Och wann et déi lescht dräi Méint iwwerduerchschnëttlech gereent huet, wier dat nach net duer gaangen, fir de Buedem mat Waasser opzefëllen, seet den Andrew Ferrone. Et misst awer och déi nächst Méint nach vill viru reenen, fir datt d'Grondwaasserreserve sech erhuele kënnen.
De Mangel u Grondwaasser mécht dem Andrew Ferrone vum Wiederdéngscht am Landwirtschaftsministère Suergen. D'Konsequenzen dovunner wieren och bei de Baueren ze spieren. Do wiere virun allem zwee Evenementer am Joer 2019 opzezielen, seet den Andrew Ferrone.
Ernteausfäll am Uebstbau
Wéinst dem Spéitfrascht Ufank Mee hätten et am Wäin- an Uebstbau relativ vill Ernteausfäll ginn. Dono wier et e waarmen a Summer mat vill Sonn ginn, deen dofir gesuergt huet, datt am Wäibau eng héich Qualitéit, mee eng niddreg Quantitéit agefuer gouf.
Ënnerscheeder an der Nidderschlagsquantitéit
Ee Wiederphenomeen, deen 2019 nohalteg gepräägt huet, war den Tornado iwwer Péiteng a Käerjeng. Een direkten Zesummenhang mam Klimawandel ass dem Andrew Ferrone no net esou einfach hierzestellen. Eng Tendenz zu méi waarmen Temperature wier awer schonn ze erkennen.
"Mir hu virun allem festgestallt, datt d'Joer méi waarm war wéi d'normal Perioden, déi iwwer d'Joer 1981 bis 2010 ginn."
Am Éislek 0,8 Grad an am Süde vu Lëtzebuerg ee Grad. D'Nidderschléi wieren awer ganz ënnerschiddlech verdeelt. Et hätt een awer festgestallt, datt et am Süde méi gereent huet, "heiansdo 50 Liter op de Meter carré méi". Am Norde wier en Defizit vu bis zu 130 Liter de Meter carré festgestallt ginn, par Rapport zu normaler Moyenne.