Radioen

On air

Notturno  |  Cyclorama - Dilemma At Symmetric Dusk

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 24.02.22, 5 am: Testimonies from the War

Zäithistoriker

24.02.22, 5 am: Testimonies from the War

Zanter dem Ufank vum Krich an der Ukrain ass d'Suerg och grouss ëm déi ganz akademesch Welt, ëm Fuerscher a Fuerscherinnen, Studentinnen a Studenten an der Ukrain. Vill vun hinne fäerten ëm hiert Liewen oder sinn op der Flucht. Déi russesch Invasioun zerstéiert Mënscheliewen, mee och Fuerschungszenteren, Bibliothéiken, Archiven, Monumenter. Si ass och eng Attack op d'wëssenschaftlech Kooperatioun tëschent europäesche Länner.

auto_stories

6 min

Den Denis Scuto. Foto: Archiv

Et war am Februar 2019 am Kader vum Fuerschungsprojet "Éischte Weltkrich - La Grande Guerre au Luxembourg" vum Institut fir Zäitgeschicht an digital Geschicht vun der Uni Lëtzebuerg, dem C2DH. Meng Kollegin Sandra Camarda an ech haten d'Fuerscher Olena Betlii an Taras Nazaruk vum Center for Urban History of East Central Europa zu Lviv an der Ukrain op d'Uni Lëtzebuerg invitéiert fir d'Konferenz "The Great War: View from the East - The Cases of Kyiv and Lviv".

Transformatioune vu Kiew a Lviv am 20. Joerhonnert

Fir Westeuropa war de Krich den 11. November 1918 eriwwer, obwuel d'Demobiliséierung vun den Zaldoten, d'diplomatesch Verhandlungen an d'Diskussiounen iwwer Krichsschied an Entschiedegungen nach Jore sollten daueren. Mee an Osteuropa huet de Krich net den 11. November 1918 opgehalen. "À l'est la guerre sans fin, 1918-192 ", esou war den Titel vun enger Ausstellung, déi vum Oktober 2018 bis Januar 2019 am Arméimusée zu Paräis ze gesi war.

Eng komplex Geschicht, déi mir am Weste gréisstendeels ignoréieren, well se kaum am Lycée oder op der Uni behandelt gëtt. Wärend de bewaffnete Konflikt a Westeuropa eriwwer war, ass de Krich am Osten an am Noen Osten bis 1923 weidergaangen, gepräägt vu Biergerkricher, Revolutiounen a Konterrevolutiounen. Ganz Räicher sinn zesummegebrach, nei Staaten sinn entstanen, Grenze goufen nei gezeechent.

Obwuel d'Schluechte vum Éischte Weltkrich op der Ostfront och fir vill Zerstéierunge gesuergt hunn, ware Stied wéi Kiew a Lviv relativ vum Krich verschount bliwwen. An dëse Stied war de Krich haaptsächlech present duerch Mobiliséierung, Wirtschaftskris an Epidemien erlieft.

Mam Zesummebroch vun de Kaiserräicher an de Revolutiounen awer, déi d'Kaart vun Zentral- an Osteuropa komplett nei gestalt hunn, goufe Lviv a Kiew séier, no de russesche Revolutioune vun 1917, mat uerge militäresche Konflikter a radikalen Transformatioune konfrontéiert. Lviv war den Epizenter vum Kampf tëscht Ukrainer a Polen an hirem Onofhängegkeetskrich. A Kiew war fir d'éischt d'Haaptstad vun der Republik vun der Ukrain, gouf du vun Däitschland besat, war den Zentrum vun haarde Kämpf wärend dem Biergerkrich, ier se d'Haaptstad vun der Volleksrepublik Ukrain an der Sowjetunioun gouf (bis 1991).

No der Proklamatioun vu senger Onofhängegkeet am Joer 1991 huet d'Ukrain net nëmmen hir demokrateschen Transitioun an d'Weeër geleet, d'Land wousst och seng Fuerschungszentren a seng Universitéite weiderzeentwéckelen. Am Oktober 2021 huet d'Ukrain souguer den Haaptfuerschungsprogramm vun der Europäescher Unioun, "Horizon Europe" integréiert.

Neie Projet iwwer de Krich an der Ukrain lancéiert

Am Joer 2021 huet déi ukrainesch akademesch Welt bestanen aus 60.000 Fuerscher, 35.000 Männer a Fraen technescht an administratiivt Personal an 1,7 Millioune Studenten. Vill vun hinnen hu missen oder mussen hiert Land verloossen no der russescher Militäraggressioun an dem Krich, deen zanter méi wéi engem Mount undauert. E Krich, dee mech a meng C2DH-Kollegen déif schockéiert. Eisen Zentrum huet, wéi aner Institutioune vun der Uni Lëtzebuerg, direkt Solidaritéitsaktiounen ënnerholl an e puer vun eise Kolleeginnen hëllefen de Flüchtlingen op direkt Aart a Weis.

