Radioen

On air

Notturno  |  Men I Trust - Show Me How

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Op d‘Oueren! Eis Liblingslidder vun der Woch

Nei Musek

Op d‘Oueren! Eis Liblingslidder vun der Woch

Dir hutt Loscht op fuschnei Musek? D‘Museksredkatioun vum radio 100,7 guidéiert iech duerch den Dschungel vun neien Tendenzen.

auto_stories

2 min

Nao | © Lilie Eiger
Nao (Foto: Lilie Eiger)

Et gëtt esouvill nei Musek z'entdecken. D‘Museksredaktioun vum radio 100,7 lauschtert sech all nei Verëffentlechung un. Ok, vläicht net grad all Lidd, an dach dinn eis Oueren um Enn vum Dag wéi. Di hei Songs hunn et a sech a lafe bei eise Museksnerds ouni Enn op der Anlag.

Di englesch Pop Kënschtlerin Nao liwwert mat hirem Song "Wildflowers" de Soundtrack fir d‘Fréijoer. Eng frësch Nummer déi mat vill Hoffnung a waarme Faarwen opblitt. Neiufank a Fräiheet steet dann och an der brittescher Rapperin "Little Simz" hirem neie Lidd "Free" am Mëttelpunkt. Nom Spadséiergang am Park invitéiert dann den engleschen Duo "Real Lies" bis an de Club. Op "Wild Sign I Choose You" geléngt hinnen de Spagat tëscht epesch an intim, Melancholie a Extas. D'Schwäiz ass déi kéier zweemol op eiser Playlist vertrueden. Eemol bléist en agreabele Wand ënnert der Form vum Lidd "Paper Plane" vun der Jorina Stamm hirer Band "Soft Loft". E Stéck dat tëscht Krautrock an Indie Folk schwieft. Hypnotesches gëtt et och vun der Schwäizer Formatioun "Sirens of Lesbos" déi mat "My Moon" an d‘90er ënnert anerem wulle ginn. Um Enn dann nach eng minimalistesch an trotzdeem wibbeleg Nummer vun der amerikanescher Kënschtlerin "Deradoorian". "No No Yes Yes" invitéiert op d‘Danzfläch an hält d‘Tensioun bis zum Schluss...

Op d'Oueren! 18.04.2025

  • Nao – Wildflowers
  • Soft Loft – Paper Plane
  • Little Simz - Free
  • Real Lies – Wild Sign I Choose You
  • Sirens of Lesbos – My Moon
  • Deradoorian – No No Yes Yes