Radioen

On air

Tockcity  |  Quantic - Run (feat. Andreya Triana) Sofia Kourtesis Remix

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ All Mënsch an d'Kasär?

Prisma

All Mënsch an d'Kasär?

Nudging ass e Konzept aus dem Behaviorismus. Domat gëtt duerch sougenannte positiv Verstäerkungen de Mënsch ganz diskret dozou animéiert, sech esou ze behuelen, datt hien dat Richtegt mécht, ouni sech dobäi gezwongen ze fillen.

auto_stories

7 min

Den Thomas Koenig ass Philosoph

Wann um Flughafe vun Amsterdam eng Méck als Zilscheif an de Pissoir gemoolt gëtt, fir datt een drop zile kann, dann ass dat Nudging. An et schéngt ze hëllefen, d'Quantitéit vun deem, wat dolaanscht gaangen ass, soll ëm 80 Prozent erofgaange sinn. Wann dir mat 50 an eng Uertschaft fuert, an Iech dobäi e Smiley ublénkt, dann ass dat och Nudging. Dir sidd frou, datt Dir ugelaacht gitt, an Dir léiert esou, net méi ze séier ze fueren.

Zanter e puer Joer gëtt vill doriwwer nogeduecht, wéi een Nudging kéint benotzen, fir d'Behuele vun de Leit ze verbesseren. A Frankräich, par contre, gi si de Problem ganz anescht un: Do soll elo all Jugendlechen an eng Uniform an an eng Kasär gestach ginn.

D'Ségolène Royal, eng sozialistesch Politikerin aus Frankräich, hat 2007 d'Iddi an d'Welt gesat, datt ee jonk Delinquente mat engem Genre Militärdéngscht sollt encadréieren. An den Emmanuel Macron hat eng ähnlech Iddi a sengem Wahlprogramm, net just fir Klengkrimineller, mee fir Jugendlecher.

Der Royal hir Iddi ass net wäit komm, mee dem Macron seng ass elo am Juni emol probéiert ginn. 2.000 fräiwëlleg Jugendlecher sinn ugetrueden, fir zwou Woche laang hiren Déngscht ze leeschten.

Déi Fräiwëlleg hunn an enger Kasär gehaust, sinn dann all Dag um siwen opgestanen, hunn hir Uniform ugedoen, hunn de Fändel gehisst an d'Marseillaise gesongen, an dann de ganzen Dag un Aktivitéiten deelgeholl, déi d'sozial Kohesioun verstäerke sollten.

De Service National Universel

De Service National Universel, kuerz SNU soll dann och iergendwann obligatoresch gemaach ginn. Dee Jugendlechen, deen de Service refuséiert, dierf de Bac net maachen. A vu datt et kee Militärdéngscht ass, soll et keng Ausname ginn, et dierf een also net aus moralesche Grënn refuséieren, den Déngscht ze leeschten.

Déi eng werfen dem SNU vir, datt et keen Zivildéngscht wär, well d'Jugend jo an Uniform ronderëm leeft, an all Dag de Fändel gehisst an d'Marseillaise gesonge ginn. Dat wier e verkappte Militärdéngscht. Mee déi aner werfen dem SNU vir, et wier ebe kee Militärdéngscht, well jo net mat Waffen hantéiert gëtt.

Soit. Mee ass den SNU dann elo eppes Positives oder net? Ass et Gehirwäsch? Oder Sklavenaarbecht? Oder einfach en verwässerte Militärdéngscht?

Dat ultimatiivt Opfer?

En Haaptargument géint den Zivildéngscht ass jo, datt et sech net ëm Militärdéngscht handelt, an dowéinst sollt et sech ëm eng Form vu Sklavenaarbecht handelen. Et muss een eppes fir d'Gesellschaft leeschten, mee et gëtt een net dofir bezuelt, an dat wier Sklaverei.

Bon, op der anerer Säit kéint een do soen, datt ebe grad d'Iddi vum Déngscht wier, der Gesellschaft en Opfer ze bréngen, a Form vun deem Déngscht, deen een ebe leescht. Et ass jo en Déngscht a keng Aarbecht.

Mee mir liewen an engem post-heroeschen Zäitalter, dat heescht an engem Zäitalter, wou bal kee méi prett ass, en Opfer fir seng Gesellschaft ze leeschten. An Helde sinn dacks nu mol Leit, déi fräiwëlleg eppes opferen, fir zu hirem Zil ze kommen. An aus der Perspektiv vun enger Gesellschaft oder engem Staat, sinn Helde gären emol Leit, déi hiert Liewe fir d'Gemeinschaft gelooss hunn.

An der Stad um Kanounenhiwwel steet d'Monument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit, dat der Solidaritéit vum Lëtzebuerger Vollek ënner der Nazi-Occupatioun an och den Opfer vun den Nazie gedenkt. E bësse méi wäit steet d'Gëlle Fra, déi als Monument deene gedenkt, déi an de Weltkricher oder am Koreakrich gefall sinn.

E franséische Journalist huet och gemengt, datt den SNU eng Bizarrerie wier, déi de Rite vun engem Militärdéngscht géif no-afen, ouni awer seng Tugenden ze hunn. Mat Tugend ass hei wuel d'Bereetschaft gemengt, säi Liewe fir säi Land ze ginn.

Bon, gutt, op den SNU elo manner wäert ass, wéi e richtege Militärdéngscht, well déi Jonk dobäi net de Reflex agedrillt kréien, aner Leit ëmzebréngen oder sech ëmbréngen ze loossen, dat sief emol dohi gestallt.

