Radioen

On air

Spektrum  |  Antoine Bourachot - Traveling

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Clairo - Charm

Den Album vun der Woch

Clairo - Charm

“Charm” ass de mëttlerweil drëtten Album vun der amerikanescher Singer-Songwriterin Clairo, déi de Lo-Fi Bedroom-Pop hannert sech léisst an hei op Soul a Jazz-Elementer setzt. E sënnlechen Album iwwer Léift, Verlaangen a Verloscht. 

auto_stories

3 min

headphones

9 min

play_arrow

D’Claire Cottrill, wéi d’Musekerin heescht, huet scho ganz fréi - nämlech mat 13 Joer - ugefaangen, eege Songs online ze publizéieren an 2017, mat 19 Joer, ass hir mam Song “Pretty Girl” ee richtegen Hit gelongen, dee sech iwwer YouTube séier verbreet huet.

Selwechte Produzent wéi d'Taylor Swift oder Lana del Rey

2019 koum dunn den éischten Album, mat deem sech d’Clairo als Bedroom-Pop Darling etabléiert huet. Schonn um zweeten Album “Sling”, deen 2021 erauskoum, huet d’Clairo awer mat dem Lo-Fi Sound gebrach, dee si bekannt gemaach huet. Villméi war “Sling” vu poléiertem Folk gepräägt, wat bestëmmt och op de Produzent vum Album, nämlech den Jack Antonoff, zeréckzeféieren ass. De Starproduzent souz scho fir d’Taylor Swift, d’Lana del Rey, Florence and the Machine oder de Kendrick Lamar hannert dem Mëschpult, an huet och der Clairo zu engem néie Sound verhollef.

Elo op “Charm” ass et dann awer nees eng kleng musikalesch Metamorphose: Méi retrolastege 70s Soul a Jazz mësche sech an d’Klanglandschaft, zum Beispill am Song “Terrapin”

Alles analog Opnamen

Wéi schonn um Virgängeralbum ass et och op "Charm" sécherlech de Choix vum Produzent, deen hei d’Richtung e wéineg virginn huet. Dës Kéier huet d’Clairo mam Leon Michels zesummegeschafft, deen ee villäicht als Produzent vum Soulsänger Lee Fields oder als Labelgrënner vun Truth and Soul Records kennt. D’Clairo war scho méi laang e grousse Fan vun him a sengem Sound an “Charm” dréit dann och dem Michels seng musikalesch Handschrëft. 

Immens waarm Klangtexturen, wat sécherlech och dorop zeréckzeféieren ass, datt alles analog opgeholl gouf. Der Clairo hir Gittar vermëscht sech mat Piano, Uergelkläng, Blos- a Sträichinstrumenter a suergt fir ee 70s-Sound, deen awer kengesfalls iwwerholl oder verstëbst kléngt.

Léift a Verlaangen

Waren déi zwee éischt Alben nach vu schwéieren oder ganz eeschte Sujeten ewéi Depressiounen oder den Erausfuerderunge vum Erwuessesi gepräägt, ass “Charm” textlech e wéineg méi liicht geroden. Et ass een Album iwwert d’Léift, d’Verlaangen an de Verloscht an d’Groberäicher vun dësen. Et gëtt zwar ëmmer mol nees enger verflossener Léift nogetrauert, mee souguer an der Trauregkeet stécht hei eppes Hoffnungsvolles, nämlech de Gedanken: Och wann et elo eriwwer ass an et wéi deet, bereien ech net, mee blécken dankbar op déi gemeinsam Zäit zeréck.

De Song “Sexy to Someone” ass dann de Wonsch vun anere begiert ze ginn, wat der Clairo no eppes ganz Mënschleches ass a wat si mat dësem méi sënnlechen Album wollt ausdrécken.