Radioen

On air

Notturno  |  Jarvis Cocker & Chilly Gonzales - Room 29

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Agraringenieur: "D'Zukunft ass Bio"

Landwirtschaft

Agraringenieur: "D'Zukunft ass Bio"

Eng Majoritéit vun de Liewensmëttelskandaler aus deene leschte Joerzéngten wier op eng rationaliséiert an industrialiséiert Landwirtschaft zréckzeféieren, seet de Jean Stoll. Beim rezente Fipronil-Skandal hätten d'Baueren hir Betriber externe Firmen uvertraut, déi fir d'Propretéit sollte suergen.

auto_stories

4 min

D'Landwirtschaft wier déi wichtegst Beruffsbranche, déi et géif ginn, seet de Jean Stoll. "Bauer sinn ass deen eenzege Beruff hei zu Lëtzebuerg, dee mir nach als natierlech Ressource kënne bezeechnen."

Ee grousse Problem gesäit den Agraringenieur a fréiere Generalsekretär vum Herdbuchverband zu Ettelbréck doran, datt ëmmer méi Leit an de Stied géinge wunnen. Doduerch kéim een net méi laanscht eng "Massemënschenhaltung mat enger Massendéierenhaltung an enger Masseproduktioun mat Monokulturen um Feld."

Industriell vs. biologesch Landwirtschaft

Eng Léisung ass dem Jean Stoll no, zu Lëtzebuerg ganz op déi biologesch Landwirtschaft ëmzeklammen. Biolandwirtschaft war vun der Ufanksiddi hir als Géigebeweegung zu der staark industrialiséierter Landwirtschaft entstanen.

"D'Zukunft ass Bio, dorunner besteet keen Zweiwel."

Am leschte Joerhonnert hätt een de Feeler gemaach, ganz am Sënn vu Produktioun ze denken. Bio wier e Prototyp, dee bis elo gutt funktionéiert hätt, deen awer nach kéint verbessert ginn, seet den Agraringénieur. "Mir mussen am biologesche Sënn méi effizient ginn an d'Nährstoffer am Kreeslaf halen, d'Sonnenenergie besser späicheren an d'Buedemliewen erëm opbauen."

Iddi vum Grondakommes fir d'Baueren

1992 huet de Jean Stoll sech dofir agesat, datt d'Baueren e Grondakommes kréien. "Dozou stinn ech och haut nach." Dat Grondakommes war gekoppelt u verschidde Konditiounen:

  • De Bauer soll d'Ëmwelt respektéieren
  • De Buedem soll erëm opgebaut ginn
  • E gesonde Produit soll op de Marché kommen

Wann de Bauer just iwwer säi Produit géing bezuelt ginn, géing e forcéiert ginn, ëmmer méi ze produzéieren. Et sollt een de Bauer d'Kreativitéit an d'Gewëtzheet loossen, fir esou vill wéi méiglech am a mam Buedem ze schaffen.

" Hie soll eppes opbaue kënnen an déi Liewensmëttel op de Marché setzen, déi en ofgeholl kritt. De Bauer brauch eng Ofsécherung an déi muss d'Gesellschaft him ginn."

Am "Label-Dschungel" gefaangen?

Zu Lëtzebuerg ginn et méi wéi 15 verschidde Labelen, déi d'Produite vun de Bauere bewäerten. De Landwirtschaftsminister Fernand Etgen hat Ufank August ugekënnegt, e staatlech unerkannte Label ze grënnen. Dëse soll déi Labelen, déi schonn existéieren, mat engem Bewäertungssystem an dräi verschiddene Kategorien accreditéieren. Dat soll dem Konsument hëllefen, sech am "Label-Dschungel" erëmzefannen, esou de Fernand Etgen.

De Jean Stoll ass der Meenung, datt sech an der Landwirtschaft näischt verännere kann, wa keng grondleeënd Verännerungen am Landwirtschaftsministère selwer duerchgefouert ginn.

"Ech gleewe kengem Landwirtschaftsministère mat all sengen Administratiounen eppes, wa si nach wie vor zum Futtimaache vun eiser Ëmwelt bäidroen. Keng Pestiziden zréckzéien, d'Baueren nach viru Glyphosat benotze loossen. Dat ass fir mech e Landwirtschaftsministère, an deen ech kee Vertrauen hunn."

Agraringenieur plädéiert fir SMART-Label

Deen eenzege Label, dee fir Lëtzebuerg géing Sënn maachen, wier dowéinst de SMART-Label vun der Ibla, seet de Jean Stoll. Ee Label, deen no engem däitsche Modell funktionéiert. Dëse Label baséiert op de Richtlinnen vun der Ernährungs- a Landwirtschaftsorganisatoun vun de Vereenten Natiounen FAO.

"Hei gëtt an enger ganz breeder Opstellung de ganze Liewensmëttelsecteur kontrolléiert an och ënnert wéi enge Konditiounen d'Mënsche musse schaffen."

De Jean Stoll géing sech wënschen, datt een dëse Modell géing mat enger Humus Bilanz géif kombinéieren, esou wéi d'Baueregenossenschaft CONVIS dat schonn zënter Jore géif maachen. "Dat wier eng eemoleg Stellung fir Lëtzebuerg, déi een no bausse kéint verwäerten."

Duerch déi verschidde Labelen, déi elo existéieren, géing de Bauer ageschränkt ginn. E kéint säin Haff doduerch net esou gestalten, wéi et de Betrib zouléisst. "Baueren hunn eng immens Kreativitéit a si kënnen eppes maachen. Mir hunn awer weider näischt fäerdeg bruecht, wéi si elo anzëengen an ze guidéieren."

"Et muss een Ëmdenke kommen an dat wäert och kommen"

D'Resultat dovunner wier, datt dräi Véierel vun de Fluginsekten futti wieren.

"80 Prozent vum Buedemliewen ass fir ëmmer fort. Mir kréien och elo mat méi Düngung a méi Sprëtzen net méi aus eise Buedem weltwäit eraus. Et muss en Ëmdenke kommen an dat wäert och kommen. Déi, déi elo net matdenken, déi mussen iergendwann an de saueren Apel bäissen."