Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 2019: Réckbléck op e Rekordjoer

Reen a Bou

2019: Réckbléck op e Rekordjoer

D'Joer 2019 hat sou munches a punkto Wieder ze bidden. E gréisseren Nidderschlagsdefizit, ze héich Temperature wärend den eenzele Joreszäiten, iwwerduerchschnëttlech vill Sonnestonnen an nieft e puer aneren nennenswäerten Evenementer natierlech de markante Multi-Vortex-Tornado vum 9. August.

auto_stories

5 min

De Philippe Ernzer kuckt op d'Wieder vum leschte Joer zeréck. Foto: Archiv

D'Joer 2019 war, wat d'Moyenne ugeet, mat 10,7 Grad dat drëttwäermst Joer, dat zanter Opzeechnungsufank am Joer 1947 registréiert gouf. Op zweeter Plaz ass 2014 mat 10,8 Grad an op der éischter 2018 mat 11,1 Grad.

D'Joresduerchschnëttstemperatur zu Lëtzebuerg läit bei 9,3 Grad. Dës Zuel baséiert op der 30-Jores-Moyenne, déi op d'Joren tëschent 1981 an 2010 definéiert ass. Deemno louch 2019 also ëm 1,4 Grad driwwer, 2014 ëm 1,5 Grad an 2018 ëm 1,8 Grad.

En dréchent Joer

D'Joer war awer net nëmmen ze waarm, mee och ze dréchen. Dat ass haaptsächlech wärend dem Summer opgefall, wou et och zu enger Rëtsch Bränn koum. Ënner anerem de Groussbrand vun Hamm vum 26. Juli 2019 zielt zu engem vun de méi markanten Evenementer vum leschte Summer.

Mee wéi vill Reen huet schlussendlech wierklech gefeelt? Wéi de staatleche Wiederdéngscht op hirem Internetsite matdeelt, gouf 2019 e gréisseren Nidderschlagsdefizit festgestallt. Tëschent de Joren 1981 an 2010, also der 30-Jores-Moyenne, huet et duerchschnëttlech 896,9 l/m² gereent. 2019 waren et awer just 779,2 l/m², wat en Defizit vun 117,7 l/m² ausmécht.

Trotz dëser markanter Zuel war et awer nach laang net dat dréchenst Joer, dat um Findel registréiert gouf. 1976 stécht mat enger Zomm vun nëmme 541 l/m² eraus - et huet deemools also 355,9 l/m² ze mann um Findel gereent.

Dat lescht Joer iwwer huet d'Sonn 1.975,9 Stonne laang geschéngt. Dat sinn 251 Stonne méi, wéi normalerweis. An der Moyenne sinn et der nämlech 1.724,9. En neie Rekord ass dëst awer net.

E (ze) mëlle Wanter

Kucke mir méi genee op déi eenzel Joreszäiten, déi all hir Opfällegkeeten haten - am mannsten awer den Hierscht. D'Saison vum Wanter 2018/2019 war virun allem eppes: e gutt Stéck ze mëll. Mat enger Moyenne vun 3,2 Grad war e mat 1,8 Grad ze waarm. Haaptsächlech de 27. Februar sinn déi ze héich Wäerter mat enger Maximaltemperatur vu 19,8 Grad um Findel opgefall.

Dëst ass en neien absolutte Rekord a Punkto Dageshéchsttemperatur fir de Mound Februar zanter Opzeechungsufank. Mat dobäi kënnt, datt de Februar mat enger Duerchschnëttstemperatur vu 5,3 Grad deen drëttwäermste bis ewell war.

Iwwerduerchschnëttlech héich Temperaturen am Wanter heeschen awer net ëmmer, datt kee Schnéi fält. Tëschenduerch kann et trotzdeem zu Phase kommen, wou sech de Wanter fir eng Zäitchen duerchsetze kann. Den 30. an den 31. Januar goufe 17 cm Schnéi um Findel gemooss, iwwerdeems louchen am Norden zu Reiler un der ASTA-Wiederstatioun 26 cm Schnéi.

