Rencontere ronderëm “Deadly, Sadly, Whatever” Release-Concert fir eng eemoleg Live-Plack: Bartleby Delicate & Friends an de Rotonden

Als "Bartleby Delicate" gouf de Georges Goerens 2018 an der Rockhal zum "Promising Artist of the Year" gewielt. Zanterhier huet hie vill Musek erausbruecht, grouss international Showcase-Festivale gespillt, an ass getourt.

Marc Clement / cbi

Bartleby Delicate

Trotz zwee Pandemie-Joren huet hien ee Karriärhéichpunkt erlieft, deem säin Ofschloss duerch Covid laang op sech waarde gelooss huet: ee Concert an der Philharmonie, zanter 2020 verluecht, huet dem Singer-Songwriter fir d'éischte Kéier erlaabt, sech eng Wonschband zesummenzestellen, a ganz akustesch un eng Selektioun vu senge Songs erunzegoen.

D'Arrangementer hu sech fir dëse ganz besonnesche Concert ënner dem Apport vun Jamie Reinert um Pedal Steel an de Gittarien, der Claire Parsons op de Backings an den Tasten, dem Nick Sauber op Bass an Cello, an dem Christophe Demart op den Drums verwandelt.

De Concert an der Salle de musique de chamber gouf integral opgeholl an ass elo prett, op Vinyl erauszekommen. Fir d'Release vun der eemoleger Opnam triede Bartleby Delicate & Friends dann nach eemol an derselwechter Konfiguratioun op, dëse Samschden, an déi Kéier zu Bouneweg an der grousser Rotonde.

Et versprécht ee musikalesch héichklassegen Owend ze ginn. Iwwer d'Hannergrënn steet de George Goerens dem Marc Clement Ried an Äntwert, mee och iwwer Seed to Tree an ENGLBERT, zwee aner Projeten, an déi de Songwriter involvéiert ass, ginn ugeschwat.

Méi zum Thema

Reset Jazz Festival Dag 3
RESET 2023 Jazz Festival

De Reset Jazz Festival leeft vum 26. bis den 28. Januar an der, an ëm, d'Abbaye de Neumünster. Hei improviséiere Museker:innen zesummen, déi sech eréischt kuerz virdru kenne geléiert hunn.

James Yorkston - PC Anna Drvnik 1 - 300 dpi.jpg
Album vun der Woch

Mat "The Great White Sea Eagle" geléngt dem James Yorkston eng vu senge schéinste Placken. Zur Säit steet him dobäi d'Nina Persson vun The Cardigans an Second Hand Orchestra.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen