Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Waxahatchee - Bored

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ An den Zäite vun der Cholera

Zäithistoriker

An den Zäite vun der Cholera

No den napoleonesche Kricher huet eng Phas vu Globaliséierung d'Verbreedung vun enger Krankheet aus Asie favoriséiert, d'Cholera. Déi déidlechst Epidemie war déi, déi an de Joren 1865 an 1866 bal zwee Prozent vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung ëmbruecht huet.

auto_stories

6 min

Den Zäithistoriker Vincent Artuso. Foto: Archiv

An engem Sënn huet Lëtzebuerg d'Mëttelalter am nonzéngte Joerhonnert verlooss. Eng Serie vu Revolutiounen hunn deemools d'Land a politescher, edukativer, ekonomescher, mee och a sanitärer Hisiicht verwandelt a moderniséiert. D'Cholera-Epidemien, déi Lëtzebuerg bis an den 1860er Joren ausgestanen huet, illustréieren deen Iwwergang.

Déi Krankheet, déi aus Asien koum, huet sech no den napoleonesche Kricher, an enger Phas vun acceleréierter Globaliséierung bis an Europa verbreet, wou se bis dohin onbekannt war. Si war besonnesch ustiechend an déidlech. Déi schlëmmst Epidemie zu Lëtzebuerg huet, tëschent dem Summer 1865 an dem November 1866, bal zwee Prozent vun der Bevëlkerung d'Liewe kascht. Déi immens Erausfuerderung huet d'Gesellschaft déif markéiert, de Niddergang vun der aler Welt beschleunegt an d'Moderniséierung virugedriwwen.

Eng Epidemie aus Asien eruewert d'Welt

D'Cholera-Ausbréch zu Lëtzebuerg sinn duerch verschidde Quellen an den Archive vun de Gemengen a vun der Regierung bekannt, awer och duerch d'Berichter vun Dokteren, zum Beispill d'statistesch Iwwersiicht vum Jean Théodore Wurth iwwer d'Epidemie vun 1832 oder d'Rapporte vum Pierre Schmitt a vum Jean-Baptiste Bivort iwwer déi vun 1865-66. Mat deene Quellen huet sech virun allem de Biolog a Wëssenschafthistoriker Jos Massard auserneegesat, op deem seng Wierker e groussen Deel vun dëser Chronik baséiert.

D'Cholera ass eng bakteriell Infektiounskrankheet. Si verursaacht en extremen Duerchfall oder e staarkt Erbriechen, déi zu enger geféierlecher Deshydratatioun féieren. Onbehandelt ass d'Cholera an 20 bis 70 Prozent vun de Fäll déidlech. Seng Symptomer ginn zanter Joerhonnerten am indeschen Subkontinent observéiert. D'Krankheet war awer ausserhalb vun Indien onbekannt, bis et am Ufank vum 19. Joerhonnert zu der éischter Pandemie, dat heescht zu der éischter weltiwwergräifender Epidemie koum.

Besser, méi séier a méi sécher Reesweeër hunn d'Progressioun vun der Krankheet erméiglecht. Am Joer 1817 huet se sech iwwer Asie bis an Ostafrika verbreet. 1828 war se am Ural ukomm. Am Abrëll 1830 goufen déi éischt Fäll zu Moskau entdeckt an am August 1831 zu Berlin. Vun den däitschen a baltesche Küsten aus huet d'Cholera dann, am Februar 1832, London erreecht. Am Mäerz war se zu Paräis.

D'Cholera befält Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg goufen déi éischt Fäll am Juni 1832 entdeckt. D'Krankheet huet am Land 400 Affer gemaach. Nei Ausbréch an de Joren 1849 an 1854 hunn erëm Honnerte vu Leit d'Liewe kascht. Déi bei Wäitem schlëmmst Epidemie war awer déi, déi vum Summer 1865 bis November 1866 geraumt huet. 8 bis 10.000 Leit sinn deemools ugestach ginn, 3.500 si gestuerwen, also 1,8 Prozent vun der deemoleger Populatioun.

Am Fréijoer 1866 hat d'Epidemie en éischten Héichpunkt erreecht. Honnerte ware schonn an der Stad, souwéi ëm Dikrech an Iechternach gestuerwen. Eng verängschtegt, desorientéiert a gréisstendeels hëlleflos Bevëlkerung ass der Relioun zougelaf; huet bei den ale Peschthelleger no Schutz gesicht a selbstverständlech och bei der Muttergottes vu Lëtzebuerg, der Tréischterin am Leed.

Am Joer 1866 sollt deen 200. Gebuertsdag vum Choix vun der Muttergottes als Schutzpatréinerin vun der Stad Lëtzebuerg gefeiert ginn, wat als e besonnesch positiivt Zeechen gedeit gouf. Vum 24. Juni bis zum 2. Juli, sinn Dausende vu Pilger aus dem ganzen Land - eleng 4.000 aus dem Süden - an d'Stad gestréimt fir un de Festlechkeeten deelzehuelen. Dat war e fatale Feeler. D'Koagulatioun vu Gleewegen huet der Krankheet en neie Schwong ginn a huet sech iwwer d'ganzt Land verbreet, wou d'Wull sech opgeléist hat.

