Radioen

On air

Notturno  |  The Soft Pink Truth - Wanna Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Auswierkunge vum Klima zu Lëtzebuerg

Ëmwelt

Auswierkunge vum Klima zu Lëtzebuerg

Dëst Joer ass Europa, virun allem am Fréijoer, vun enger staarker Hëtzt betraff. Gläichzäiteg gëtt awer och d'Héichwaasser uechter Europa an och zu Lëtzebuerg ëmmer méi onberechenbar. Muss ee sech un esou extrem Wiederkonditiounen an Zukunft gewinnen?

auto_stories

5 min

Wiederextremer gehéieren zum Klima dozou, seet de Laurent Pfister, Fuerscher am Luxembourg Institute of Science and Technology. Dowéinst wier et schwéier ze soen, ob déi staark Hëtzt an d'Iwwerschwemmunge vun deene leschte Jore Beweiser wieren, datt sech d'Wieder elo ëmmer méi an déi Richtung beweegt.

"Et muss een awer och soen, datt dat, wat den Ament geschitt, ëmmer méi an déi Richtung geet."

Modelléierungen, déi an deene leschte Jore gemaach goufen, géingen drop hiweisen, datt Europa elo ëmmer méi heefeg mat esou Wiederkonditioune konfrontéiert géif ginn. Et bräicht een awer och e gewësse Recul vun op d'mannst zéng Joer, fir kloer ze soen, wéi sech d'Wieder wäert entwéckelen, seet de Laurent Pfister.

Verschibung vum Néierschlag

De LIST an d'Fuerscher an der Hydrologie, also an der Léier vum Waasser, maachen allerdéngs keng Wiederprevisiounen an och keng Projektiounen an d'Zukunft. "Mir hunn dat an der Vergaangenheet schonn emol gemaach, mä dat ass extrem opwänneg. Souwuel déi Berechnungen, déi mir an der Vergaangenheet gemaach hunn, wéi och déi vu Kollegen aus aneren Instituter weisen drop hin, datt et eng Verschibung vum Néierschlag gëtt."

Am Wanter géing et zum Beispill manner reenen, wéi am Summer. "Dat wëll awer net heeschen, datt et keng Iwwerschwemmungen am Summer kënne ginn. Well eben och d'Intensitéit vun deene Wiederkonditioune wäert zouhuelen." De Laurent Pfister geet dovunner aus, datt een an Zukunft méi heefeg esou Extremer wäert erliewen.

Ënnerschiddlech lokal Wiederkonditiounen

Dëst Joer waren d'Wiederkonditiounen lokal extrem ënnerschiddlech. Esou Episoden, wéi am Fréijoer an am Summer, wieren awer ganz typesch. Am Wanter géing een allerdéngs eppes anescht observéieren.

"Dat si ganz grouss Fronten. Dacks gëtt dat souguer eng Famill vu Fronte genannt, déi dann iwwer Wochen ewech iwwer ganz Europa zéien an honnerte vu Kilometer laang sinn."

Bei sougenannte "konvektive" Wiederlagen, déi méi lokal wieren, géif d'Loft méi onstabil ginn. "Do kann et zu ganz héije Wollekebildunge kommen, ënnert deenen et extrem staark reent."

Et wier allerdéngs schwiereg dës Wiederkonditioune virauszegesinn. Genee kéint een net soen, wou sech déi Wolleke géife bilden a wéi si wäerten ausfalen. "Onkloer ass och, wou esou eng Héichwaasserwell erauskënnt."

Buedem konnt de Reen net ophuelen

D'lescht Joer goufen et zum Beispill zu Iernzen an an der Fiels staark Iwwerschwemmungen, déi ganz vill matgerappt a futti gemaach hunn. Deemools hat de Jean-Paul Lickes, Direkter vum Waasserwirtschaftsamt gesot, datt de Problem och op d'Landwirtschaft zréckzeféiere wier. De Laurent Pfister gesäit de Problem doran, datt virun allem den Akerbuedem ëmmer méi verdicht géif ginn. Dowéinst kéint manner Waasser vum Buedem opgeholl ginn.

"Ech géif soen, dat wat lescht Joer geschitt ass, war wierklech en extrem intensiivt Ereegnes. Mir sinn ëmmer nach am gaangen déi Prozesser z'ënnersichen, d'Enquete ass ëmmer nach net ganz ofgeschloss."

