Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  L'Imperatrice - Danza Marilu Feat. Fabiana Martone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 100 Joer Stade Thillebierg

Zäithistoriker

100 Joer Stade Thillebierg

Et kënnt net dacks vir, datt e Sportssite op den Inventaire vun den nationale Monumenter gesat gëtt. Dat ass, verdéngterweis, mam Stade du Thillenberg vun de Fussballspiller vun de Red Boys zu Déifferdeng geschitt. Den 100. Anniversaire vum Terrain ass den 21. Mee op enger Séance académique am Hall O, net wäit ewech vum Thillebierg, gefeiert ginn.

auto_stories

7 min

Den Denis Scuto. Foto: Archiv

Dësen 21. Mee gouf den 100. Anniversaire vum Stade du Thillenberg zu Déifferdeng am Lëtzebuerger Minett gefeiert. Iwwer dëse Fussballtempel, den apaartsten Terrain am Land, deen 2018 zu Recht op den Inventaire vun de Lëtzebuerger nationale Monumenter gesat gouf, schwätzen ech haut net nëmmen als Historiker, mee och als fréiere Fussballspiller. Net nëmmen andeems ech d'historesche Bedeitung vun deem Terrain versichen ze erklären, mee och andeems ech mech erënneren.

Ech erënnere mech, datt den Thillebierg mat engem Numm verbonne war, dee mech als Kand faszinéiert huet. En Numm an enger Sprooch déi ech net verstanen hunn: Red Boys. Dat war den Numm, deen ech no de Fussballsmatcher, op déi mäi Bop mech an de 70er Joren matgeholl huet, am Café Scarassa, beim Milio, zu Esch an der Hiehl, op enger Tafel mat hëlzene Plackette bewonnert hunn. Do stoungen d'Resultater vun de Matcher vun der Nationaldivisioun an der Éierepromotioun. "Red Boys", hunn ech gelies. Nieft aneren engleschen Nimm: Red Star, The National, Red Black.

Mäi Bop, dat war den Hoscheids Jemp, an den 1930er Jore Golkipp a Kapitän vun der Jeunesse a Rival vun der Red Boys. Seng Iwwersetzung vu Red Boys hunn ech bis haut verhalen. Et war eng fräi Interpretatioun, wéi ech haut weess. "Red Boys", sot mäi Bop nämlech zu mir, dat heescht "Rout Däiwelen".

"'Red Boys', sot mäi Bop, heescht 'Rout Däiwelen'"

D'Red Boys waren natierlech net d'Rout Däiwelen, mee den neien Numm deen de "Sportklub Differdingen", 1907 gegrënnt, sech 1919, nom éischte Weltkrich ginn huet. Däitschland hat de Krich verluer. Däitsch Nimm waren net méi in. Zur Diskussioun stoungen deemools ënnert de Spiller a Responsabele vum Club eng Rei Méiglechkeeten: Le Sport, Daring, Sparta, Radicis, Gallia... Englesch Nimm hunn sech nom Krich an der ganzer Sportswelt verbreet. De Fussball koum aus England. Dobäi koum, datt déi ganz populär amerikanesch Zaldoten vun der 5. Divisioun, och "Red Diamond" genannt, vun November 1918 bis Juli 1919 am ganze Minett stationéiert waren.

An enger Iwwerliwwerung vum Veräin heescht et, de Kapitän vun der Ekipp, Michel Mosinger, Bouf vum Policekommissär, deemools Student am Kolléisch a spéider en international bekannte Chirurg a Medezinfuerscher, hätt sech duerchgesat mat dem neien engleschen Numm: "Football Association Red Boys". Spillertrainer war iwwregens deemools e Mann bei deen déi Faarf och gepasst huet, am politesche Sënn: de Zénon Bernard, ee vun de Matgrënner vun der Lëtzebuerger Kommunistescher Partei 1921 a ganz aktiv am grousse Mäerzstreik géint d'Massenentloossung vun den Aarbechter an de Lëtzebuerger Schmelzen. Dowéinst gouf en op der Schmelz entlooss.