Wat den Urban History Center zu Lviv betrëfft, wéi eis Kolleegin vum C2DH, Machteld Vencken, Professer fir transnational Zäitgeschicht, déi en Deel vun hire Studien an der Ukrain gemaach huet, eis gesot huet, bitt dësen Institut zanter dem 26. Februar en Ënnerdaach fir Honnerte vu Flüchtlingen, déi aus Dnipro, Zaporizhzhia, Kiew, Kharkiv, Bucha, Irpin, Gostomel, Lysychansk, Lubatyn, Vyshneve, Zhytomyr kommen, awer och fir Kanadier, Syrer, Nigerianer, Iresch, Pole, Britten, déi an der Ukrain wunnen.

An engem Geescht vu Solidaritéit a vu Resistenz hu Fuerscher wéi d'Machteld Vencken decidéiert mat hire Kolleege vu Lviv, iwwer d'Grenzen ewech an trotz dem Krich, weider ze fuerschen, andeems se de Projet "24.02.22, 5 am: Testimonies from the War" gestart hunn.

De Lviv Center fir Staatgeschicht, d'Polnesch Akademie vun de Wëssenschaften, d'Polnesch Oral History Association, d'Universitéit vu Saint Andrews an den C2DH hu sech zesummegedoe fir Interviews mat Flüchtlingen opzehuelen, déi zu Lviv, a Polen, a Lëtzebuerg oder aner europäesch Länner ukommen, mee och mat de Benevollen déi der Ukrain a verschiddene Beräicher hëllefen. Fir d'Stëmme vun deenen ze sammelen déi leiden a vun deenen déi hëllefen.

Dës Kollektioun vun Interviewe kann een dono am Urban Media Archive vum Urban History Center zu Lviv souwéi am C2DH zu Lëtzebuerg consultéieren a studéieren.

Komplexitéit vun der Krichscommemoratioun

24.02.22, 5 am: Testimonies... De leschte Mëttwoch sollt den däitschen Historiker a Soziolog Mischa Gabowitsch, Fuerscher um Einstein Forum zu Potsdam, eng Konferenz am C2DH halen iwwer seng aktuell Fuerschungen zur Geschicht vun de Monumenter zum Zweete Weltkrich souwéi iwwer déi post-sowjetesch Gedenkpraktiken a Russland, Ukrain a Belarus. Wéinst der Aktualitéit vum Krich an der Ukrain huet hien um Enn manner driwwer geschwat wéi erwaart, mee genuch fir d'Komplexitéit vun de Krichscommemoratiounspraktiken ze weisen, Praktiken déi sech an der Zäit veränneren, sowjetesch Monumenter déi net nëmmen déi vun der Zentralmuecht, vu Moskau imposéiert goufen, mä dacks um lokalen a regionalen Niveau entstane sinn, vu Biergercomitéen initiéiert. An de verschidde Provënzen vu Russland wéi och an de Stied a Regioune vun der Ukrain a vu Belarus fanne mer eng grouss Diversitéit vu Monumenter a Ritualer.

D'Konferenz huet d'Komplexitéit vun der Geschicht vun dëse Monumenter an hir Diversitéit a punkto Konstruktioun, Notzung an Interpretatioun gewisen. Et huet mech erënnert un déi rezent Decisioun vum Escher Gemengerot, fir de Bau vun engem Monument ze suspendéieren zu Éiere vun den Ostarbeiter an Ostarbeiterinnen, déi Zwangsaarbecht am vun Nazidäitschland besate Lëtzebuerg hu misse leeschte vun 1942 bis 1944.

Eng problematesch Decisioun aus verschiddene Grënn. Ech wéilt hei nëmmen een ernimmen: Als Reaktioun op déi russesch Invasioun an der Ukrain gëtt zu Esch decidéiert e Monument net ze bauen, dat eigentlech Zwangsaarbechter éiert, déi an de meeschte Fäll aus der Ukrain koumen, wéi d'Recherche vum Ricardo Baptista Barra a vum Inna Ganschow gewisen hunn.

Mee de Mischa Gabowitsch huet virun allem vun eppes anescht geschwat, vun all deenen ukraineschen Archiven, wou Teams vu jonken Archiviste mat Begeeschterung geschafft hunn, déi hie wärend senger Fuerschung mat oppenen Äerm begréisst hunn, vun den Archive vu Kiew déi haut zerbommt ginn . Hien huet och déi bombardéiert Universitéit vu Kharkiv ernimmt. Hie mécht sech Suergen ëm seng ukrainesch Kolleegen am besate Kherson, déi bis virun e puer Wochen nach mat him Krichsmonumenter am ländleche Raum studéiert hunn.

Hien huet domat drun erënnert, datt iwwer d'Solidaritéit mat eisen ukrainesche Kolleegen a Kolleeginnen am Beräich vun der akademescher Fuerschung eraus, mir als Europäer zanter dem 24. Februar och d'Biergerflicht hunn, alles ze maachen, fir der Ukrain an de Leit aus der Ukrain ze hëllefen, awer och d'Anti-Krichsbeweegung a Russland an a Belarus ze ënnerstëtzen.

Et muss ëmmer erëm widderholl ginn: et ass net nëmmen d'Zukunft vun der Ukrain déi haut um Spill steet, et ass d'Zukunft vun eisem demokrateschen Europa.