Am Wanter 2018/2019 huet sech d'Sonn iwwerduerchschnëttlech vill gewisen. 242,7 Sonnestonne goufe gezielt, wat 175 Stonnen iwwer der Moyenne läit. MeteoLux betount, datt de Februar mat 151,4 Sonnestonne souguer de véiert-sonnegste Februar-Mount zanter Opzeechnungsufank war.

Fréijoer: Héich Wandvitessen

An da wiere mir och schonn am Fréijoer, wou direkt am Ufank schonn en Orkandéif iwwer eis ewechgezunn ass. Den 10. Mäerz huet de Stuerm Eberhard am ganze Land fir héich Wandvitesse gesuergt. Un der Kachelmann-Wiederstatioun zu Ell goufe beispillsweis 109,3 km/h gemooss, um Findel waren et 105,5 km/h.

Fir de Rescht war d'Fréijoer mat 0,5 Grad liicht ze mëll an et huet 2,6 Prozent manner gereent, wéi et fir d'Joreszäit normal gewiescht wier. D'Sonn huet dobäi ëm 6,5 Prozent méi laang geschéngt.

E waarme Summer

D'Joreszäit, déi am meeschten opgefall ass, war definitiv de Summer. D'Joer 2019 kënnt, wat d'Duerchschnëttstemperatur ugeet, "just" op déi drëtte Plaz - allerdéngs konnt awer en neien Allzäitrekord a Punkto Dageshéchsttemperatur opgestallt ginn.

Nodeems d'Wäerter de 24. Juli um Findel bis op 37,7 Grad geklomme sinn, hu se et de 25. Juli op 39,0 Grad gepackt. Sou waarm war et zanter Opzeechnungsufank nach ni. Un der ASTA- Wiederstatioun zu Steesel goufe souguer 40,8 Grad gemooss.

An der Nuecht vum 24. op de 25. Juli war et u kenger Wiederstatioun am Land sou waarm, wéi un där um Findel. D'Temperature sinn net ënner 24,8 Grad gefall, wat och en neien absolutten Allzäitrekord fir déi héchst jeemools gemoosse Minimaltemperatur ass.

Dobäi war et mat 857,8 Sonnestonnen dee sonnestäerkste Summer zanter dem Summer 2003 a kënnt och op déi zweet Plaz vun de sonnestäerkste Summeren zanter 1947.

Den Tornado am August

Vu ganz grousser Relevanz war dee méi staarken Tornado vum 9. August, deen haaptsächlech am Raum Péiteng a Käerjeng massive Schued ugeriicht huet. De Multi-Vortex Tornado gouf virleefeg als F2 op der Fujita-Skala agestuuft, wat Wandvitesse vun 180 bis 250 km/h entsprécht. Et ass awer net auszeschléissen, datt a verschiddene Sekundarwirbelen nieft dem Haaptwirbel Spëtzte vu bal 300 km/h erreecht goufen.

D'Donnerwieder, oder méi genee gesot, d'Superzell, déi dësen Tornado produzéiert huet, hat sech den 9. August géint 16 Auer nordëstlech vu Chalons-en-Champagne forméiert. Duerch déi gënschteg Konditiounen, déi mir deen Dag haten - also ënner anerem eng héich, Buedem-no Loftfiichtegkeet, déi dofir gesuergt huet, datt d'Wollekenënnergrenzen zimmlech déif houngen an och eng markant Ännerung vu Wandvitess a Richtung mat der Héicht, ass aus dem Mesozyklon vun der Superzell um Wee op Lëtzebuerg en Tornado entstanen.

Den Hierscht dogéint hat keng besonnesch opfalend Phenomeener. E war mat 10,1 Grad just liicht ze mëll - d'Moyenne läit nämlech bei 9,4 Grad. Et ass déi eenzeg Joreszäit, wou et iwwerduerchschnëttlech vill gereent huet. An der Moyenne reent et 239,0 l/m², an dësem Fall koumen awer 275,0 l/m² vum Himmel. D'Sonn koum sech mat 312,1 Stonn ëm 3 Prozent manner weise wéi normal. Tëschent de Joren 1981 bis 2010 ginn an engem Hierscht duerchschnëttlech 321,8 Sonnestonne registréiert.