Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Release Concert an der Kulturfabrik

Nei Single vun TUYS: "Yellow Ether"

Release Concert an der Kulturfabrik

Déi Lëtzebuergesch Indie-Rock Band TUYS spillt dëse Freiden de Owend an der Kulturfabrik ee Release Concert mat ville Gäscht. Ophänkert dovunner ass d'Sortie vun hirer neier Single "Yellow Ether". Mir hu mam Sänger/Gittariste, dem Tun Biever, an dem Bassist Yann Gengler, iwwer de Song, de Concert, an dee fir Abrëll annoncéierten Album geschwat.

auto_stories

2 min

D'Band TUYS ass vill ënnerwee: hir "Yellow Ether" Tour huet si leschtens op ee vu KulturLX arrangéierte Showcase um Icelandic Airwaves zu Reykjavik gefouert.

"Et war ee ganz ontypesche Showcase, an et huet ee gemierkt, datt d'Leit do einfach nëmme Bock op live Musek haten", esou den Tun Biever. Hie bezitt sech hei op d'Pandemie-Duuschtstreck, déi nach ëmmer net ganz iwwerwonnen ass - de Virverkaf fir Concerte bleift lues.

Méi ewéi just Musek

Wien d'Geschicht vun TUYS e bësse verfollegt huet, weess, datt den neie Song en Element vun enger vill méi grousser Geschicht ass, déi TUYS ze erzielen hunn, an déi mëttlerweil all Aspekter vun der Musek ëmspaant.

Am Zentrum dovu steet eng Plack, déi am Abrëll d'nächst Joer wäert erauskommen. Dat erschéngt nach laang, mee d'Plack ass grondsätzlech an der Këscht a war ee laang geplangte Projet.

Fir un neiem Material ze schaffen, ass d'Band zesummen op Berlin geplënnert, an huet sech zanterdeem a villen Hisiichten nei erfonnt. Si hu sech och ëmmer erëm mat Singles a Videoen de Public bei der Staang gehalen, genee wéi mat hirer EP "A Curtain Call for Dreamers".

"Mir wollten eis Zäit huelen, zesummen an engem Appartement wunnen", esou TUYS, déi vun hirer Zäit profitéiert hunn, fir net nëmme vill Musek mee och Filmmaterial ze produzéieren, dat deem kommende Konzeptalbum wäert zegutt kommen.

Eng intelligent Reflektioun op d'Zäiten

Singles wéi "More Than An Account" oder "Muddy Beach" beschäftege sech mat de Verzerrungen, déi duerch d'"Attentiouns-Ekonomie" optriede kënnen, dat an Toun a Bild. Déi kommend Plack an déi nei Lidder féieren dës Iwwerleeunge weider:

"Mir hunn an deene leschten zwee Joer gemierkt, datt subjektiv Point-de-vuë staark kënne matenee clashen, an d'Gesellschaft polariséieren. D'Verluersinn tëschent extreme Positioune wollte mir - ouni ze kritiséieren - ofbilden."

Genee wéi bei hire Singles, spillt och an Zukunft de Medium vum Video eng wichteg Roll.De Museksbusiness ass séier, an eng Geschicht, déi hir Verëffentlechungen zesummenhält, stäerkt der Band hir Relatioun mam Public.

De Yann Gengler huet d'Preproduktioun an d'Mise-en-scène vun dëse Videoen iwwerholl, an zesummen hunn déi véier Bandmemberen elo och ee ganze Kuerzfilm gemaach, dee sech Single fir Single soll vervollstännegen.

Den neie Song "Yellow Ether" huet eng bestëmmte Plaz an dësem Film a representéiert eng Aart "Realitéit", déi zum Kaf ugebuede gëtt. iwwerzeegt Iech selwer.