Radioen

On air

Moiesstudio  |  Umedo: Affer vu Gewalt kënnen hir Blessuren dokumentéiere loossen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 400.000 Mënschen an de leschte sechs Méint

Iechternach

400.000 Mënschen an de leschte sechs Méint

Vu Mee bis Oktober gouf zu Iechternach mat enger neiaarteger Technologie d'Zuel vun de Visiteure gemooss, déi bis an d'Stad komm sinn. 400.000 Dausend Mënsche goufen an deem Zäitraum gezielt. E Resultat mat deem ee net gerechent hat, esou de Buergermeeschter vun Iechternach.

auto_stories

2 min

Et hätt een net ganz Iechternach gemooss, seet den Yves Wengler. Op Ozwee Punkten hätt ee gezielt, an do wär een um Enn vun de sechs Méint zesummen op 400.000 Mënsche komm. Dat bescht Resultat hätt een am August gehat, eleng dee Mount, wieren 100.000 Visiteuren zu Iechternach gewiescht.

Benotzt huet een eng Technologie, déi normalerweis op Plaze wéi a Fluchhäfen oder Muséeën agesat gëtt. Dës Miess-Instrumenter oder "People Counter" ginn och op der Plaz zu Iechternach produzéiert an zwar vun der Firma IEE. Bis elo wieren déi Apparater nëmmen a Banneberäicher agesat ginn, deementspriechend, wier ee virum Projet och skeptesch bei der IEE gewiescht, seet den Yves Wengler, Buergermeeschter vun Iechternach. D'Kamerae kéinten nämlech duerch d'Sonnenastralung gestéiert ginn. Duerch Tester déi ee wärend deene sechs Méint gemaach huet, huet ee gesinn, datt et zu Ofwäichunge ka kommen, mee et an deene Fäll wieren dann awer manner Leit gezielt ginn a net méi.

Déi sechs Méint waren elo eng Testphas, et wëll een awer elo mat de Miessunge weider fueren, an Zukunft awer mat sechs amplaz Plaz vun zwee Apparater. An déi Daten déi ee bis elo gesammelt huet an a Zukunft sammele wäert, wëll ee benotze fir d'Offer am Zentrum vun Iechternach unzepassen, esou de Buergermeeschter Yves Wengler.

"Mir hunn vill Eventer hei am Laf vum Joer, an elo kënne mer genau soen, wéi den Impakt vun engerë bestëmmte Manifestatiounen op d'Zuel vun de Leit an der Geschäftsstrooss huet. Oder wa mer eng Woch laang vill Leit haten, een Dag dann awer d'Zuelen abriechen, da kenne mer dono kucken, ob et net deen Dag gereent huet an ob et dann net domadder ze dinn huet."

Donieft wéilt ee mat dësen Informatiounen och probéieren, d'Offer esou unzepassen, datt och am Wanter méi Mënschen bis op Iechternach kommen, esou nach den Yves Wengler.