Déi Red Boys wenden sech am Januar 1921 un den Direkter vun der Déifferdenger Schmelz vun der Hadir, Pierre Ries, mat enger Demande fir en neien Terrain, well hiren ale, och am Besetz vun der Hadir, am Hierscht an am Wanter sech an en onpraktikabelt Bullisfeld verwandelt an se endlech, no 14 Joer, eng definitiv Bleif wollten hunn.

En nationaalt Monument

De Stade du Thillenberg gouf aus ville Grënn op den Inventaire supplémentaire des monuments nationaux gesat. En erzielt éischtens eng sozial Geschicht. De Bau vum Terrain hänkt zesumme mat anere Kämpf, Aarbechtskämpf, mat Krisen, an op der anerer Säit mat Lienen tëscht Begeeschterte vun dëser deemools relativ neier an ëmstriddener Sportaart an den Direkteren an Ingenieure vun der Schmelz a vun der Mine Thillebierg. An och mat Politiker.

Ënnerstëtzt ginn d'Red Boys an hirer Demande, wéi en Dossier aus den Arbed-Archive weist, vum Buergermeeschter vun Déifferdeng, dem Emile Mark. An engem Bréif un de Schmelzdirekter brécht en eng Lanz fir de Club a fir de Sport: "persuadés (...) que l'éducation physique sait marcher de pair avec l'éducation intellectuelle. D'ailleurs tous les pays civilisés protègent actuellement la culture physique."

De Club lount schlussendlech, fir 2.000 Frang pro Joer, eng Wiss vu 35 Ar um Uert "an der Wäsch", eng Wiss déi d'Hadir bis dohin engem Bauer fir säi Véi gepacht hat. Eng Wiss an dobäi och e Stéck vum Kahlebierg, dem Tagebau deen d'Schmelz an där Krisenzäit net méi exploitéiert, vis-à-vis vum Thillebierg. Mee et ass déi Minn vum Thillebierg, déi gréisste Minn am Land, déi dem ganze Site säin Numm ginn huet.

D'Spiller an d'Membere vum Club sammele Suen a këmmeren sech selwer em d'Terrassementsaarbechten, ënnert der fachmännescher Leedung vum Chef d'expolitation vun der Minn. E puer dausend Meter Cube Buedem hu missen deplacéiert ginn. Si kréien esouguer d'Hëllef vun de Spiller vum Konkurrenzclub, deen sech grad gegrënnt huet, déi schonns ernimmten Association sportive Red Star Differdange. De 24. Mee 1922, virun 100 Joer gouf de Stade Thillebierg ageweit.

Inspiréiert vun den Tribünen aus der Belle Epoque

Den Terrain um Thillebierg ass zweetens aus ästheteschen an architekturhistoresche Grënn als nationaalt Monument unzegesinn. Seng 1924 gebauten Tribün ass inspiréiert vun den engleschen Tribünen aus der Belle Epoque. Si erënnert am Klengen un d'Tribünen, déi den Ingenieur Archibald Leitch em 1900 an England gebaut huet. D'Nimm vun deenen englesche Stadie sinn Iech haut nach all e Begrëff, och wann d'Stadien haut gigantesch Arenae sinn: Old Trafford, Anfield, Stamford Bridge, Highbury asw. - Tribüne mat enger stole Struktur, mat Bänken aus Holz, mat engem hëlzene Pultdaach wéi um Thillebierg.

An der Mëtt e Suedeldaach mat engem klengen Daachtiermchen. Imposant sinn och vis-à-vis d'Gradins, fir d'éischt eng natierlech Tribün am Kahlebierg, déi séier zu gréissere Gradins aus Bëtong fir 5.000 Zuschauer ausgebaut gouf. De Briederzonk gouf am Laf vun der Zäit duerch eng Zillemauer ersat. Donieft gouf et och nach en Tennis- an e Basketsterrain. Dat Ganzt wierkt wéi en anticken Amphitheater deen an de Bierg gemeesselt gi wier.

