Radioen

On air

Concert  |  Die Sehnsucht nach dem Süden

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Push / Pull - Zéi mech, dréck mech

Album vun der Woch

Push / Pull - Zéi mech, dréck mech

Mat hirem Debut "Good At Falling" huet d'Brittin Amber Bain, bekannt ënnert dem Pseudonym Japanese House, 2019 international een Numm fir sech gemaach. Hir zweet Plack, "In The End It Always Does" erzielt nei Geschichten, mat sonneger Produktioun a beréierenden Interpretatiounen.

auto_stories

4 min

D'Amber Bain ass eng schei Musekerin. Bei der Sortie vun hirem éischten Extended Player hunn esouguer vill Leit gemengt, "The Japanese House" wir de geheimen Nieweprojet vu The 1975 Frontmann Matty Healy, deen hir bei der Produktioun gehollef hat - esou wéineg war si a Pressefotoen oder Interviewen ze gesinn. Eng vun deenen éischte Journalistinnen, déi mat hir geschwat huet, huet si deemools als 19-järegt lesbescht Meedche mat enger duusser Stëmm "an Hoer wéi dem Curt Cobain" beschriwwen.

Dobäi kéint hire Kënschtlernumm, The Japanese House, guer net méi perséinlech sinn. Mat hirer Famill war d'Amber als Kand an d'Vakanz an engem Haus, dat anscheinend fréier der Kate Winslet gehéiert hat, an dat bannen engem traditionelle japaneschen Téihaus geglach huet. Hei huet d'Bain als jonkt Meedchen d'Geleeënheet genotzt, fir e puer Deeg esou ze maachen, wéi wann si ee Jong wier, ee Gedankenexperiment an Deel vun hirer Gefillswelt, dat si nach haut vill beschäftegt. Hir Stëmm, ee Kontralto, eegent sech heifir och an der Musek ganz gutt. D'Lead-Single "Boyhood" sprengt direkt an de Sujet.

Dräi Rockstars bidde Kontra, ouni eng Chance

Och de Frëndeskrees, gesammelt ronderëm de Label Dirty Hit, steet nach. De Matty Healy, an och ee weideren The 1975 Member, den George Daniel, waren un der Produktioun vun der Plack bedeelegt, genee wéi d'Indie-Koryphee Justin Vernon, alias Bon Iver, deen elektronesch Touche soll gesat hunn.

D'Bain huet d'Plack gréisstendeels no enger Trennung geschriwwen, an interrogéiert sech an de Lidder iwwer d'Wiesen, d'Virdeeler an Nodeeler vun enken mënschleche Bezéiungen, an och iwwert deen Deel vu sexuellen an amouréise Rapporten, deen ee just ka mat sech selwer ausmaachen. "Eng impressionistesch Duerstellung vu Verlaangen" huet de Blog "the Skinny" geschriwwen, an trëfft domat an d'Häerz vun der Saach. Gro, dat ass een orange Punkt niewent engem gréngen, Kontrast agebaut.

Well musikalesch ass net alles beim Alen. Schonns ëmmer huet sech der Bain hir Schreifkonscht iwwer ze vill einfach Genre-Këschten ewechgehuewen, meeschtens als zierlech Stëmm an engem grousse Gewësch vun Indie Pop, an där se dréit ënnerzegoen, fir sech dann un enger akustescher Gittar festzehalen, nieft där se hiren e bëssen däischtere Charme entwéckele konnt.

D'Produktioun, dat héiert een am stäerksten um Matty-Healy-koproduzéierten "Sunshine Baby", ass iwwert dës ganz Plack, méi sonneg, méi rhythmesch, hei an do esouguer onerklärlech optimistesch. Dat ass och, well The Japanese House mat hire Wierder tëscht Péng a Witz hin an hier wiesselt, eng iergendwéi typesch Brittesch Kombinatioun.

Péng a Witz

D'Amber Bain huet iergendwann decidéiert, awer Interviewen ze ginn a Pressefotoen ze schéissen. Dee ganzen Zinglabum ëm hir Identitéit, déi si ni bewosst probéiert huet ze verstoppen, hätt soss ze vill ee grousse Schied iwwert hir Musek geworf, sot si eemol. "Reluctance", also ee gewëssent sech fléiwe loossen, een Zeréckhalen, ass an hirer Musek net nëmmen Deel vun der Musekerin hirer Gefillsbewältegung, mee och eng Aart Resistenz, ronderëm sech hir Musek opbaut, mat där se kämpft a sech ronderëm si hänkt wéi eng Galaxie ronderëm ee schwaarzt Lach.

D'Produktioun hëlt dobäi déi gefälleg Mëschung aus Rock a syntheetesche Kläng, déi bei The 1975 al existéiert, an hëlt se ëmmer méi wäit vu klassesche Rockformater ewech, bis heivu just nach déi eng oder aner lëfteg akustesch Gittar iwwreg bleift. Op "You Always Get What You Want" héiert een déi tonal Identitéit vum Dirty Hit Label vu senger folkegster Säit, mat pärelende Gittarpickings, an esouguer Fiddel, wärend de Beat déi elektronesch Klangwelte vun deelelektroneschen 90er-Ballade revisitéiert.

Um Enn ass et ëmmer esou...

'In The End It Always Does' ass am spannendsten do, wou d'Texter an déi eng Richtung zéien an d'Musek an déi aner, wou een A laacht an eent kräischt. Dëst mécht der Bain hir am Fong ganz accessibel Popmusek e bëssen desorientéierend, suergt fir deen een oder anere schwindelege Moment, deen een net méi lassléisst. D'Musekerin op jiddwer Fall weist sech oppen, ouni jee z'insistéieren oder déck opzedroen. Datt besonnesch hir bannescht Kontradiktiounen de Wee an hir Lidder fannen, a sech op esou vill nuancéiert Manéiere konfrontéieren, ass den Trick vun dëser Plack, dee wann e funktionéiert dofir suerge wäert, datt kaum ee méi wäert The Japanese House mat engem anere Museker verwiesselen. Mat 14 Tracks ass et eng generéis Plack, déi eng länger Rees erlaabt an encouragéiert, a fir déi méi besënnlech Summermomenter genee esou gutt op den Ouere wäert leie wéi beim Lassloossen ënner Frënn. Absolut recommandéiert.