Medieval Zoustänn

Verschidde Facteuren hunn d'Verbreedung vun der Epidemie vereinfacht, d'Promiskuitéit natierlech, wärend dem Jubiläum vum Summer 1866, mee och an den iwwerfëllten a schlecht isoléierte Wunnengen. De Sënn fir Hygiène war och zimmlech rudimentär, souguer an de Uewerschicht. D'Baronin de Gail huet dat Jore spéider an hire Memoiren esou erzielt:

"Badete man in Luxemburg? Nun ja, ich glaube, dass die alten Luxemburger mit dem Dreck starben, der ihnen schon als Säugling anhaftete! Es gab schon eine Badeanstalt in Pfaffenthal oder in Grund, aber so primitiv, dass man zögerte, ein kurzes Bad in der Alzette zu nehmen, die zu dieser Zeit nach der Durchquerung der Vororte eine Kloake war [...]. Selbst die tägliche Toilette war recht fragwürdig. Man kannte keine eigenen Kübel und Kannen. Man hatte einen Wasserkrug, der einen Liter Wasser enthielt, sowie eine Schüssel. Das Zimmermädchen leerte zweimal am Tag das schmutzige Wasser, das war alles. So wurde es in allen Häusern gehandhabt, man wusste es nicht besser."

An de Stroossen hunn och daierlech an eigentlech nach medieval Zoustänn geherrscht; hei sinn Dreck an Exkrementer entsuergt ginn. Sténkeg Pullen a Mëschtkloaken hunn d'Stadbild dominéiert an d'Drénkwaasser kontaminéiert.

Wat och net gehollef huet, ass datt den Ausléiser vun der Krankheet onbekannt war. Fir de Bëschof war d'Cholera eng Bestrofung fir d'Drénksucht, d'Onmoossegkeet a fir dat exklusiv materiellt Denke vun der Zäit. Déi meescht Leit hunn awer op eng Theorie aus dem Altertum zeréckgegraff, an an de Miasmen, engem mephistopheleschen Donst, deen d'Atmosphär verschmotzt huet, d'Ursaach vum Iwwel gesinn. Déi Handvoll Observateuren, déi un der Spëtzt vun der Recherchë waren, wéi den Dokter Bivort vun Hollerech, hunn engem Parasit, zum Beispill engem Champignon, d'méiglech Originn vun der Krankheet zougeschriwwen.

En embryonäre Gesondheetssystem

Bei deem Wëssensstand ass et net verwonnerlech, datt Mesuren aus dem Mëttelalter applizéiert goufen: Quarantän an Ofspärung vun de Grenzen. Anerersäits goufen awer och déi éischt hygienesch Moossnamen imposéiert. D'Gemengen, an deenen Sanitätskommissounen gegrënnt gi waren, waren an éischter Linn aktiv. D'Zentralregierung huet hirersäits versicht duerch Ronnschreiwen a Veruerdnungen d'Aktioune géint d'Verbreedung vun der Epidemie ze zentraliséieren an ze koordinéieren.

D'Land huet deemools och iwwer en embryonäre Gesondheetssystem verfüügt, deen op d'Veruerdnung vum 12. Oktober 1841 berout huet. D'héijer Instanz an der Medizinalverwaltung war d'Regierung. Si huet dem Collège medical, dee vun engem Conseiller medical supérieur presidéiert gouf, d'Opsiicht an d'Leedung vum Gesondheetsdéngscht iwwerlooss. Dee Collège médical huet d'Aktivitéit vun den Dokteren am Land superviséiert. Et waren der deemools 39, also am Duerchschnëtt 1 fir 5.222 Awunner. Hir Verdeelung war awer net homogen. Am Kanton Esch war zum Beispill just een Dokter aktiv.

Zu dëser Zäit gouf et kee Sozialsytem, keng Assurance maladie. Trotzdeem huet d'Regierung och do versicht eng Form vun nationaler Solidaritéit ze organiséieren. Si huet en Zentral-Hilfsausschuss gegrënnt, deen am ganze Land Suen agesammelt huet fir d'Behandlung vun deenen Äermste bezuelen ze kënnen. Fir eng gerecht Verdeelung vun de Suen ze garantéieren, huet den Hilfsausschuss d'Gemenge Statistike gefrot iwwer d'Zuel vun den Onbemëttelten, déi erkrankt oder gestuerwen waren.

D'Gebuert vum sanitäre Staat

D'Epidemie vun 1865-66 ass déi lescht, déi Lëtzebuerg getraff huet. Wéi d'Cholera an de Joren 1884 an 1892 erëm duerch Europa gezunn ass, ass d'Land verschount bliwwen. D'Krankheet hat d'Gesellschaft verännert, hat hir d'Wichtegkeet vun der privater an ëffentlecher Hygiène bäibruecht, dozou bäigedroen d'Gewunnechten an Stadbild ze moderniséieren. Kierfechter a Schluechthäiser si verluecht oder nei gebaut ginn, d'Stroosse goufe pavéiert a mat Kullangen ekipéiert, Toiletten a Kanalisatioune sinn installéiert ginn. D'Stad Lëtzebuerg huet am Oktober 1866 seng éischt Waasserleitung inauguréiert. 1883 huet de Robert Koch dann och d'Bakterie vun der Cholera definitiv identifizéiert an isoléiert.

D'Cholera-Epidemien hu Lëtzebuerg an enger Iwwergangsphas getraff an hu se beschleunegt. De Staat krut zum Beispill nei Missiounen imposéiert. D'Noutwendegkeet iwwer de ganzen Territoire koordinéiert a solidaresch Moossnamen ze verhänken, hu seng Entwécklung zum Nationalstaat favoriséiert. En huet och eng nei Legitimatioun fonnt, duerch seng Capacitéit sanitär Katastrophen ze antizipéieren an ze bändegen. De Fortschrëtt huet Gott ofgeléist an de Staat gouf zu sengem Agent.

Eis Bereetschaft un en ze gleewen hänkt vu senger Fäegkeet of, eis virun der Krankheet ze schützen. Kee Wonner, datt modern Staaten esou panikéieren, soubal eng sanitär Katastroph dreet ausser Kontroll ze geroden.