Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bëlleg Ananas - héije Präis fir d'Ëmwelt?

Plantagen a Costa Rica

Bëlleg Ananas - héije Präis fir d'Ëmwelt?

Costa Rica ass dee gréissten Ananasproduzent op der Welt. D'Produktioun vu konventionellen Ananas fuerdert den Asaz vu ville Pestiziden, déi d'Grondwaasser verknaschten. Dat steet am Kontrast zur Produktioun vun nohaltege Liewensmëttel an dem doucen Tourismus - esou also, wéi d'Land tëscht Nord- a Südamerika sech gär géif opstellen.

auto_stories

7 min

Eng 50.700 Quadratkilometer grouss lieweg Vulkanlandschaft, ëmgi vum atlanteschen a pazifeschen Ozean. Doheem vu ronn fënnef Prozent vum weltwäiten Aarteräichtum, dorënner dem elektresch-bloe Päiperlek, dem Morpho. 894 registréiert Villerchersaarten - eng dovunner ass de Quetzal mat sengem laange greng-bloe Schwanz a sengem roude Bauch.

Costa Rica faszinéiert Naturfrënn duerch seng immens divers Flora a Fauna. Och fir de Marc Olivella Llado, dee virun eelef Joer aus Spuenien a Costa Rica ausgewandert ass, ass d'Land eng Plaz, déi hie mat den Déieren deele kann.

"Et vergeet keen Dag, op deem een net vun der Natur impressionnéiert ass," seet de Besëtzer vum Slow Food Restaurant Pura Gula, deen op der Karibikküst lieft a schafft.

Mä Costa Rica huet och mat den Erausfuerderunge vun der Globaliséierung ze kämpfen.

Groussen Deel fir de Marché an Europa

Déi sougenannte Schwäiz vu Mëttelamerika deckt mat senger Ananas-Produktioun ronn 66 Prozent vun der Nofro um Weltmarché of. 2014 huet Costa Rica 2,9 Milliounen Tonnen Ananas produzéiert. E groussen Deel dovunner fir de Marché an Europa.

D'Catalina Torres schafft zanter 30 Joer am Tourismus a bedreift den "Hostel del Mar" zu Golfito

Am Duerchschnëtt kascht eng Ananas an de Lëtzebuerger Supermarcheeën ëm 2,30 Euro, an den Discounter nach manner. Ee vill méi héije Präis bezuelen dogéint d'Aarbechter, déi Dag fir Dag op den Ananasplantagë schaffen. Besonnesch den Asaz vu Pestizide mécht si krank, seet d'Catalina Torres. Si bedreift den "Hostel del Mar" zu Golfito an engagéiert sech och fir de Schutz vun der Natur.

"Op natierlech Aart a Weis produzéiert eng Ananas eng Fruucht pro Joer. Op de Plantagë forcéiere si d'Planzen, zwou Friichte pro Joer ze ginn. A si benotze vill Chemikalien."

Et si virun allem Leit aus Nicaragua, déi op de Felder schaffen. Si verdéngen a Costa Rica méi wéi an hirem Heemechtsland. D'Duerchschnëttsakommes an Nicaragua läit bei ëm déi 2.000 Euro d'Joer. A Costa Rica, wou et e Mindestloun gëtt, verdéngen d'Aarbechter ëm déi 8000 Euro d'Joer. Wat am Verglach zu den héije Liewenskäschten ëmmer nach net vill ass.

Kontaminéiert Grondwaasser fir d'Awunner

Net nëmmen d'Aarbechter ginn duerch den Asaz vu Pestizide krank. Och d'Grondwaasser vu ville Gemenge ronderëm d'Plantagë gëtt verknascht. An enger Etude vun Oxfam aus dem Joer 2016 heescht et, datt d'Camione mussen an d'Géigende fueren, fir d'Leit ronderëm d'Ananasplantagë mat propperem Waasser ze versuergen.

Den Tankcamion, deen déi Gemenge mat Waasser versuergt, deenen hiert Grondwaasser souwisou scho verseucht ass, kéim nach ëmmer. Dat schreift d'Franziska Humbert, Referentin fir Wirtschaft a Mënscherechter bei Oxfam Däitschland an der Etude "Süsse Früchte - Bittere Wahrheit". Grouss Entreprisen, déi Reklamm mat Nohaltegkeet maachen, géinge Chemikalien an Drénkwaasserreservoirë leeden, ouni dat ze verstoppen. "Dës Firme bezuelen de Betraffene keng Entschiedegungen a si bauen och keng Kläranlagen. Si bezuelen hir Employéen net anstänneg a si respektéieren d'Aarbechtszäite vum Personal net", heescht et an der Etude.

E weidere Problem ass de Landverbrauch vun der Ananas-Produktioun, seet d'Catalina Torres, déi op der Pazifikküst wunnt. Kleng Bauere kéinte mat der riseger Produktioun net méi mathalen an hir Kanner wéilten net méi an der Landwirtschaft schaffen.

"Et ass en Däiwelskrees. Vill Leit hei hu schéi Grondstécker, mä hir Kanner wëlle se net iwwerhuelen. Si plënneren an d'Stied a wëllen eppes anescht maachen. Duerch d'Fehle vun de Suen oder de Kenntnisser, en Eco-Tourismus-Projet ze lancéieren, sinn d'Eltere gezwongen, hir Grondstécker ze verkafen."

