Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Sébastien Rouland iwwerhëlt d'Baguette

Saarbrecker Staaatstheater

De Sébastien Rouland iwwerhëlt d'Baguette

De Sébastien Rouland ass virun allem als Operendirigent bekannt. Allerdéngs mécht hien och gär symphonesch Concerten, wéi beispillsweis am Mäerz 2018 als Chef invité vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg an der Philharmonie. En Dënschdeg huet de Sébastien Rouland zu Saarbrécken säi Kontrakt als neie Generalmusikdirektor vum Staatstheater ënnerschriwwen. Hien trëtt säi Poste fir d'Saison 2018/19 un.

auto_stories

1 min

Eigentlech ass de Sébastien Rouland Cellist, mä a senge jonke Jore war hien och scho vun der Orchesterdirektioun begeeschtert. Zënter 2002 huet hie sech international als e villsäitegen Dirigent etabléiert. Säi Repertoire geet vu Barock bis zur zäitgenëssescher Musek. D'Barockmusek war laang seng Spezialitéit, an där hie sech fir déi historesch Opféierungspraxis interesséiert.

Mëttlerweil ass de Sébastien Rouland virun allem als Operendirigent bekannt. Seng Projete féieren hien als Gaaschtdirigent an déi gréissten Operenhäiser op der Welt : Essen, Berlin, Stuttgart, Paräis, Lyon, Marseille, Wien, Lissabon... 2015 hat hie säin Debut an der Opéra National de Paris mam Gluck senger Oper "Alceste".

Oper a Concert

Allerdéngs dirigéiert de Sébastien Rouland och gär symphonesch Concerten. Am Mäerz 2018 ass hie Chef invité vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg an der Philharmonie fir e Programm mat Ravel, Debussy, Britten a Berlioz. Solistin ass d'Sopranistin Anna Prohaska, Artist in Residence an der Philharmonie. D'Chance, sech kënnen am symphonesche Repertoire ze beweegen, war ee wichtege Critère, firwat de Sébastien Rouland de Posten zu Saarbrécken ugeholl huet.

Iwwert seng Projeten a seng Iddie fir Saarbrécken wollt den neie Generalmusikdirektor nach net vill verroden. De Programm soll ganz breet gefächert sinn, vu Barock bis Zäitgenëssesches, ouni den traditionellen Opereprogramm ze vernoléissegen, seet de Sébastien Rouland.