Radioen

On air

Resonanzen  |  Will Marion Cook

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 1940: Stater Meedercherslycée um Ufank vun engem neie Schouljoer

Zäithistoriker

1940: Stater Meedercherslycée um Ufank vun engem neie Schouljoer

Déi éischt Rentrée ënner der Nazi-Occupatioun war keng einfach. Um Beispill vum Meedercherslycée an der Stad illustréiert den Zäithistoriker Georges Buchler, wat am spéide Summer 1940 huet mussen ënnerholl gi fir sech den neie Muechthaber unzepassen an de Schoulbetrib kënnen ze organiséieren.

auto_stories

9 min

Den 12. September 1940 schreift de Louis Simmer, Conseiller de Gouvernement, Member vun der Verwaltungskommissioun fir Schoulwiesen a Kultus, eng Ufro un d'Direktere vun de Lycéeën. En hätt gär, "unverzüglich", ein nach Klassen geordnetes Verzeichnis der Schülerinnen israelitischer Konfession, die am Schlusse des letzten Schuljahres in Ihrer Anstalt eingeschrieben waren.

Den Edouard Oster, Direkter vum Meedercherslycée an der Stad, schéckt eng Lëscht mat 28 Nimm den Dag drop.

Den 29. Oktober 1940, "auf Anordnung des Chefs der Zivilverwaltung", informéiert dee selwechte Louis Simmer d'Gebaier: "[...]sind jüdische Kinder zum Besuch des Unterrichts an öffentlichen und privaten Schulen aller Art nicht mehr zuzulassen."

A wat fir enger Situatioun ass de Stater Meedercherslycée zu deenen zwee Momenter?

Un Hand vun engem Schoularchiv an e puer CdZ-Dossiere versichen ech e Bléck op di Méint vun September bis Oktober 1940 ze werfen.

D'Schouljoer 1940/41 geet Dënschdes, den 1. Oktober un. Méindes war Helleg-Geeschtmass an der Krypta vun der Kathedral. Samschdes, den 28. September hat de Gauleiter seng éischt Großkundgebung an den Ausstellungshalen um Lampertsbierg, ënner dem Motto: "Luxemburg ist und bleibt deutsch." Dee selwechten 28. September deelt den Edouard Oster mat, wéi vill Führerbilder seng Schoul fir Klassesäll a Festsall bräicht. Si ginn Ufank 1941 geliwwert. Am Gebai sinn d'franséisch Inscriptiounen, wéi gefuerdert, duerch gediegen däitsch Iwwersetzungen ersat ginn.

441 Schülerinne fänken dat neit Schouljoer un. Déi ugespaanten Atmosphär stellt d'Enseignantë virun nei Disziplinsproblemer. Et kënnt zu Manifestatioune vu Patriotismus, awer och zum Versuch e Klassesall mat Nazisymboler ze rëschten.

Déi éischt dräi Wochen ass nëmme moies Schoul, vun aacht bis eng. Mëttes gëtt de Lycée vun der Industrieschoul, den heidege Jongelycée, genotzt, vun zwou bis siwen. Där hier Gebailechkeete sinn nach net vun der Wehrmacht geraumt. Wéinst där spéider Stonn si Verdunkelungsproblemer ze meeschteren.

Villes, wat d'Organisatioun vum Unterrecht ubelaangt, ass nach onkloer. Um Moment vun der Informatiounsversammlung fir d'Elteren, den 23. September, waren d'Lëschte vun de Manuelle just fäerdeg ginn. D'Stonnenzuel vu verschiddene Fächer ass nach ongewëss. Fir déi héijer Klasse gëtt et elo nëmmen eng sproochlech Sektioun, déi am leschte Joer mat enger Reifeprüfung ofschléisst, eng hauswirtschaftlech Sektioun an eng gewerblech Sektioun. Dënschdes, Donneschdes a Samschdes sollen d'Nomëtteger fräi ginn, anscheinend fir kulturell Aktivitéiten. Datt domat d'Lëtzebuerger Volksjugend gemengt ass, gesäit nach net jiddereen.

Déi Lëtzebuerger Lycéeë solle pedagogesch an administrativ an den däitsche Schoulsystem integréiert ginn

Dee Prozess kritt e staarken Impuls duerch d'Optauche vun engem neien Acteur. Dem Oberschulrat Hanns Lippmann, 45 Joer, dem CdZ säi "Kommissar für die Angelegenheiten des höheren Unterrichts".

Hien installéiert sech op St. Maximäin, am Regierungsgebai. A sengem Numm rifft de Louis Simmer do eng Direkteschkonferenz an fir den Dënschden 3. September. An dëse Konferenzen, all zwou Wochen, begleet den Oberschulrat verständnisvoll d'Direkteren op dem Wee zu der däitscher Schoul. Hie kënnt am Ufank, am Vergläich zu aneren, eigentlech positiv eriwwer.