Beruffer an der Informatik oder Technologie schwätzen déi jonk Costa-Ricaner am meeschten un, seet d'Catalina Torres. Et wier de Wonsch vun enger gudder Partie vun der jonker Generatioun, fir séier vill Suen ze verdéngen an net laangfristeg eppes Eegenes opzebauen, sou wéi dat déi eeler Generatioune gemaacht hätten.

Eng Plaz, wou ëmmer gekämpft gouf

Op der Karibikküst, do wou de Marc Olivella Llado wunnt, gesäit et ähnlech aus. Duerch déi vill AirBnB-Haiser, déi hei verlount ginn, ginn d'Awunner lues a lues vun der Plaz verdriwwen. Si kënnen net méi do wunnen, wou si schaffen. Eng Parti vun hinne plënnert dann an de Central Valley. "An der Haaptstad San Joséa siche si sech eng Aarbecht als Beroder oder a Callcenteren", erkläert de Marc Olivella Llado. D'Awunner hätte sech och laang dogéint gewiert, dat grouss Entreprisë sech zu Puerto Viejo néierloossen.

"Hei gouf ëmmer gekämpft. D'Leit hei hunn et fäerdeg bruecht, datt grouss Pëtrolsprojeten net realiséiert goufen. Och de geplangten Hafen zu Puerto Viejo gouf net gebaut. Mä elo kënnt ganz vill Geld heihinner an ech mengen, schlussendlech decidéiere si sech fir d'Suen."

An der Stad Limon gëtt momentan e groussen Hafe gebaut. Dëse soll och mat deem a Panama verbonne ginn, esou de Marc Olivella Llado. D'Awunner rechnen domat, datt vill méi Camionen op deene Stroosse wäerten fueren, déi elo fir e puer Autoen a Veloe reservéiert sinn.

De Marc Olivella Llado wëll mat sengem Slow Food Restaurant "Pura Gula" en Zeeche géint Massekonsum setzen

Mä trotzdem wier d'Playa Chiquita op der Karibikküst ëmmer nach dat, wisou de Marc Olivella Llado virun eelef Joer a Costa Rica komm ass. Wann hie säi Kajak hëlt an eraus op d'Mier fiert, da gesäit hien zu der Küst hin nëmme Gréngs a Plage. Mä et géif een och déi kleng Verännerunge mierken: Hien hätt elo viru sengem Restaurant eng laang wäiss Mauer, déi ni do war. D'Plaz géing sech lues a lues veränneren.

"Mir hu selwer vill zerstéiert"

De Süden a Costa Rica ass am Allgemenge méi rau wéi den Norden. Dat kéint vill grouss Entreprisen ofschrecken, hei Business ze maachen, hofft de Marc Olivella Llado. Anerersäits kéint hien och déi jonk Generatioun verstoen, déi d'Verännerung wëllt an d'Méiglechkeete wëllt hunn, do wou si grouss ginn, sinn ze schaffen.

"Si denken, datt déi grouss Investitiounen hinne positiv Verännerunge bréngen. Mä mir Europäer an Nordamerikaner wëssen, datt dat net esou ass. Et ass net un eis hinnen dat ze soen. Well do wou mir hierkommen, hu mir selwer vill zerstéiert." D'Costa Ricaner hätten d'Recht, hir eegen Erfahrungen ze maachen, well selwer hätt een net déi moralesch Kompetenz, hinne Saachen ze verbidden.

Ma et gëtt och déi aner Säit, sou d'Catalina Torres, déi zënter ronn 30 Joer an der Tourismus-Branche schafft. D'Visiteure komme grad heihinner, well si d'Beméiunge vu Costa Rica am Erhalt vun der Biodiversitéit an dem Eko-Tourismus schätzen, seet d'Costa Ricanerin.

"Den Tourismus ass méi zum Eko-Tourismus ginn. 25 Prozent vu ganz Costa Rica ass protegéiert Land, entweder Nationalparken oder Refugen."

D'Costa-Ricanerin huet fir en Éisträicher geschafft, deen op der Osa Hallefinsel am Süde vu Costa Rica den Eko-Park, de Piedras Blancas opgebaut huet. Mat hirem Patron ass d'Catalina Torres och an Europa gereest. D'Schéinheet vum Kontinent op der anerer Säit vum Atlantik ënnerscheet sech staark vu Costa Rica. Hei wier alles e bësse manner perfekt, wéi an Europa.

Pura Vida ass de Motto vun de Costa Ricaner: Alles hei ass voller Liewen

Alles ass voller Liewen: Pura Vida

"Déi Onperfektioun vu Costa Rica mécht eis anescht. Vläicht ass dat de Grond, wisou mir als eent vun deene glécklechste Vëlker op der Welt bezeechent ginn. Et ass och d'Wieder, dat matspillt an natierlech och d'Natur. Mir hunn do keen Afloss drop a grad dat mécht eis vläicht méi relax."

Relax an am Aklang mat der Natur liewen, dat ass et, wat d'Costa Ricaner ausmécht. Ganz no hirem landeswäite Motto Pura Vida. Alles a Costa Rica ass voller Liewen, seet d'Catalina Torres.