Sample vun der Woch Dorothy Ashby - The Windmills Of Your Mind

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

Bobby Bieles / rb

Dorothy's Harp
"Dorothy's Harp" vun der Dorothy Ashby

Dëst Lidd war ursprénglech eng franséisch Chanson vum Michel Legrand an huet "Les moulins de mon cœur" geheescht. Et gouf vu villen Artiste gecovert, zum Beispill Dusty Springfield oder José Feliciano. Mee hei geet et ëm der Ashby hir Versioun.

Et war un der Ashby hirem aachte Solo Album "Dorothy's Harp", deen 1969 um Cadet Label erauskoum. Et ass e funkeschen Album mat Melodien, déi gären am Kapp hänke bleiwen.

D'Dorothy Ashby ass eng Jazz-Harfspillerin, déi 1932 zu Detroit gebuer gouf. No enger klassescher musikalescher Erzéiung huet si sech op d'Harf spezialiséiert.

D'Ashby huet der Harf eng zweet Jugend geschenkt

D'Harf ass en Instrument, dat dacks vergiess oder op der Säit gelooss gëtt. D'Ashby huet dësem Instrument eng zweet Jugend geschenkt, andeems si et op enger ausseruerdentlech funky Aart a Weis benotzt huet.

Si hat enorm Schwieregkeeten sech wéinst hirer Hautfaarf als Harfspillerin ze imposéieren. Puer Jazz-Museker hu sech och dogéint gewiert, eng Harf an hir Formatioun eranzehuelen, well d'Harf éischter mat klassesch Musek associéiert gëtt.

Dat heescht am Ufank war d'Ashby eleng ënnerwee oder mat hirem Mann un den Drums, an engem anere Museker op der Flütt. Finalement huet si et fäerdeg bruecht d'Harf perfekt an den Jazz-Milieu ze integréieren. Souguer de Bill Withers oder Stevie Wonder hu spéider op der Ashby hir Lidder zeréckgegraff.

Der Dorothy hiert "The Windmills Of Your Mind" gouf e puermol am Hip-Hop gesampelt, zum Beispill am selwer produzéierte "Locked" vum Rapper Pacewon. De Sample gëtt hei onverännert an engem Stéck geloopt a mat enger Perkussioun hannerluecht, wärend de Pacewon doriwwer rappt.

E bëssen anescht verleeft et beim Pete Rock produzéierten "All I Know" vum Rapper a Beatboxer Rahzel. Hie zerschnëppelt hei de Sample bis en net méi ze erkennen ass a gëtt deem Ganzen eng nei Dynamik.

E lescht Beispill ass d'Mélat an hire liichten R'n'b an hiren Titel "Fanclub" vun 2014. Den Track ass produzéiert vum kalifornesche Beatmaker Jansport J.

An der Mediathéik:

De Sample vun der Woch / / Bobby Bieles
Lauschteren

Méi zum Thema

e31.jpg
Sample vun der Woch

Den Herbie Hancock brécht an de 70er d'Barrièren tëschent Jazz, Funk a Rock a bréngt Jazz-Fusion an de Mainstream. Eng opgefrëschte Versioun vun "Watermelon Man" huet en enormen Afloss op den Hip-Hop.

e29.jpg
Gesellschaftlech Problemer op funky Aart a Weis

Dem Curtis Mayfield säi Lidd "Move On Up" huet gesellschaftlech Problemer op eng extrem funky a melodesch Aart eriwwerbruecht. 2005 gëtt et fir dem Kanye West säi Lidd "Touch the Sky" gesampelt.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen