Radioen

On air

Notturno  |  New Order - Blue Monday (2020 Digital Master)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Esther Conter: Ech sinn e Gefillsmënsch

SOT EMOL

Esther Conter: Ech sinn e Gefillsmënsch

Mat Musek ass also et ugaangen, mä der Esther Conter hir grouss Passioun ass awer ëmmer an Direktioun Sange gaangen. An um Enn stoung ebe Formatioun als Musicalactrice- a Sängerin.

auto_stories

3 min

De Wee bei d'Musek kënnt awer net vun ongeféier, well d'Esther Conter ass an enger musikalescher Famill grouss. Hir Papp ass Professer am Escher Conservatoire an hir Mamm huet Piano gespillt. An dofir leien hir musikalesch Originnen eben och am Conservatoire an der Minettsmetropole.

"Ech si mat, mengen ech, siwen-aacht Joer an de Conservatoire era komm an do hunn ech mer mäin Instrument dann dierfen eraus sichen. An dat war dann um Ufank d'Gei, tatsächlech! Fir mech huet d'Sangen awer dozou gehéiert, also säit ech mech drun erënnere kann, ech hunn ëmmer gesongen."

Laang gewaart bis d'Gesangscoure koumen

Deen Ament ass et awer net gaange fir am Conservatoire eenzel Gesangscouren ze kréien. Eréischt mat 15 Joer huet sech de Wonsch vun der Gesangsformatioun realiséiert an dat war deen Ament klassesche Gesang. An d'Esther Conter huet och esou laang gewaart.

A wéi vill anerer ass de Conservatoire fir Esther Conter wéi en zweeten Doheem ginn

"Jo, total. Mat 15 -16 war och deen Ament wou ech mech entscheet hat fir Musek ze studéieren. (...) Do ass et eben ugaangen mat klasseschem Gesang, mam Danzen, d'däitsch Dictioun, den Art dramatique, an ech hu mäi Solfège fäerdeg gemaach. Also, do war ech schonn, Samschdeg virun allem, gutt beschäftegt, dee ganzen Dag (...) Et war mäin zweet Doheem."

D'Ënnerstëtzung vun Doheem war ëmmer do

Et ass kloer, wann der Esther Conter hire Papp, selwer Musek professionell gemaach huet, konnt e sech wuel net fir de Wonsch Musek a Gesang als Beruff ze maachen opposéieren.

"Do konnt ech mer ëmmer sécher sinn an do kann ech mer bis haut sécher sinn. Obwuel mäi Papp Museksproff ass, hien ass ëmmer éierlech zu mer gewiescht. An hien hätt mer ni gesot, maach et, wann hien der Meenung gewiescht wär dass et net géif duer goen. (...) Do hätt e mech net belunn."

Esch, Essen, Wien

D'Esther Conter huet nom Conservatoire an hire Première op der F-Sektioun am Escher Jongelycée, zu Essen op der Folkwang-Schoul Musical studéiert. Nom Studium an no enger intensiver Sich no sech selwer, koum nach e Masterstudium an der Gesangspädagogik derbäi, an se huet eng Formatioun als Achtsamkeets- a Meditatiounsenseignante gemaach. Aktuell lieft d'Esther Conter zu Wien an si fillt sech och wuel an där Stad vun der Konscht.

"Et ass e Gefill, ech sinn do ukomm an ech fille mech zu Wien doheem. An ech kann et och net richteg erklären, also ech fannen d'Stad scho richteg schéin an och dat wat se ubitt. An ech muss soen, ech fannen dee "Wiener Schmäh" absolut witzeg, en en erënnert mech och e bëssen u Lëtzebuerg. Wien ass fir mech eng Stad wou ech d'Gefill hunn datt ech net déi éischte Kéier do sinn."

An do si mer beim Esther Conter als Gefillsmënsch. Wou se hir Etuden zu Essen ugefaangen huet hat se d'Gefill, hei sinn ech richteg. Zu Wien hat se d'Gefill hei sinn ech richteg. Et geet vill iwwert d'Gefill.

Dat war net ëmmer esou. Well duerch meng musikalesch a meng schoulesch Erzéiung war ech zimmlech "kapp gesteiert", ëmmer pro a kontra geduecht an organiséiert sinn an e Plang hunn. An dat hunn ech lass gelooss, virun allem duerch Pandemie."

Do si vill Luuchte bei mer ugaangen

Wärend der Pandemie hat ee vill Zäit no ze denken, och iwwert sech no ze denken a sech emol richteg mat sengem "Ech" auserneen ze setzen. An do si bei der Esther Conter op emol vill Luuchten ugaangen

"An do hunn ech gemierkt, dass ech déi Verbindung ëmmer méi wëll schäerfen, dass et mer net duer geet ëmmer nom Kapp ze goen, well datt eesäiteg ass, an d'Gefill do awer och eng grouss Roll a mengen Ae spillt."