Um Enn kënnt eng bal akribesch zesummegesate Musek eraus, déi dach fléissend kléngt.
Benannt ass de Projet no engem Album vum Soul-Sänger Sam Cooke, an d'Soul Musek spillt eng wichteg Roll bei Night Beats. No der éischter Tournée, 2009, huet de Blackwell e mat vun Dallas op Seattle geplënnert a weider aktiv ee stännege Stroum vu Verëffentlechungen duerchgezunn.
Soul, Funk a Psychedelia fanne mir zu ambiente Plage verquirlt schonn op Sonic Bloom 2013 an op Who Sold My Generation, 2016, déi Night Beats hire fréiere Lofi Sound hannert sech loossen.
Retour bei d'psychedeelesch Garage Rock Wuerzelen
2019 huet den Dan Auerbach vun de Black Keys dem Lee säi véierten Album, Myth of a Man, produzéiert, deen de Retour bei der Band hir psychedelesch a Garage Rock Wuerzele markéiert.
Am Joer 2022 huet den Danny sech mam Carolina Faruolo, vu Los Bitchos, zesummegedoe fir den Tropicalia beaflossten Album Monte Carlo ze maachen. Ee weidere Collaborateur war de Christian Bland vun der Band The Black Angels, mat dem hien d'Lidd "Right/Wrong", dat offiziellt Lidd vum Melbourne Queer Film Festival 2022, opgeholl huet. Australien, wéi allsäits bekannt, ass dat eenzegt Land an deem d'Charts voller Psych-Rock sinn an de Genre domat säi Byzanz fonnt huet.
Eng verwirrend Plack?
Domat wier d'Virgeschicht erzielt. Dat hei ass elo de 6. Studioalbum an heescht Rajan, ee vun de Virnimm vum Kënschtler, a villäicht, ee vun de Versant'e vu senger Perséinlechkeet a senger eegener Vue vu sech selwer.
Wéi ee Versant vu senger Perséinlechkeet kënnt dann hei eraus? An ass et eng "byzantinesch", also verwirrend Plack?
De Garage-Rock ass hei déi stäerksten Influenz. D'Isley Brothers kucken hei oder do e bëssen ervir, mee obwuel dat hei bal alles "richteg" Songs sinn, also mat Ufank, Schluss, Lyrik an alles, kafen ech hinnen dat iergendwéi net of.
D'Musek leeft, si intrigéiert, mee iergendwéi verspreet se eppes, wéi wann se léiwer als ambient Atmosphär wéilt verstane gi wéi elo Ouerewuerm-Popsongs wéi den Dan Auerbach se oft schreift. Et ass einfach alles esou labber zesummegestréckt, datt et eng immersiven Erfarung gëtt, éischter wéi eng Lidderkollektioun.
D'Rees geet an Indien
A wouhinner geet d'Rees? wouhinner hëlt eis de Wand mat?
An Indien fir d'aller éischt, well dem Blackwell seng Mamm war Inderin an och eng exzellent Bauchdänzerin. Den éischten Track, Hot Ghee, bréngt engem direkt d'Iddi no, datt de Kënschtler hei a Kandheetserënnerunge siche geet. Hot Ghee, gliddegt Botterfett also, een Aliment, dat net nëmmen an der indescher Gastronomie eng wichteg Roll spillt, mee och a verschiddene reliéisen Zeremonien.
Och wann d'Musek aus Texas kënnt, sinn d'Samples aus Indien, mat enger klorer Trennung och tëschent richtegen Instrumenter a bloussen Erënnerungen, déi als Toundokumenter agespeist ginn. Bis an de leschten Detail signifikativ a kënschtleresch methodesch also, de Rajan.
D'Traditioun, déi sech an der Géigewart ausdréckt
Wéi eng lues Verbrennung dreift den Album weider, flackerend an ëmmer deene selwechte Frequenzen, mee a Rhythmen, déi d'Häerz matschloë kann, an a Faarwen, déi een erëmerkennt. Indesches a Psychedelic Rock, dat kéint séier zur Persiflage au Beatles-esquen Hippie Vignette ginn.
Mee Rajan ass wuel eng Traditioun, déi sech an der Géigewart ausdréckt, an deem mëttlerweil zimmlech verwäschenen, onklore soziale Stoff, aus deem d'Saachen haut gemaach sinn.
En Album fir ze dreemen
Verwäsch an onkloer ass och Rajan, an de summerleche Groove sollt net ofhale vun den déiwe, selbst-analytesche Lyrics, déi sech wéi en Dram bei engem Tëmmechen op der Plage an de Kapp eraschaffen.
Een Album fir ze dreemen? Jo, ee coolen Album, deen e bësse kléngt, wéi wann een ee perséinleche Museker hätt, deen engem allerlee Stëmmungen ausmoolt a se bis zu hire wäitste Variatioune weider entwéckelt. Et ass wuel e bësse Malen nach Zahlen, Molbuch, wéi d'Musek vun Night Beats zesummegesat ass, mee all d'Motiver sinn original.