E puer Notizzen, déi sech den Edouard Oster zu dëse Reunioune gemaach huet, hëllefen déi Momenter vu September an Oktober ze beliichten.

September:

D'Konferenz vum 3. September ass eng wichteg Reunioun.

Et geet em d'Organisatioun vun Aarbechtsgruppe fir nei Stonnepläng a Programmer : zur Informatioun vun den Direkteren an dëse Gruppen bestellt de Lippmann zéng Exemplare vun engem Buch, "Erziehung und Unterricht", dat de Concernéierten den däitsche Schoulsystem méi no brénge soll.

Et geet et ëm d'Verpflichtungserklärung: All Member vum Schoulpersonal soll e Formulaire mat folgendem Text ënnerschreiwen, deen d'Verwaltungskommissioun weidergereecht huet :

"Ich verpflichte mich, alle Anordnungen der Deutschen Zivilverwaltung in Luxemburg und der von ihr in Luxemburg eingesetzten Dienststellen gewissenhaft durchzuführen."

D'Formulaire solle pro Gebai bis de 7. September un de Louis Simmer zeréckgoen. Hei sammelt de Lippmann och praktesch Informatioune fir seng Berichter über das Höhere Schulwesen und über das Hochschulwesen in Luxemburg. Un dëse Berichter ass ënner Aneren de Ministerialrat Bohne am Reichsministerium für Wissenschaft, Erziehung und Volksbildung zu Berlin interesséiert, wéi en an engem Schreiwes un de Lippmann vum 6. September seet. Hie stellt dee Moment d'Fro, wat dem Lippmann seng Pläng wieren, fir d'Schulung vun den Enseignanten.

Déi nächst Reunioun mam Lippmann ass de 16. September, also no dem Opstelle vun der Lëscht vun de jiddesche Schülerinnen. Et geet an der Haaptsaach weider em Organisatiounsfroen, déi nei Horairen a Programmer. D'Direktere sollen d'Virschléi vun hiren Aarbechtsgruppen dem Här Oberschulrat ënnerbreeden. Den Edouard Oster huet sech eng Rei Froe virbereet fir en Entretien mam Lippmann. Dorënner och déi hei: "Sind Verfügungen über die Zulassung nichtarischer Schülerinnen geplant?"

Oktober:

An der zweeter Hallschent Oktober steigt den Drock. D'Circulairë vum CdZ, déi d'Verwaltungskommissioun weiderleet, ginn ëmmer méi däitlech. Si fuerderen d'Beamten op, d'VdB aktiv ze ënnerstëtzen.

Dës Momenter illustréieren déi Entwécklung.

Schulunge fir Enseignanten

Bis den 11. Oktober waren d'Virschléi vun den Aarbechtsgruppen anzereechen. Et brauch zwee Rappelle vum Edouard Oster fir se dach an den Delaien ofzeliwweren. Si solle bei der Direkteschkonferenz vum 15. Oktober gebraucht ginn. Do kënnegt eng nei Circulaire eng Schulung un, di vum 21. Oktober bis den 8. November 20 Hären a 4 Dammen aus 7 Lycéeë matmaache sollen, zu Bad Stromberg. D'Direktere sollen déi Leit bestëmmen. Fir de Meedercherslycée sollen zwou Dammen an een Här op Stromberg.

Den Edouard Oster berifft eng Konferenz fir de Méindeg 14. Oktober an. Et gëtt hei decidéiert tëscht de méigleche Kandidaten d'Lous ze zéien. Sou ginn de Professer Willems, an d'Joffere Berg a Schumacher designéiert. De Robert Kieffer ass du bereet am Plaz vum Familljepapp Willems ze goen.

An der Direktesch-Konferenz, den Dag drop, gëtt da matgedeelt, datt d'Damme fir dës éischt Schulung dach net matfueren. Su datt fir de Meedercherslycée de Robert Kieffer eleng op Stromberg geet. Hie muss, ier e fort fiert, säin neie Besoldungsbogen ënnerschreiwen.

D'Notize vum Edouard Oster halen d'Explikatioune vum Lippmann fest:

Gauleiter bestimmt in keiner Weise Druck

freundschaftlicher Charakter

Hotelmässige Unterkunft, 1-2 Bettenzimmer, Fliessendes Wasser

Einführung in Geschichte, Erdkunde, Rassenkunde, Geopolitik.

Vorträge nur von Pädagogen; Herr Lippmann selbst Geschichte.

Kleine Arbeitsgemeinschaften.

Bücher mitbringen

Besichtigungen

Sport nicht zwangsweise.

Musikinstrumente für gemütliche Abende.

Hie stellt dem Oberschulrat och Froen:

Geht die Einladung zum Schulungslager von der Partei aus oder von der Regierung?

