Aus den Archiven Am Irgärtchen

Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. D'Mobilitéit war ëmmer erëm Theema um radio 100,7, ënner anerem an der Serie "Am Irgärtchen" vun 2003 an 2004. E Bléck an d'Archiven.

lum / cbi

Alen Tram.jpg
Den alen Tram an der Stad Lëtzebuerg. Foto: CC BY-SA 3.0 WikiCommons / Legrand

Wouhier kënnt den Drang fir stänneg a Beweegung ze sinn? Wat ass et, wat de Mënsch zanter jeehier permanent dreift? Hin an Hier. Kräiz a queer. Illimitéiert Mobilitéit vu Mënsch a Gidder ass haut ee vun den wichtegste Piliere vun eisem ekonomeschen, sozialen an awer och gesellschaftleche System. Ouni Mobilitéit géif dat Ganzt wéi e Kaartespill zesummefalen.

An der éischter Emissioun vun der Serie steet de Begrëff Mobilitéit a seng historesch Entwécklung am Mëttelpunkt.

Déi éischt Episod lauschteren


Wann zu Lëtzebuerg iwwer Mobilitéit geschwat gëtt, da gëtt meeschtens un Automobilitéit geduecht. Duerch joerzéngtelaang autosgerecht Planung läit déi Iwwerleeung och praktesch op der Hand. Wéi huet sech de Reseau am Laf vun de Joren entwéckelt a wéi soll et virugoen? Kënnen nei Stroossen déi ëmmer méi grouss Demande u Mobilitéit iwwerhaapt nach erfëllen?

Stousse mer, wat den Individualverkéier ugeet, net un eis iewescht Grenzen? Dréie mer net am Irgäertche ronderëm? Wéi ass et da mat der Entwécklung vun den Infrastrukture fir aner Transport- a Mobilitéitsméiglechkeeten? Sinn an Zukunft net d'Urbaniste méi gefuerdert wéi d'Verkéiersplaner?

Dat si Froen op déi de Jacques Kapp probéiert ze beäntwerten.

Déi zweet Episod lauschteren


Wie lues geet, kënnt och un d'Zil. Dat ass de Leitmotiv vun där eelster Manéier fir sech ze deplacéieren, nämlech zu Fouss. Sech per pedes beweegen ass an eiser séierer Zäit vläicht net méi aktuell, an dach ginn et Persounen, déi hir Mobilitéit gréissten deels via Goen, Marschéieren, Trëppelen, Trieden oder Spadséieren assuréieren.

Jiddwereen ass praktesch alldeeglech Foussgänger a wann et och nëmmen ass fir bei säin Auto ze goen. Zu Fouss goen ass e wichtege Bestanddeel vun der Mobilitéi,t och wa bei der Planung vu Verkéierskonzepter deen Aspekt meeschtens ze kuerz kënnt.

De Jacques Kapp beliicht Vir- an Nodeeler vum Foussgänger aus verschiddene Bléckwénkelen.

Zu Wuert kommen ënner anerem medezinesch Spezialisten, fervent Marcheuren, Verkéiersexperten a Persounen, déi grouss Reesen zu Fouss maachen.

Déi drëtt Episod lauschteren


Vëlosfuerer ginn nach ëmmer an eiser autosgerechter Gesellschaft als Stoussnéckel behandelt. Wuel kréien d'Pedaleuren ëmmer méi Vëlospisten a - weeër amenagéiert, mee dat spillt sech praktesch alles an der Fräizäit of. De Vëlo als hondsgewéinlecht Transportmëttel gëtt vun offizieller Säit awer nach ëmmer net eescht geholl.

An dach ass de Cyclist absënns am Stadberäich op Distanze bis zu siwe Kilometer dat séierst Transportmëttel. Donieft ass Vëlofueren awer och en aussergewéinleche Moyen fir säin not Ëmfeld an och esouguer déi grouss wäit Welt ze entdecken. Eenzeler bréngen et esouguer fäerdeg fir hiert Brout mat Pedalléieren ze verdéngen.

Vëlofuere kann een also aus verschiddene Bléckwénkele beliichten, an dat mécht de Jacques Kapp och an dëser Emissioun.

Déi véiert Episod lauschteren


De 5. September 1964 goung d'Ära vum Stater Tram, déi 1875 mam Päerdstram ugefaangen hat, op en Enn. An den 30er Joren hat de Stater Tramsreseau eng Längt vun iwwer 37 Kilometer an ass praktesch an all Quartiere gefuer. Bis zu 14 Millioune Passagéier si pro Joer mam attraktive Verkéiersmëttel transportéiert ginn.

Mee an de 50er Joren, wéi den Auto lues awer sécher d'Stroossen eruewert huet, huet den Tram misse Plaz maachen. D'Beggener Linn war déi lescht, déi a Betrib war. Et war och e Gefier vun der Linn 10, dat de 5. September 1964 en definitive Schlussstréch ënner d'Geschicht vum populären Transportmëttel an der Stad gezunn huet.

32 Joer méi spéit hunn Verkéierstechniker entdeckt, datt autosgerecht Planung an eng Sakgaass geféiert huet a mat de Conclusioune vun der Luxtraffic-Etüd gouf den Tram nees aus dem Schapp gezunn. De Projet BTB gouf op d'Schinne gesat.

An der Emissioun beliicht de Jacques Kapp verschidden Aspekter vum Verkéiers- an Transportmëttel Tram.

Et gëtt zeréckgebliedert an e Bléck an d'Zukunft vum Schinnegefier riskéiert. Zu Wuert komme Verkéierspezialisten, Soziologen, Historiker an awer och Persounen, déi nach mam alen Tram matten duerch d'Stad zirkuléiert sinn.

Déi fënneft Episod lauschteren


Keng Erfindung huet déi alldeeglech Gewunnechte vum Mënsch esou beaflosst wéi den Auto. Keng Erfindung huet dat direkt Ëmfeld vum Mënsch esou verännert. Dat individuellt Transportmëttel par Excellence huet dem 20. Joerhonnert säi Stempel opgedréckt.

Duerch autosgerecht Planung goufe Stied, Uertschaften, Dierfer a Landschaften fundamental ëmstrukturéiert. Mee am Laf vun de leschte Jore krut den Auto eng Partie Schréipsen a säi blénkege Lack gekraazt. Nieft positive ginn och ëmmer méi negativ Aspekter vum Auto ervirgehuewen. Accidenter, Ëmweltschied, Energieverbrauch, dat sinn ënner anerem Schlagwierder, déi den Image vum Kinnek Auto beschiedegen.

Trotzdeem brauch een net ze fäerten, datt dat motoriséiert Gefier déi nächst Dekaden zolidd un Attraktivitéit verléiere wäert. Ze wichteg ass seng Roll a säi Status an eiser Gesellschaft. Mee wat ass dann eigentlech esou faszinant um Auto?

Dat ass ënner anerem eng vun de Froen, op déi de Jacques Kapp probéiert ze beäntweren.

Zu Wuert kënnt e Vertrieder vum Automobilclub, nieft de Meenunge vu Psychologen a Philosophen. Mat engem Verkéiersingenieur ginn déi technesch Aspekter beliicht a gëtt duerch d'Geschicht vum Auto zu Lëtzebuerg gebliedert.

Déi sechst Episod lauschteren


Praktesch jiddwereen iergert sech iwwer déi vill Camionen op eise Stroossen, mee quasi jiddwereen ass selwer mat responsabel fir dee massive Camionsverkéier. Sushien aus Japan, Blummen aus Holland, Fësch aus dem Mëttelmier. Alles dat an nach villes méi gehéiert an Tëschenzäit zu eisen alldeegleche Konsumgewunnechten.

D'Globaliséierung, mat der fräier Zirkulatioun vu Wueren, huet weltwäit eng enorm Transportlawin un d'Rulle bruecht, déi permanent nach weider wiisst. Lëtzebuerg bleift natierlech net vun dësem Phenomeen verschount. De Wuerentransport iwwer eis Stroossen an Autobunnen huet sech bannen zéng Joer méi wéi verduebelt a mat de Fligere vun der Cargolux ginn haut véier Mol méi Wueren transportéiert wéi nach virun 12 Joer.

