Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Out Of The Crowd Festival 2021

An der Kulturfabrik

Out Of The Crowd Festival 2021

Iceage, Sparkling an Unschooling gehéieren zu den internationalen Acts op der Affiche vum alternative Museksfestival. Trotz Covid a Brexit ass d'Programmatioun ofwiesslungsräich a reusséiert. Den Out Of The Crowd Festival zielt zu den Highlights am Joer fir Frënn vun alternativer Musek. De Rendezvous ass den 9. Oktober an der Kulturfabrik.

auto_stories

3 min

Iceage ass den Headliner vum Out of the Crowd Festival 2021. Den Debut vun der dänescher Band gouf 2011 vun der Kritik unanime gefeiert. Hiren neien Album "Seek Shelter" koum beim renomméierten US-Label Mexican Summer eraus. "Et ass eng Band, déi sech vill verännert huet", seet den Nicolas Przeor vu Schalltot. "Am Ufank hu si éischter Post Punk gemaach, mëttlerweil ass et éischter Brit-Pop an Indie. Mee si sinn immens catchy."

Wéi gewinnt sinn och vill Lëtzebuerger Kënschtler beim Festival vertrueden. Francis Of Delirium haten am Abrëll schonn eng Aircheck Session an der Kulturfabrik gespillt, als klengen Trouscht fir den Ausfall vum Out Of The Crowd. Déi talentéiert Jana Bahrich gëtt sech och elo nees d'Éier. Och Pleasing an No Metal In This Battle aus Lëtzebuerg sinn den 9. Oktober mat dobäi.

Sparkling ass eng Post Punk Band vu Köln, déi virun zwee Joer schonn am Gudde Wëllen gespillt hunn. "Dat ass ganz danzbar", seet den Nicolas Przeor. "Et erënnert mech bëssen un The Robocop Kraus. Si hu grad en Album opgeholl, dee vum Alexis Taylor vun Hot Chip produzéiert gouf." Dat géif een och duerchaus héieren.

Omni Selassi ass en Trio aus der Schwäiz, deen een am Krautrock-Rayon ka klasséieren. Et wier awer nach bësse méi foufou, sou den Organisateur: "Si erënnere mech un eng Mëschung aus Beak> an Dan Deacon - fir de méi feierlechen Aspekt."

Déi franséisch Unschooling wiere säi perséinleche Coup de Coeur aus de leschte Méint. Si hätten en Album op Label Holwin' Banana Records erausbruecht - e franséische Label, dee momentan ganz interessant wier. "Et ass Post Punk, dee bëssen technesch ass a bëssen am Esprit vun deene fréie Saache vun Deerhunter oder vun Omni." D'Gittare wiere gespréicheg, an d'Musek wier insgesamt zimmlech nervös.

"Ech hat schonn eng komplett Affiche fir am Abrëll, mat villen amerikaneschen, kanadeschen a brittesche Gruppen", seet den Nicolas Przeor. Dunn hätt de Festival missten op d'Enn vum Joer verluecht ginn. Dat wier speziell fir den Out Of The Crowd, mee "mir wollten dëst Joer onbedéngt eng Editioun maachen." 2020 war de Festival wéinst dem Lockdown scho kuerzfristeg annuléiert ginn.

Dräi brittesch Gruppen an eng amerikanesch Grupp hätten elo um leschte Moment annuléiert - manner wéi eng Woch virun der Annonce vum Festival. De Grond fir dës kuerzfristeg Ofsoe wier eng Mëschung aus Rees-Restriktiounen, Covid-bedéngter Onsécherheet an dem Brexit, dee fir Kënschtler aus Groussbritannie géif matspillen.