Radioen

On air

Notturno  |  U.S. Girls - Futures Bet

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zeréck an d'Welt

Déjà Vu : Curtis Mayfield- Back to the World

Zeréck an d'Welt

Fir eisen Déjà Vu Album vun der Woch klamme mir haut op de Soul Train. D'Joer ass 1973 an den amerikanesche Soulsänger Curtis Mayfiled faert op sénger 4. Plack net, politesch Aussoen ze maachen.

auto_stories

5 min

Curtis Mayfield (Foto: S. FLANNAGAN)

Wat de Curtis Mayfield iwwer d'Joren esou aflossräich gemaach huet an der moderner Soul-Musek war eng Missioun, déi hien sech a jonke Jore ginn hat. Datt d'Museksindustrie déi schwaarz Musek op Liibeslidder an Danzmusek beschränkt huet, goung him géint de Stréch. Gläichzäiteg hunn ausserhalb vun der Museksindustrie schwaarz Leit fir hir Biergerrechter an d'Sécherheet vun hiren Noperschafte gekämpft. Iwwer de Cours vu senger Karriär, déi Enn der 50er ugefaangen huet, sammelt de Mayfield de Courage, dëse Kampf, deen him um Häerz loung, auszedrécke wéi hien et konnt. A senger Musek.

D'Sängerin Mavis Staples vun de Staples Singers hat en änleche Parcours, a sot iwwer de Mayfield: "Hien hat e laange Katalog vu wonnerbare Lovesongs, zu deenen ee Loscht hat, am Keller lues ze danzen. An dunn, op eemol, schreift hien e puer vun deene beschte Messagen a Lidderform, déi ee fanne kann"."

1973 hat de Mayfield grad de Soundtrack vum Blaxploitation Film "Super Fly" hannert sech, ee Film iwwer Drogen, Gewalt, a Bandekultur, vun deenen de Mayfield net zu 100 Prozent enchantéiert war, een Deel ze sinn. Och wa seng Musek perfekt an de Film passt, geet se mat hirem Pessimismus géint déi befreiend Illusiounen, déi de Film net ganz condamnéiert kritt. "Super Fly" war eng Reklamm, fir Kokain ze verkafen, soll hie senger Fra gesot hunn. Och wann et grad seng Texter waren, déi dat verhënnert haten.

Sozialkritesche Groove

Funkeg Soul Musek, déi eppes ze soen huet, sozialkritesche Groove, dat liwwer de Curtis Mayfield och op "Back In The World", sengem 4. Studioalbum, deen am Mee 1973 erauskënnt. Seng Sträicher- an Hörner-baséiert Approche zum R&B ass e bëssen ofgespeckt op dëser Plack, ee klenge "Back to the Roots" villäicht, dofir stécht méi Optimismus an den Texter, an ee méi liewegen Toun wéi op deem dann dach melancholesche Superfly.

"Right On For the Darkness" as sécherlech déi intensiivst Nummer op "Back to the World" an haut déi am meeschten appreciéiert. Orchestrale Funk, wéi en haut vun den Italiener Calibro 35 erëm entdeckt gëtt, nach ëmmer gezappt an déi filmesch Grandeur vum Mayfield senger Soundtrack Aarbecht. De Song gouf gecovert vu gefillt jiddwerengem, vu Gang Starr bis Insane Clown Posse an ass eng Lamentatioun iwwer déi mënschlech Konditioun, a ganz besonnesch Gurmangsegkeet a Versuchung.

Et war ee vun deenen éischte Curtis Mayfield Tracks, déi ech selwer héieren hunn, an direkt ee Favorit. Näischt op deene méi offensichtleche Klassiker vum Mann aus Chicago huet dës Impressioun jee iwwerschriwwen.

Och hei erliewe mir de Mayfield soziale Commentateur. Wärend eng Well vun importéierten Drogen Ufank de 70er iwwer d'Staate schwappt, a besonnesch déi sozial schwaach mat sech erforthëlt, wëll hien d'Welle brieche mat senge batterséisse Beschreiwunge vu laang dout gesootene Ghetto.

