Radioen

On air

Resonanzen  |  Der Albena Petrovic hire musekaleschen Zoufluchtsuert

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vu Gletscheren an Ankeren

Musek

Vu Gletscheren an Ankeren

​De Mikro ass nach bal méi déck agepaakt, wéi d'Männer, déi probéieren, en am stiermesche Wieder fest unzehalen, an der Hoffnung d'Naturgeräischer méiglechst authentesch anzefänken. 2022 ass de Lëtzebuerger Museker Chris Reitz zesumme mam Fotograf a Filmemaacher Sam Flammang an Island gereest, mat der Iddi, sech do vun der Natur fir nei Kompositiounen inspiréieren ze loossen.

auto_stories

4 min

Chris Reitz (Foto: Lisa Lahos)

Mat senger elektrescher Gei huet de Chris Reitz sech zanter enger Rei Joren net just als Member vun der Lëtzebuerger Formatioun Zero Point Five eng Reputatioun erspillt, mee virun allem och mat sengem Soloprojet All Reitz Reserved. Hei verbënnt hie Beats, Synthesizer an de Klang vu sengem selwer gebauten Instrument zu enger mol méi danzbarer, mol méi atmosphärescher Musek. E Samschden, den 29. Abrëll 2023 stellt hien zu Déifferdeng am Ale Stadhaus seng nei Single "Peace Of Mind" vir, déi op der Rees an Island entstanen ass.

Wierklech komponéiert huet de Chris Reitz ënnerwee allerdéngs net - et goung haaptsächlech dorëm Geräischer anzefänken, déi dann a sengem Studio am Escher Bâtiment 4, dem Tiers-Lieu Culturel entweder ganz pur gelooss goufen oder mat Effekter verfriemt goufen.

"Eleng déi Sounds si schonn immens inspirativ. Et sinn deelweis Saachen, déi eent zu eent an d'Musek era komm sinn, fir einfach déi elektronesch abstrakt Musek ouni Text, ouni Kontext och, e bëssen an der Wierklechkeet ze verankeren. Dat fannen ech geet immens gutt mat Natursounds."

Den Interessi fir d'Musek, a méi speziell fir d'Géi, läit an der Famill - dem Chris Reitz säi Papp ass de Péitenger Luthier Jean-Pierre Reitz. Obwuel hie vu Klengem un Gei geléiert huet a spéider och am Lycée op enger F-Sektioun war, gouf déi richteg Begeeschterung beim Chris Reitz eréischt duerch d'Entdeckung vun der elektrescher Gei ausgeléist. Op eemol konnt hie sech virstellen, säin Instrument anescht anzesetzen, wéi an der Klassik, an sech méi fräi auszedrécken.

No engem Studium vun der Massekommunikatioun an der Politik wollt hien u sech de Wee vum Journalist aschloen. Wéi hien awer virun der Wiel stoung, entweder als Freelance-Journalist oder als Freelance-Museker ze schaffen, huet hien sech um Enn awer - op d'mannst emol fir de Moment - fir d'Musek decidéiert. De Chris Reitz ass sech bewosst, mat wéi vill Defien onofhängeg Museker*innen hautzedaags konfrontéiert sinn. Virun allem duerch d'Digitaliséierung an d'Entwécklung vun der kënschtlecher Intelligenz, déi gefillt all Dag nei Viraussetzunge schaaft, déi een esou wuel bei der Kreatioun, wéi och bei der Vermaartung vun där Kreatioun, muss a Betruecht zéien.

"Et sinn Zäite wou sech immens schnell veränneren a wou s de immens hannendru muss bleiwen, fir de Fuedem net ze verléieren. Also, ech kléngen elo wéi en ale Mann, ech hunn 30 Joer" sot de Chris Reitz am Interview, "mee heiansdo soen ech mer, wow, ech weess net, wéi d'Welt a fënnef Joer ausgesäit."

Als President vun der FLAC (Fédération Luxembourgeoise des Auteurs et Compositeurs) engagéiert hien sech och ganz konkret. Besonnesch an engem Land wéi Lëtzebuerg, mat sengen héije Liewenshalungskäschten, ass et fir onofhängeg Kënschtler:innen ganz schwéier, sech eng finanziell sécher Basis ze schafen, op där een eng Karriär opbaue kann.

Bis elo geréiert de Chris Reitz dës Karriär nach ganz eleng - diy, wéi hie seet, also "do it yourself", ouni Label, Management oder Booking, déi him organisatoresch Aufgabe géifen ofhuelen. Dofir ass hien awer artistesch gutt entouréiert: Den 29. Abrëll gëtt am ale Stadhaus nämlech net nëmmen e Concert gebueden, mee direkt en audiovisuelle Spektakel mat Videoprojektioun, déi um Bildmaterial baséieren, dat de Sam Flammang aus Island matbruecht huet, an déi net einfach ofgespillt ginn, mee live der Musek ugepasst gi vum Videokënschtler Melting Pol. Dernieft kann een op der selwechter Plaz och nach eng Ausstellung mat den Island-Fotografie vum Sam Flammang kucke goen - an dat schonn ab dem 25. Abrëll.

De Chris Reitz alias All Reitz Reserved stellt dëse Samschden, 29. Abrëll um 20.00 Auer seng nei Single "Peace Of Mind" am Ale Stadhaus zu Déifferdeng vir. All weider Informatiounen: www.stadhaus.lu