Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "All Psychos ass wéi en Hummer op de Kapp"

Drogen a Mënschen

"All Psychos ass wéi en Hummer op de Kapp"

20 bis 25 Prozent vun der Gesellschaft leiden ënnert enger psychescher Krankheet. Dat ass ongeféier eng vu 4 Persounen. Zu de psychesche Krankheete gehéieren och Psychosen, bei deenen d'Patienten Halluzinatiounen oder Delire kënnen erliewen a sech zeréck zéien.

auto_stories

8 min

Psychose kënnen, mussen awer net duerch de Konsum vun Drogen ausgeléist ginn. Wann awer dach, da spillen an der Reegel psychotrop Substanze, wéi Alkohol oder Cannabis eng Roll.

Drogen hunn d'Krankheet warscheinlech declenchéiert

Esou wéi bei der Martine hirer Schwëster. D'Martine, déi eigentlech anescht heescht, huet decidéiert iwwert déi psychesch Stéierung vun hirer Schwëster an d'Auswierkungen op d'Familljeliewe schwätzen. Ugefaangen hätt alles an engem Summer viru 25 Joer.

"No der Vakanz ass hatt mat deem falschen Typ zesumme komm, deen Alkohol gedronk huet an och Droge consomméiert huet. Vun do un ass dat Ganzt e bëssen ausser Kontroll geroden, awer net a Bezuch op d'Drogen, mee am Bezuch op seng psychesch Krankheet. Et huet warscheinlech seng Krankheet declenchéiert."

Hir Krankheet: eng schizoaffektive Psychos. Mee dat war laang net kloer, nach bis virun engem Joer hätt keen iwwert dës Diagnose geschwat. Der Martine hir Schwëster huet haut 42 Joer. Mat 17 wier si eng éischte Kéier an d'Klinik komm. Deen Owend selwer respektiv den Dag duerno wier si an der Klinik ënnersicht ginn an a hirem Blutt wieren och chemesch Substanze festgestallt ginn.

"Den Dokter selwer huet eis wierklech beluecht, datt hatt iergendwellech Substanze kritt huet oder selwer geholl huet. Bis haut weess hatt näischt dovunner."

Mat 17 Joer huet der Martine hir Schwëster also eng éischte Kéier eng Psychose kritt. An hirem Fall schwätzt vun enger drogeninduzéierter Psychos.

Wéi entsteet eng Psychos?

Et ënnerscheed een dobäi ënnert dräi verschiddene Fäll, erkläert den Dr. Jean-Marc Cloos, medezinesche Spezialist an der Psychiatrie mat Zousazausbildung an der Suchttherapie an zënter dräi Joer medezineschen Direkter vun den Hopitaux Robert Schuman.

"Dat eent ass eng psychotesch Stéierung oder e Patient mat enger psychotescher Stéierung, deen iergendwann ufänkt, Drogen ze huelen. Deen huet jo da schonn eng psychotesch Stéierung gehat an déi Drogen, déi en hëlt, hëlt en aus engem bestëmmte Grond: Automedicatioun oder fir sech e gewësse Pleséier ze ginn oder well e mengt et wier besser, ewéi seng Medikamenter."

An dësem éischte Fall huet allerdéngs net d'Substanz d'Psychos ausgeléist, mee do hat d'Persoun hir Pathologie scho virdrun, esou den Dr. Jean-Marc Cloos. Donieft ginn et psychesch Krankheeten, déi wärend dem Substanzkonsum entstinn an ee wärend dem Konsum vun der Substanz psychesch Symptomer huet. Esou bal ee mat der Substanz ophält, ginn och d'Symptomer zeréck. An da gëtt et deen drëtte Fall vu Persounen, déi duerch eng Substanz, zum Beispill Cannabis, eng Psychos entwéckelen.

"Et ass zimmlech schwéier ze verstoen"

Mee wat ass eigentlech eng Psychos a wat fillen d'Persounen, déi Psychosen erliewen?

"Déi ganz Sënnesorganer sinn anescht. Et gi Patienten, déi, wa se eng Massage kréien, menge si géifen eppes an de Kierper eragedréckt kréien. Si hunn Halluzinatiounen, dacks auditorescher, datt se Stëmmen héieren oder datt si een am Kapp hunn oder datt si mengen, si géifen hire Wëlle vun enger anerer Persoun kontrolléiert kréien. Si maachen Interpretatioun, dat heescht datt zum Beispill en Ziedel um Buedem läit a si mengen do wier e Message drop. Si kréien den Tri net méi gemaach tëscht enger onwichteger Informatioun, zum Beispill menge si an der Tëlee géif iwwert si geschwat ginn, an enger wichteger Informatioun. Fir een, deen dat ni materlieft huet, ass et zimmlech schwéier ze verstoen."

D'Mady Juchem huet dës Situatioun schonn dacks materlieft. Si ass eng betraffe Mamm, hire jéngste Bouf, 29 Joer al, ass zënter néng Joer a Behandlung mat enger Schizophrenie, enger Form vu Psychos.

Den Eric Krebs an d'Mady Juchem hunn d'Associatioun AFPL gegrënnt fir betraffe Famille vun enger psychotescher Persoun

D'Mady Juchem an hire Mann Eric Krebs hunn 2017 zesummen d'Associatioun AFPL gegrënnt - d'Association des familles ayant un proche atteint de Psychose au Luxembourg.

Och déi Leit, déi de Betraffenen no stinn, leide mat

D'Iddi esou eng asbl ze grënnen wier entstanen, fir géintiwwer den Autoritéiten an der Politik méi Gewiicht ze kréien an nogelauschtert ze kréien.

"Et si ganz vill Persounen hei am Land betraff. D'Weltgesondheetsorganisatioun schätzt, datt ee Prozent weltwäit betraff ass an dat egal op wi engem Kontinent. Wann een dat fir Lëtzebuerg héich rechent, sinn dat iwwer 6400 betraffe Persounen. Dobäi kommen awer och nach all déi Persounen, déi a grousser Suerg sinn, wéi de Partner, d'Geschwëster, d'Elteren, d'Grousselteren, d'Kanner, déi ganz dacks an dëser Thematik vergiess ginn an déi wierklech och mat drënner leiden."

D'Mady Juchem an hire Mann féieren hir ASBL benevole, nieft hirer Aarbecht. Si si betraffe Persounen, keng Professioneller. Mee duerch hir Erfarung kenne si anere Leit Hëllef an Informatioune ginn, déi si am Ufank vun hirem Bouf senger Diagnos, mat grousser Méi hu misse selwer sichen.

Déi heefegst Froen dréie sech ëm d'Medikamentatioun vu psychotesche Persounen, seet d'Mady Juchem.

"Wat maachen ech wa meng Duechter oder mäi Jong d'Medikamenter net wëllen huelen oder wa si se ofsetzen? Dat ass och bei eis ëmmer nees de Fall. Da geet et eng Zäit laang gutt, si huelen d'Medikamenter, huelen awer och u Gewiicht zou, wat eng vun den Niewewierkungen ass. Wann si sech dann ee Moment gutt spieren, setze si d'Medikamenter of, well si sech denken, wisou si d'Medikamenter da sollen huelen. Dann ass warscheinlech geschwënn eng Rechutte programméiert. Alt erëm an eng Psychiatrie, e puer Wochen, e puer Méint. Et ass esou en op an of."

Och der Martine hir Schwëster hätt schonn dacks hir Medikamenter ofgesat. D'Krankheet hätt hir ganz Famill affektéiert.

"Et ass einfach net driwwer geschwat ginn. Dat Ganzt huet u sech en normaalt Familljeliewen, wat bis dato eigentlech war, onméiglech gemaach, d'Familljeliewe respektiv och d'Famill iergendwéi stéckweis och zerstéiert."

"Il ne faut pas raisonner le déraisonnable"

Saachen, déi Persounen an enger Psychos erliewen, si fir si real. Si sinn d'Reinkarnatioun vum Salvador Dali, d'Queen ass hir Groussmamm an de Mick Jagger de Brudder. Dat ass hir Realitéit. Et kann een op si aschwätzen, seet d'Martine, mee et kënnt ee net un.

Wéi hëlleft ee Persounen, déi an enger Psychose gefaange sinn, Dr. Jean-Marc Cloos?

"Mäin éischte Patron de stage huet mir gesot: 'il ne faut pas raisonner le déraisonnable', dat heescht een, deen an enger Psychos ass huet sech eng eege Realitéit opgebaut. Déi Realitéit ass och deelweis esou opgebaut, datt e seng Ängschten domat berouegt kritt. Et soll een do wierklech bei e Professionelle goen. Entweder, wann et elo net eng akut Kris ass, dann iwwer Rendezvous, oder iwwert eng Urgence, fir dat ganzt medezinesch behandelen. Aus enger Psychos kënnt een dacks just eraus, wann een eng medezinesch Behandlung kritt."

Den Dr. Jean-Marc Cloos ass medezinesche Spezialist an der Psychiatrie mat Zousazausbildung an der Suchttherapie

Jidderee ka potenziell Psychose kréien, esou den Dr. Jean-Marc Cloos. Inquietant sinn déi Psychosen, déi net méi fort ginn. D'Prevalenz vu Schizophrenien läit an der Gesamtbevëlkerung bei engem Prozent. Bei Cannabiskonsumenten esou guer bei dräi Prozent. Wann een esou Substanzen, wéi Cannabis wëll ausprobéieren, dann am beschten eréischt esou spéit wéi méiglech.

"D'Gehier ass mat 18 net ausgeräift Et ass besser eng Psychos esou spéit ewéi méiglech unzefänken. Wann ech se scho kréien, dann ass et besser ech hu se mat 25, wéi mat 17, well mat 25 hunn ech mäi soziaalt Ëmfeld opgebaut, ech hunn à la Limite mäi Studium fäerdeg, ech hunn e Beruff, ech hunn eng Famill a mat 17 net. Wann een onbedéngt Substanze wëll ausprobéieren, dann och esou spéit ewéi méiglech a virun allem, wann ech aus engem Familljeverhältnis kommen, wou Psychosen existéieren, géif ech carrement soen: Gitt net drun."

Och Stresssituatioune kënne Psychosen ausléisen

Psychosen kënne vu psychoaktive Substanzen ausgeléist ginn, si mussen awer net. Heefeg sinn och extrem Stresssituatiounen, wéi zum Beispill den Doud vun enger Persoun, en neit Liewen op der Universitéit, psycheschen Drock op der Aarbecht. All Psychos wier wéi en Hummer op de Kapp, esou den Dr. Jean-Marc Cloos.

"An de Kraepelin huet virun 100 Joer d'Schizophrenie 'Dementia praecox' genannt, dat heescht 'démence précoce'. Deemools gouf et keng Medikamenter. Wann d'Leit all Joer dräi, véier Decompensatiounen haten, da si si lues a lues an hirer Intelligenz erofgaangen, esou datt eng Psychos och eppes ass, wat mengem Gehier zoudréit an dat dozou féiert, datt meng Intelligenz lues a lues erofgeet. Och d'Entscheedung, keng Medikamenter ze huele ka Konsequenzen hunn, kann dozou féieren, datt ech ëmmer erëm hospitaliséiert ginn, kann dozou féieren, datt ech kognitiv ëmmer manner gutt ginn. Et ass net ëmmer einfach, bis datt een agesinn huet, datt een déi Pathologie, déi Krankheet huet."

Liicht ass et och net fir déi betraffe Familljememberen.

"Ech verstinn et, mee ech kann et och net wierklech verstoen. Mee him geet et awer gutt an hatt schafft och elo nees zënter September am betreite Schaffen. Do ass hatt elo zënter siwen, aacht Joer. Enger 'normaler' Aarbecht kann hatt net nogoen, respektiv e Patron kann hatt net astellen, well et einfach net stabel ass."

Betreite Schaffe respektiv eng Aarbechtsplaz, wou d'Ëmfeld iwwert d'Krankheet Bescheed weess ass wichteg, fir betraffe Persounen trotz hirer Krankheet e gereegelten Dagesoflaf ze bidden. Méi betreite Wunne fir Betraffener, méi Fuerschung a méi Strukturen. Alles dat géif sech d'Mady Juchem vun der Afpl an deem Kontext wënschen. An: et sollt ee sech selwer net vergiessen.