Et ass iech de Moien ze séier gaangen? Hei ass nach emol dem Kyra aus der Villa Vauban säi Bilddiktat. Dir braucht e Blat an e Bläistëft an natierlech Faarwen, fir et herno och faarweg ze molen.
Mir sinn esou gespaant, wat dir elo op äre Blieder hutt. Schéckt eis är Zeechnungen eran!
Iwwermuer, en Donneschdeg, publizéiere mer dat richtegt Bild op eiser Säit an och är Zeechnunge komme mat drop.
Schéckt eis Är Biller op klassesall@100komma7.lu oder direkt iwwer WhatsApp op 621 44 00 44