Déi leedend Wah-Gittar am Ufank an dem Mayfield säin onvergläichleche Falsetto setzen den Toun. Grouss Geien huelen den zweete Verse mat iwwer d'Skyline an déi endlos Quartiere vu Chicago, d'Stad bal Dickensianesch vun Damp a Tentatioun ëmkrauselt, wärend dem Sänger seng Feiler déi privilegiéiert bis op d'Blutt picke wëllen. Et ass extrem lieweg, visceral Soulmusek hannert der eleganter Fassad.

Zukunfts-Schock

Genee zéng Joer no der Verëffentlechung vun eisem Album sollt dësen Track engem ganzen Album vun engem gewëssenen Herbie Hancock säin Titel ginn, mat enger Coverversioun vum Mayfield-Song als Titeltrack. Den Drummachine-Groove, mat deem den Hancock dem Mayfield seng groove-baséiert Kompositioun all Mëttelen hëlt, ass menger Usiicht no net gutt gealtert, an et fënnt een um Hancock senger Plack vill besser gelonge Stécker. Op "Back In The World" allerdéngs ass dësen Titel, deen eng Aart Neischreiwung vum Superfly Titeltrack geduecht war, de stäerksten Hook vum ganzen Album.

Den Duett tëscht dem Mayfield sengem Falsetto an senger Gittar fänkt de Song un, wéi sou oft. D'Basslinn geet dësen zwou Stëmmen entgéint, fir d'éischt erof an dann erop, wat d'Spannung hält fir an dee mat Blechbléiser ageleete Refrain, dee Blues-Fanfare-Charakter entwéckelt. D'Basslinn an d'Drums kréien hir melodesch Äntferte vun den Hörner, déi schéisse wéi Feiler, an der glëtscheg opdauchen de Gittartéin. D'Flute entwéckelt zu Enn déi méi duuss Aspekter vun der Melodie a bréngt de Song zum Enn.

D'Lyrics si staark an haut nach aktuell. Si erziele vun enger däischterer Triad aus Aarmut, Apathie a Rassismus, déi d'Mënschheet dovun ofhält, richteg op de Planéit Äerd opzepassen. D'Resonanz mam Klimawandel vun haut ass net ze leegnen, an de Song meesselt dat düstert Bewosstsinn eran, datt 1973 schonns genee gewosst war, wéi eng Problemer a Saachen Ëmwelt op eis duer géinge kommen. Ee Future Shock, eben. Heifir seng Gittar Wanselen ze doen ass Poesie, ekologesche Gospel, wann een esou wëll, mee gefaasst a Rhythmus.

Ee Klassiker, mee kee Favorit

"Back to the World" huet et net fäerdegbruecht, de Smash-Erfolleg vu Superfly dat Joer virdrun ze widderhuelen, mee huet trotzdeem Top 20 Chartpositiounen an de Staaten erreecht. D'Museksbibliothéik AllMusic schreift : "Back to the World" war eng definitiv Enttäuschung; d'Musek war net esou kraaftvoll, wéi d'Fans et erwaart haten, an obwuel d'Songs dem Mayfield seng gewinnten héich Standarden erfëllt hunn, war d'Plack musikalesch wéi thematesch ze änlech zu hire Virgänger."

Staark Wieder fir eng Plack, op där sécherlech zwee vun deene véier prägnantste Mayfield-Songs drop sinn. De Curtis Mayfield ee One-Trick Pony? Villäicht. Mee d'Schattéierunge vu senger, ebe ganz eegener Manéier Musek ze maachen, déi Back To The World erkennen deet an déif erfuerscht, sinn et wuel derwäert. Déi zeréckgezunnen Emotioun, Gewalt bal, déi dem Mayfield seng Stëmm briechen a jéimeren deet, an ëmmer am genee richtegen Toun, ass op bal kenger anerer Plack vun him esou staark ze spieren. Well och gesanglech ass "Back to the World" eng virtuos Plack, déi vun der Band net nëmme gedroen, mee viru gedriwwen a weider nuancéiert gëtt.