschnëttlech Temperatur zu Lëtzebuerg bei 18,2 Grad.

Den August ass de leschte meteorologesche Summermount, wou zwar ëmmer nach héichsummerlech Temperaturen an Hëtztwelle méiglech sinn, mee d'Duerchschnëttstemperatur schonn erëm esou lues zeréckgeet. Duerchschnëttlech hu mer et am August mat enger Temperatur vun 18,2 Grad ze dinn - ongeféier dat, wat och den amerikanesche Laangzäitmodell dëst Joer op eis duerkomme gesäit. Et ass also deem no mat engem temperaturtechnesch normalen August ze rechnen.

Den Nidderschlag

Dat selwecht maache mir elo och mat den Nidderschléi - an op eng potenziell Dréchent bezu gesäit et de Moment guer net esou markant aus. Anescht wéi virun e puer Méint nach vun de Laangzäitmodeller berechent, soll de Juni nawell gutt naass ausfalen. Normalerweis reent et an engem Juni 79,9 l/m². Dem amerikaneschen CFS- Modell no sollen awer duerchschnëttlech gesinn tëschent 0,6 a 0,8 l/m² den Dag méi fale wéi am Normalfall. Hëlt een déi bis ewell gemoossen Donnéeë vum Mount Juni, da kéint sech dëst als plausibel erausstellen.

De Juli soll dann erëm e Stéck méi normal ausfalen. Normalerweis reent et dëse Mount 71 l/m², bezunn op d'Referenzperiod vun 1981 bis 2010 - baséierend op den Donnéeën, déi um Findel gemooss goufen. Kuckt een dann elo op d'Estimatioune fir dëse Mount, da sollte mir och bei ongeféier dësem Duerchschnëttswäert erauskommen. Et ass mat kenger markanter positiver oder negativer Anomalie ze rechnen.

Net nëmme wat d'Temperaturen ugeegt soll den August normal ginn, mee och reentechnesch. Bei enger duerchschnëttlecher Reenzomm vu 75,4 l/m² rechent de Laangzäitmodell ëmmer nach mat kenger all ze grousser Differenz. D'Anomalie läit tëschent -0,2 a 0,2 l/m², an ass also méi oder manner neutral a ganz normal fir d'Joreszäit.

Iwwer den August eraus gekuckt wäerte mir et, Stand aktuell, mat net all ze groussen Differenzen géintiwwer der Moyenne ze dinn hunn. Am September soll et duerchschnëttlech vill reenen - dëse Wäert läit bei 76,3 l/m². A Punkto Temperature soll et mat enger positiver Anomalie vun 0,5 bis 1 Grad liicht ze waarm ginn. D'Temperaturmoyenne vun engem Septembermount zu Lëtzebuerg läit bei 13,9 Grad.

Am Hierscht

Am Oktober soll et dann erëm liicht ze naass kënne ginn, dat mat duerchschnëttlech ongeféier 0,2 bis 0,4 l/m² den Dag ze vill. Dem Modell no soll et och wat d'Temperaturen ugeet erëm bëssen ze waarm ginn, dat ëm 0,5 bis 1 Grad iwwer der Moyenne, déi bei 9,5 Grad läit.

Am November kéinten d'Zuelen erëm duerchschnëttlech ausfalen, éier den Dezember erëm e Stéck ze naass ausfale kéint. Wat d'Temperature betrëfft, gëtt de Moment eng positiv Anomalie vu bis zu 2 Grad berechent, wat och am Dezember esou méiglech ass.

Wéi awer scho gesot, handelt et sech bei alle genannte Berechnungswäerter a Parameteren ëm Estimatiounen an net ëm Prognosen. Well den amerikaneschen CFS an de leschte Méint a Joren awer net esou schlecht louch, kann een en och dëst Joer als klengen Orientatiounspunkt ugesinn. Kënnt et dann tatsächlech esou wéi berechent, da sollt dëse Summer méi naass an net grad esou waarm wéi de leschte Summer ginn - op d'mannst wat Mëtteleuropa an déi duerchschnëttlech Wäerter betrëfft. Dëst heescht awer net, datt et tëschenduerch keng gréisser Hëtztwelle mat iwwerduerchschnëttlechen Temperature ka ginn, an och de Ree fir eng Zäit éischter d'Nieweroll spille kann. No engem "Joerhonnertsummer" oder "wäermste Summer bis ewell" gesäit et de Moment net aus. Och d'Berechnunge fir d'Méint nom August sollt een nach net all ze eescht huele, well et nach immens laang bis dohin ass.