Den 100,7-Klassesall Biberen, ee Rätsel an eng Lavaluucht
Et geet weider am 100,7-Klassesall. Och haut hu mer vill verschidden Theeme fir iech Kanner prett. Mir kréie vu Biberen erzielt, et gëtt ee Rätsel, mir bastelen eng Lavaluucht a kréie Geschichte gelies.
News fir Kids - Ausgangsspär
Ee Mount setze mer elo schonn doheem: Et ass keng Schoul, vill Eltere ginn net schaffen - an et kennt mol kee Fussball op der Tëlee, well och do sinn d'Matcher ofgesot. Et ginn awer esou lues Zeechen, datt mer geschwënn nees méi eraus däerfen! Wéi eng dat sinn, erkläert de Rick Mertens aus der Noriichteredaktioun.
Dem Biber op der Spuer
Ginn et Biberen zu Lëtzebuerg? Wéi erkennt een um Bam, datt de Biber deen ëmgehaen huet? Dat a villes méi iwwer de Biber verréit eis de Claude Heidt aus dem natur musée.
Wie sinn ech? - E Rätsel aus dem Luxembourg City Museum
D'Julie Treff aus dem Luxembourg City Museum huet erëm e klengt Rätsel fir eis. Haut ass et de Mattis, deen dem Julie hëlleft. Also gutt nolauschteren.
![]()
Mer bastelen eng Lavaluucht
Är Elteren, léif Kanner, wësse bestëmmt, wat eng Lavaluucht ass. An et géif mech och net wonneren, wann deen een oder anere vun ären Elteren net eng doheem hat, wéi si jonk, an ärem Alter waren. Eng Lavaluucht ass eng Luucht, déi, wa se bis waarm gëtt, sech faarweg Boulen dra beweegen.
De Mister Science, de Joseph Rodesch, erkläert eis, wéi een esou eng Luucht baut. Virun allem braucht dir dofir Waasser, en hellen Ueleg an Tënt oder Liewensmëttelfaarf. De Rescht weess de Mister Science, an de Video dozou fannt dir op science.lu
Tania Hermann liest aus "Cassis" vum Francis Kirps
"Ein Hund namens Cassis" ass d'Geschicht vum Francis Kirps, déi mer déi lescht Woch héieren hunn. Kënnt dir iech nach erënneren? Den Tom sollt fir seng Mamm Cassis-Sirup kafe goen, fir datt si Kir Royal ka maachen, mee um Heemwee ass hien engem béisen ale Mann begéint, dee säin Hond geschloen huet.
Den Tom huet do de Cassis géint den Hond getosch an dëse mat heem geholl. Enges Daags begéinen den Tom a säin Hond, deen elo Cassis heescht, deem ale Mann an den Hond muss sech decidéieren, wien hien als säi Meeschter ugesäit. Mir lauschteren d'Geschicht weider, gezielt vun der Tania Hermann.
Mir schreiwen zesummen e Buch
Am leschte Kapitel hat de Roland Meyer eis mat engem komesche Mëttelalter-IT-Girl bekannt gemaach, dat mat enger wonnerbarer waarmer Fraestëmm seet: "Gudde Moien. Ech sinn d'Melusina."
Haut liese mer dat aacht Kapitel.