Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Anger Fest Vol. 4

Musek

Anger Fest Vol. 4

D'Kulturfabrik zu Esch organiséiert zesumme mat der Metal-Formatioun Scarlet Anger den Anger Fest. Bei der véierter Editioun, geet awer net nëmmen ëm d'Musek, mee och ëm de gudden Zweck.

auto_stories

2 min

Genau wéi elo bei er véierten Editioun, huet een och scho bei de viregten eppes fir déi gutt Saach gemaach, seet de Vince Niclou vu Scarlet Anger.

"Bis elo hu mer all Joer fir en anere gudden Zweck gesammelt. Dës Joer ass d'Kulturfabrik mat der Iddi komm, fir Spillsaachen ze sammelen, déi dann un SOS Kannerduerf vu Miersch gespent ginn."

Dat heescht et huet ee beim Anger Fest de Choix, entweder en Entrées-Ticket ze kafe fir eran ze kommen oder als Alternativ eng Spillsaach matzebréngen. Am Prinzip sollten déi nei sinn, seet de Vince Niclou, am Sënn vu der Kreeslafwirtschaft, géif een awer och neiwäerteg Spillsaachen akzeptéieren. Et soll e einfach eppes sinn, un deem d'Kanner Spaass hunn.

Den Anger Fest geet dëst Joer an seng véierten Editioun an de Vince Niclou kuckt nach emol op d'Ufäng vum Festival zréck.

"Mir wollten eigentlech schonn ëmmer eisen eegene klenge Festival organiséieren. An dat bescht ass et da natierlech, dat mat engem gudden Zweck ze verbannen. Dann hu mir Spaass drun, mir an déi aner lokal Bands maachen dat jo och gratis an et gëtt engem e gutt Gefill, och eng Spend ze maachen."

Nieft der gudder Saach, geet et beim Anger Fest awer och ëm d'Musek. Mat derbäi sinn déi Lëtzebuerger Metal-Formatiounen, Parity, Kraton, Desdemonia a Scarlet Anger. Aus der Belsch kommen Ardenne Heavy bis an d'Kulturfabrik an den Headliner si Legion of the Dammed aus Holland.