Mee op alle Fall gëtt et weltwäit zwar wuel Monumenter, déi un déi Leit erënneren, déi a Kricher gefall sinn, mee awer keng, déi u Leit erënneren, déi hiren Zivildéngscht geleescht hunn. Um Schluechtfeld zerschreddert ze ginn, ass am Imaginär vun de Leit einfach méi sexy, wéi am Altersheim Bettpanen ze wiesselen, oder un enger konstruktiver Debatt deel ze huelen, och wann et an der Realitéit vläicht manner gesond ass.

Kampf dem Staat?

Et gëtt awer och nach Leit, déi mengen, datt Militärdéngscht eppes Guddes wier, well et all Mënsch géif erlaben, Erfarung un der Waff ze sammelen. Dat wier gutt, well et noutfalls de Leit erlabe géif, sech géint den eegene Staat ze wieren, wann deen emol diktatoresch sollt ginn.

Gutt, datt Leit, déi dat Argument bréngen, aus dem ganz rietsen Eck kommen, dat wäert elo wuel net iwwerraschen. An den 30er-Jore gouf et an Däitschland jo op emol och vill méi Leit, déi eng Militärausbildung haten, mee amplaz géint den Diktator ze marschéieren, hu si sech op emol "führe" gelooss. An et gouf jo nieft der Arméi Milize wéi d'SS oder d'SA, mee erstaunlecherweis ass och vun deene keng hiren demokratesche Flichten nogaangen.

A wann déi Leit da mengen, datt et wichteg ass, datt d'Vollek sech géint d'Regierung muss wiere kënnen, da stellt sech och nach d'Fro, firwat d'Vollek esou domm war, déi Regierung iwwerhaapt ze wielen? An, an dat misst jo eigentlech dat bescht Argument géint e staatlech organiséierte Militärdéngscht sinn: Ass et net méi sënnvoll, datt een d'Bierger dozou trainéiert, sech als Bierger ze behuelen, dat heescht, net nëmme vum Staat ze profitéieren, mee och sech dofir anzesetzen, datt et dem Staat gutt geet an datt d'demokratesch Kultur och gelieft gëtt? Ass dat net besser, wéi wann ee seng Bierger just op den Noutfall virbereet? Dat schéngt mir e bëssen, wéi wann ee léiwer amputéiert géif ginn, wéi sech impfen ze loossen.

Sécher, et ass manner dramatesch, wann et kee Biergerkrich gëtt, et ass méi langweileg, wann een un Diskussiounen deelhëlt, ouni sech dobäi géigesäiteg ze erschéissen. Mee bon, wat wëllt een hunn, tëschent engem Kräiz um Wahlziedel oder engem Kräiz op engem Militärkierfecht, jo, do ass de Choix anscheinend net ëmmer einfach.

Fazit

Wann een d'Leit an eng Uniform stécht, an hinne bäibréngt, zesummen, amplaz géinteneen ze schaffen, da kritt een op emol esou eppes wéi Kohesioun tëschent deene Leit. De Virdeel ass jo dann och, datt wéi an der Famill, oder der Schoul, oder engem Staat, d'Autoritéitspersoun dann als Feindbild geholl ka ginn, an datt dat dann d'Individuen och nach méi zesumme schweesst. Wann een dann och nach sollt probéieren, déi Leit zu kriteschem Denken oder konstruktiven Debatten ze animéieren, amplaz hinne schéi brav d'Gehir ze wäschen, dann huet ee vläicht eng interessant Iddi fonnt.

An der Theorie kann esou eppes wéi den SNU funktionéieren. Wat déi genee Resultater wäerte sinn, dat kënne mir eréischt an e puer Joer wëssen. An et ass jo och net verkéiert, skeptesch ze bleiwe par Rapport vun esou Iddien, d'Geschicht huet jo scho leider dacks genuch gewisen, wat do alles schif ka goen. Mee skeptesch sinn, heescht net, sech automatesch géint alles ze verspären. Wa mir nämlech esou wéineg Vertrauen an eis selwer hunn, oder doran, datt mir eis als Individuen oder als Gesellschaft virun de Manipulatioune vun enger Regierung schütze kënnen, da kënne mir eis jo och eigentlech froen, firwat mir net direkt kapituléieren an d'Demokratie net einfach direkt ofschafen.

Well iergendwou tëschent blannem Gehorsam a bewaffent an engem Bunker dorop ze waarden, datt de Staat dann elo endlech zur Diktatur mutéiert, jo, ech woen emol ze hoffen, datt et dertëschent vläicht nach déi Nuancë gëtt, an deenen de Bierger seng politesch Fräiheete kann ausliewen.

Ganz ënner eis, ech si mir och net wierklech sécher, ob een esou Saache wéi den SNU net einfach vergiessen, an dat Geld an d'Bildungswiese stieche sollt. Wann een elo mol déi prinzipiell Diskussiounen op der Säit léisst, ass dat och eng vun den Haaptkritiken, wisou déi franséisch Republik elo op eemol Milliounen an e Projet investéiere wëllt, deen deemno wéi iwwerflësseg gewiescht wier, wann déi Milliounen net schonn zanter Joren am Bildungswiese gefeelt hätten.

Oder wat mengt Dir? Ass et an eiser Period vu krankhaftem Narzissmus, wou mir all op Konsum a Genoss orientéiert sinn, iwwerhaapt virstellbar, datt een déi Jugendlech an eng Uniform stécht, fir si zu Bierger auszebilden? Oder ass et Blödsinn? Oder vläicht net carrement noutwendeg?