"Muddy Beach" Filterblos
Déi jonk Indie-Rock Band kënnen hir gemeinsam WG zu Berlin am Moment hannert sech loosse fir ë bëssen, wann et mat hirer Tour weider geet. 12 Datumer sinn nach ze spillen, vun Däitschland iwwer Eisträich bis an Island an zeréck.

D'Band huet och grad hir nei Plack opgeholl, déi am Fréijoer 2022 soll erauskommen. Als Tëschesingle no der EP a Videoserie "A Curtain Call for Dreamers" mécht "Muddy Beach" d'Bréck op ganz Neies. De Video, zu Berlin gedréit vum Yann Gengler, ënnersträicht den Text, dee vum Schäi-Konsens an der perséinlecher Online-Blos erzielt.
Ee Concert zu Lëtzebuerg ass virun de Preparatioune fir d'Sortie nach net festgeluecht, mee awer ugeduecht. Fir TUYS-Fans heescht et bis dohinner de Concertskalenner am A ze behalen.
Lauschtert den Interview mat der Band hei