Als elektronesche Folk gëtt seng Musek bezeechent: de Folk steet an dësem Fall dofir, datt de Bongeziwe Mabandla probéiert, traditionell Melodien ze adaptéieren a modern, also elektronesch, anzekleeden. An Interviews betount hien dacks, datt et him net nëmmen dorëms geet, seng eege Musek iwwer d'Grenze vu Südafrika eraus bekannt ze maachen, mee och gläichzäiteg Opmierksamkeet op aner südafrikanesche Kënschtler*innen ze riichten. An esou engem grousse Publikum bewosst ze maachen, wéi vill am Westen eventuell - bewosst oder onbewosst - aus dëser Kultur "geléint" gouf.
Am Ufank konnt een dem Bongeziwe Mabandla seng Musek nach als Afro-Folk bezeechnen. Op sengen zwee éischten Alben "Umlilo" a "Mangaliso" stoung d'akustesch nach am Vierdergrond. Mat "Ndokulandela" ass him 2017 souguer e klengen Hit gelongen. Den Nofolger "iimini" aus dem Joer 2020 war dono awer scho vill méi schwéier ze faassen.
D'akustesch Gittar ass progressiv ëmmer méi an den Hannergrond geréckelt, de Bongeziwe Mabandla huet verstäerkt elektronesch Elementer afléisse gelooss, d'Songstrukture goufen opgebrach, alles gouf méi experimentell. En Zeechen, datt hien als Kënschtler sécher ganz éiergäizeg ass a wëll Succès hunn, awer op seng Manéier, mat sengem eegene Stil. E grousse Bäitrag dozou geleescht huet och säi Produzent den Tiago Correia-Paulo, dee selwer aus dem Mozambique kënnt, an och schonn dem Bongeziwe Mabandla seng lescht dräi Albume produzéiert huet.
Et ass virun allem och dem Bongeziwe Mabandla seng Stëmm, déi seng Musek esou eenzegaarteg mécht. Hie séngt ëmmer éischter an engem héije Regëster villäicht och inspiréiert duerch seng Ufäng als Kand am Kierchechouer. Dobäi wollt de Bongeziwe Mabandla am Fong entweder Moler oder Schauspiller ginn - an ass dofir och op eng Konschtschoul gaangen, méi genee gesot op d'School for the Creative Economy, wou een sech zum Beispill och op d'Radio-maache spezialiséiere kann oder op d'kreatiivt Schreiwen. Zu Johannesburg koum hien do a Kontakt mat der lokaler Musekszeen an huet gemierkt, datt hien sech duerch d'Musek am beschten ausdrécke konnt.
Apropos ausdrécken: de Bongeziwe Mabandla schreift seng Texter op Xhosa, oder isiXhosa, enger vun den 11 offizielle Sprooche vu Südafrika. Wéi schonn um Virgänger-Album "iimini" geet et och op "amaXesha" haaptsächlech ëm d'Léift. Ëm déi romantesch Léift engersäits, awer net nëmmen. D'Lidd "thula" handelt sou zum Beispill vun der Léift zu senger Mamm. De Museker ass ouni Papp opgewuess - och dee Sujet hat hien op enger fréierer Plack schonn eemol ugeschwat. Hei zielt hien awer dovunner, wéi Mamm a Jong sech an de leschte Joren ausernee gelieft hunn - wéi dat esou ass, wann e Kand erwuesse gëtt an ufänkt, seng eegen Entscheedungen ze huelen. Am Lidd geet et dann dorëm, wéi an ob d'Léift déi Géigesätz iwwerwanne kann.
Op "AmaXesha" fënnt een dann souwuel ganz atmosphäresch Stécker, déi eent an dat anert iwwerginn, awer och danzbar Titelen, déi matrappen.