Et wier schwiereg konkret ze soen, wéi eng Prozesser deemools dominéiert hätten, esou de Fuerscher Laurent Pfister. D'Intensitéit vum Reen, deen deemools gefall war, wier aussergewéinlech gewiescht. "D'Intensitéit vum Reen war méi grouss, wéi d'Infiltratiouns-Kapassitéit vum Buedem. Jee nodeem wéi e Buedemtyp a wéi eng Landnotzung een huet, kann een dat entweder verstäerken oder ofschwächen."

Verschidden Aktivitéite kéinten dozou bäidroen, datt déi Infiltratiouns-Kapassitéit reduzéiert géif ginn, seet de Fuerscher. D'Landwirtschaft huet awer net nëmmen een Impakt op de Waasserspigel, mä och op d'Waasserqualitéit. Hei gëtt haaptsächlech Dünger erëmfonnt, wéi Piff oder chemesch Nährstoffer, wéi och Pestiziden.

Aktiounsplang Pestiziden

De LIST bedeelegt sech bei der Ausschaffung vum Aktiounsplang Pestiziden, an deem si Informatiounen iwwer d'Waasser weiderginn. "Déi kënnen da fir déi Leit nëtzlech sinn, déi konkret Mesuren erstellen." D'Fuerscher maache fir d'éischt eng Bestandsopnam, fir erauszefannen, wat vu Pestiziden am Waasser nogewise ka ginn. "Mir interesséieren eis och fir den Alter vum Waasser."

Donieft ënnersichen d'Fuerscher, wéi laang eng Waassermoleküll ënnerwee ass vun deem Ament un, wou si als Néierschlag op de Buedem opschléit an dono an enger Quell, enger Baach oder engem Floss erëm zum Virschäi kënnt.

"Jee méi laang dat Waasser ënnerwee ass, desto méi problematesch gëtt et, wann déi Kontaminéierungen esou e Waasserkierper treffen. Duerch eng Openthaltszäit vun 20, 30 oder méi Joren ass d'Wahrscheinlechkeet grouss, datt déi Verschmotzung do genee esou laang ënnerwee ass."

D'Fuerscher géingen dru schaffen, fir d'Waasser besser ze verstoen, seet de Laurent Pfister.

Kontaminéierungen am Waasser

E Wierkstoff wéi den Atrazin, en Herbizid deen am Maisubau gebraucht gëtt, gëtt ëmmer nach an de Quellen nogewisen. Mä déi Kontaminéierungen, déi d'Fuerscher um Niveau vun de Quelle feststellen, wier extrem variabel, esou de Laurent Pfister. Dacks kéint een duerch eng héich Konzentratioun relativ einfach erausfannen, wou déi Kontaminéierungen hierkommen. Esou Quelle mat enger héijer Konzentratioun géingen awer net un d'Drénkwaasserversuergungsnetz kommen.

"Ganz dacks ass et awer och esou, datt déi Konzentratiounen esou schwaach sinn, datt mir eis scho bal um Niveau vun der 'Limite de détection' beweegen. De Problem ass awer och den Zäitraum bannent deem een deene Produiten ausgesat ass."

Vill vun deene Moleküllen am Waasser géinge sech zersetzen oder zersat ginn. Dat wéilt awer net heeschen, datt déi Produite manner geféierlech wieren, esou de Laurent Pfister. "Mä et huet ee se net onbedéngt um Schierm. Awer dat wëllt net heeschen, datt si net do sinn. Dat ass och eppes, wat elo ëmmer méi Consideratioun fënnt an all deenen Etüden a Moossnamen, déi ergraff ginn."

Heterogen Geologie

All d'Miessungen, déi d'Fuerscher vum LIST maachen, si flächendeckend opgebaut. "Mir hunn u sech, europawäit gesinn, ee vun deenen dichtegste Miessnetzer. Dat gëllt fir de quantitativen, wéi och fir de qualitative Waasserzyklus. Mir hunn hei zu Lëtzebuerg d'Chance, awer och d'Schwieregkeet, datt mir eng extrem heterogen Geologie hunn. Mir hu Sandsteen, Schifer, Mergel an nach aner Gestengszorten. Déi hunn all aner Proprietéiten."

Domat hänken och d'Openthaltszäiten vum Waasser zesummen a wéi d'Waasser fléisst.