Besteht die Einrichtung auch für deutsche Kollegen, die nicht in der N.S. Partei sind?

Kann jemand gezwungen werden am Schulungslager teilzunehmen?

D'Äntwert op dës lescht Fro ass: Jo

Den Antrëtt an d'VdB

De Lycée mécht seng Demande fir den Antrëtt an d'VdB de 25. Oktober. Déi Deeg virdrun: Ofschafung vu Parlament a Staatsrot, Aféierung vun engem Sonderdienststrafgericht für Beamte, Destitutioun vum Albert Wehrer, deen de 24. an de 25. an der Villa Pauly verhéiert gëtt. Donieft Ofrappe vun der Gëlle Fra... De 24. Oktober gëtt de Louis Simmer folgend Direktive weider:

Die weltlichen Lehrer und Lehrerinnen aller Schulordnungen sind auf Anordnung des Chefs der Zivilverwaltung verpflichtet, an den wöchentlichen Schulungsabenden [[der VdB]] teilzunehmen.

De selwechten Dag annoncéiert den Landesleiter Kratzenberg, datt den Zougang an d'VdB fir Beamte gespaart gëtt. Professorinnen a Professere versammele sech de 25. mëttes am Lycée wou eng Decisioun iwwer Antrëtt oder Net-Antrëtt fale soll. An den Epuratiounsdossiere fënnt ee Spuere vun hiren Diskussiounen.

Ee Moment konfrontéiere sech zwou Positiounen:

Ëm den Edmond Wampach, dem fréiere Präsident vun der Alliance Française - meescht bestueten Hären - ass d'Meenung, datt een net méi waarde kann, et muss ee sech mellen ier et definitiv zu spéit ass; ëm d'Anne Beffort eng ganz Rei vun hire Kolleeginnen déi den Antrëtt refuséieren. Dréi Damme verloossen d'Reunioun fir de Platt Waller, den amerikanesche Chargé d'Affaires, em säin Avis ze froen.

D'Direktere Wagner, Faber an Oster hun de Lippmann gefrot. Sai Rot:

Die Direktoren sollen den Mitgliedern ihres Lehrpersonals dringend raten, der VdB-Bewegung beizutreten ; es wird jedoch niemand des Amtes enthoben, wenn er nicht beitritt.

Schlussendlech fält d'Decisioun, zesummen anzetrieden. All weltlech Membere vum Léierpersonal ënnerschreiwen. Een ass scho säit engem Mount dran. De Robert Kieffer huet dee Moment net materlieft. Hie war zu Stromberg, wéi de Pierre Biermann. Béid hunn hei d'Noriicht vum Antrëtt vun hire Gebaier an d'VdB kritt. Si hunn decidéiert mat hire Kolerinnen a Kolleege solidaresch ze bleiwen a sinn och agetratt.

D'Déngschtversammlung

Eng Déngschtversammlung fir all Erzéier aus dem Land, ass fir den 29. Oktober am Cercle annoncéiert, a Presenz vum Reichserziehungsminister Rust. Wärend där Versammlung, wou de corps enseignant vum Lycée vertrueden ass, brécht den Edouard Oster zesummen. Den 29. Oktober schéckt de Regierungsrot Simmer d'Verfügung vum CdZ, dass keng jiddesch Kanner méi a Schoulen zougelooss sinn. Den 30. Oktober ass den Edouard Oster a sengem Lycée. En affichéiert de Message, déi jiddesch Schülerinnen sollen a säi Büro kommen.

Déi Schülerinne sin Githa Cukier, Doris Deutz, Lea Galler, Mariette Galler, Rosa Galler, Rywka Haber, Doris Harf, Halina Jad, Edith Kahn, Julienne Kahn, Liesel Kahn, Lucie Kühn, Andrée Levy, Margot Levy, Marie-Luise Levy, Elfriede Lion, Bertha Löwenstein, Ilse Mann, Solange Salomon, Paulette Wiszynski, Edith Wolff.

Zwou Schülerinnen, Diza Koss a Germaine Abraham haten d'Schoul schonn Ufank des Mounts verlooss.

De Robert Kieffer verléiert 1941, wéinst senger kritescher Haltung, seng Plaz. Hie gëtt Zwangsaarbechter op der Reichsautobahn a muss schliisslech zu Düsseldorf an der Provinzialverwaltung Bürosaarbecht maachen. Am August 1945 gëtt hien Direkter vum Meedercherslycée. Hien ass Member an der Epuratiounscommission vum Louis Simmer. Fir de Livre d'Or de la Résistance, 1952, gëtt de Robert Kieffer vun der LPPD gefrot, d'Nimm vu Schülerinne vum Lycée fir d'Partie "Résistance estudiantine" ze nennen.

Ënner de Nimm déi hien eragëtt, sinn déi vun den ausgewisene jiddesche Schülerinnen.