Beandrockend war d'Vue op den Thillebierg an erof op Déifferdeng an dat ganzt Dall mam Zolwerknapp am Hannergrond. D'Authentizitéit vun dësem Site ass en drëtt wichtegt Element wat de Klassement vum Thillebierg erkläert.

Déi mënschlech Dimensioun vum Site

Ganz wichteg schéngt mer awer och déi mënschlech Dimensioun vum Site, dat heescht déi sportlech Aventure, déi de Bau vum Terrain um Thillebierg erlaabt huet. Kuerz nom Bau vum Terrain geléngt de Red Boys, 1923, d'Conquête vum éischte Championstitel. Zwee Joer drop déi éischt Coupe de Luxembourg. Siwe Coupen an dräi Meeschtertitel sollte bis zum Zweete Weltkrich dobäikommen. Haut kuckt de Club, deen zanter der Fusioun mat de AS Déifferdeng Déifferdeng 03 heescht am Ganzen e Palmarès vun 19 Coupen a sechs Championstitelen.

De Stade vum Thillebierg war an der Tëschekrichszäit de beléiftsten Terrain och vun der Lëtzebuerger Nationalekipp, mat eelef internationale Mätscher vun 1926 bis 1939, mat am Duerchschnëtt 6.000 Zuschauer pro Match. Vum leschte Match huet mäi Bop, deen deemools fir Lëtzebuerg am Gol stoung, gär geschwat: De 26. Mäerz 1939 hunn déi Rout Léiwen 2-1 géint Däitschland gewonnen um Thillebierg.

Virun allem, gouf de Lien tëscht deem wat um Thillebierg an deem wat an der Industriestad Déifferdeng passéiert ass ëmmer méi enk. An der leschter Héichzäit vun der Stolindustrie ware ganz vill Spiller vun de Clubben aus dem Minette an de Schmelze beschäftegt. Iwwer de Fussball hunn Entreprise wéi Hadir an Arbed, déi d'Terraine verlount hunn, déi d'Präsidente gestallt hunn, déi Aarbechtsplaze ginn hunn, eppes ganz Wichteges zeréck krut, woufir hir Nofollgerkonzerner haut Milliounen Euro mussen ausginn. An zwar eng gemeinsam Identitéit. Dat nennen se haut "corporate identity". Den Numm verréit schonns, datt et Welte ginn tëscht haut a fréier. Um Fussballterrain hunn d'Jongen anengems fir d'Éier a fir d'Kolleege vum Betrib gespillt, déi och zu villen se als Zuschauer Sonndeg fir Sonndeg ënnerstëtzt hunn.

No 2012 war Schluss um Thillebierg, op d'mannst als Haaptstadion. A vill vun eis haten Angscht, datt dëse Site kéint verschwannen, denaturéiert oder zerstéiert ginn. Seng Inscriptioun op den Inventaire an de Kaf vum Terrain duerch d'Gemeng, ënner anerem duerch den Asaz vun deenen déi vill vun hirer Zäit, hirer Energie an hirer Begeeschterung an den Thillebierg gestach hunn, ass eng gutt Nouvelle an eppes ganz Wäertvolles.

Et ass en Zeechen, datt mer haut nach fäerdegbréngen, déi Wierker an déi Landschaft déi eis Elteren a Grousseltere geschafen hunn, datt mer fäerdeg bréngen déi déif Spueren déi se an dëser Géigend an dësem Land hannerlooss hunn, ze éieren. De Kaf d'lescht Joer och vum Carreau vun der Minn Thillebierg léisst eis hoffen, datt deemnächst hei weider grouss Projeten am Zesummewierke vu Sport, vun Natur a vun Industriekultur wäerten entstoen. Mam selwechten Ziel wéi dat wat um Stade Thillebierg 100 Joer gemaach gouf: Mënsche vun de verschiddensten Originnen zesummenzebrénge ronderëm humanistesch Valeuren.