Wat den Transport iwwer d'Waasser, also d'Musel, ugeet, sinn d'Chiffere stabel a bei der nationaler Eisebunnsgesellschaft weisen d'Zuelen esouguer no ënnen.

De Jacques Kapp analyséiert mat Gespréichspartner déi verschidden Transportméiglechkeeten a beliicht am Detail d'Zukunftsperspektiven vun den eenzele Secteuren.

Déi siwent Episod lauschteren


Viru genee 40 Joer gouf mat der Kanalisatioun vun der Musel d'Ära vum Wuerentransport via de Waasserwee offiziell zu Lëtzebuerg agelaut. De Projet war duerch d'Zesummenaarbecht tëschent Frankräich, Däitschland a Lëtzebuerg méiglech ginn.

Ee Joer méi spéit, 1965, ass de Mäerterter Hafen operationell ginn. De Grand-Duché hat dunn déi néideg Infrastruktur, fir eng kompetitiv Banneschëfffart. Virun allem awer huet d'Kanaliséierung vun der Musel der nationaler Stolindustrie en neie Verkéierswee zu den Häfe vum Nordmier opgemaach.

Wuel huet den Tonnage vu Stolproduiten, déi mat Schëffer transportéiert ginn, déi lescht Zäit drastesch ofgeholl, mee trotzdeem ginn all Joers zu Mäertert ca annerhallef Millioun Tonne Wueren a Gidder of- an opgelueden.

De Merterter Hafen ass eng Statioun "Am Irgäertchen" wou den Transport via d'Waasser am Mëttelpunkt steet. En aneren Aspekt dee beliicht gëtt, ass d'Liewen op de Schëffer, déi iwwer d'Kanäl duerch ganz Europa fueren. Et gëtt och de Waassertourismus vum Jacques Kapp ënner d'Lupp geholl.

Déi aacht Episod lauschteren


Et ass all Joers de selwechte Phenomeen: knapps ass d'Schoul eriwwer, scho gëtt quasi ganz Europa vum Reesféiwer gepaakt. Vakanzenzäit ass Migratiounszäit. A risegen Träpp, sou wéi Zuchvullen, zitt et Wuelstandsbierger an all Wandrichtungen. Nëmmen déi Mannste resistéieren deem chronesche Reesvirus. De Jacques Kapp geet dem summerleche Mobilitéitsdrang op d'Spuer.

Wat beweegt den Homo sapiens, fir sech wärend der Vakanz sou vill wéi nëmme méiglech ze beweegen? Wat dreift haislech Bierger, fir sech wärend Woche fräiwëlleg Stau, Stress, Chaos, Nepp an Ierger unzedinn? Wouhinner zitt et d'Lëtzebuerger dann am heefegsten? Ass et méi interessant kollektiv, wéi individuell ze reesen?

Zu Wuert kommen ë. a. Philosophen, Soziologen a Reesorganisateuren.

Déi néngt Episod lauschteren

Méi zum Thema

Patrick Goldschmidt
Mobilitéit

Den 13. Mee gëtt ugefaangen, d'Tramsschinnen tëschent der Paräisser Plaz an der Gare verluecht ze ginn. Den Tram gëtt bei de Leit ëmmer méi beléift, seet de Stater Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt.

Marc Wengler
Ëffentlechen Transport

Mam Akaf vun neiem Zuchmaterial an Investissementer an de Reseau vu véier Milliarden Euro misst d'CFL à même sinn, all Joer dräi bis fënnef Prozent méi Leit ze transportéieren, seet de Marc Wengler.

Lydie Polfer
Mobilitéit

D'Stater Buergermeeschtesch geet dovun aus, datt d'Zuel vun de Passagéier zouhëlt, wann den ëffentlechen Transport gratis gëtt. D'Gratuitéit géif d'Leit "net kaal loossen", seet d'Lydie Polfer.

Reparaturen am neien Tramschapp
Réckbléck

Den Tram huet an engem Joer bal 4,6 Millioune Passagéier transportéiert. Haut fueren am Duerchschnëtt 23.000 Leit pro Dag mam Tram, seet den André Von der Marck, Generaldirekter vun der Bedreiwergesellschaft Luxtram.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen