Radioen

On air

Spektrum  |  The Script - Both Ways

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ "Big for you" - Zsela

Album vun der Woch

"Big for you" - Zsela

Um Debutalbum “Big for you” vun der amerikanescher Musekerin Zsela dréint sëch alles ëm d’Léift an gebrachen Häerzer. Et ass een Disk, dee sech tëschent modernem RnB, Indireock a soulegem Pop beweegt an der Komplexitéit vun den Emotiounen agängeg Melodien entgéintsetzt. 

auto_stories

3 min

headphones

10 min

Zsela Big for you play_arrow

“Big For You” ass den Debut vun der amerikanescher Musekerin Zsela an et huet ee laang op dëse misse waarden. Eng éischt EP koum 2020 eraus an huet schonn een éischte klengen Hype ausgeléist. D’Zsela stoung dann och an de leschte Joren am Virprogramm vu Kënschtlerinnen ewéi Caroline Polacheck, Cat Power oder der Arooj Aftab. “Big For You” ass elo de groussen Duerchbroch. Zéng Lidder, déi sech all ëm dat schéinst Theema iwwerhaapt dréinen - nämlech d’Léift - mee och déi negativ Säite vun dëser beliichten.

Et ass de Versuch duerzestellen, wéi vill Plaz een der Léift an dem Géigeniwwer iwwerléisst an domadder verbonnen och d’Fro, wéi trei ee sech selwer bléift a wéi vill verschidde Versioune vun engem selwer een deem anere weist. Dat ass zum Beispill de Fokus am Song “Not your Angel”.

Vill Intimitéit

Wat “Big For You” auszeechent ass, datt et een Album ass, dee sech un déi ganz grouss a komplex Froe vun der romantescher Tëschemenschlechkeet eruwot an eruntaascht, ouni awer iwwerfuerderend oder ze abstrakt ze geroden, an ouni an déi üblech Plattitüden ze verfalen. Villméi ass et e ganz intimen Disk, deen déi richteg Perspektiv tëschent universale Gefiller a perséinlechem Erliewe fënnt. 

D’Intimitéit kënnt op zwou Manéieren duerch: Engersäits sinn et Texter, déi eben eng gewëss Zerbriechlechkeet weisen, zum Beispill de Song “Fire Excape” an deem et dorëms geet, sech falen ze loossen, wann d’Léift een iwwermannt, an dann net ze wëssen, ob een an den Ärem vun der anerer Persoun oder awer um haarde Buedem wäert landen.

Vill musikalesch Iwwerschneidungen

Niewent der Zerbriechlechkeet an den Texter ass et awer och einfach d’Stëmm vun der Zsela, déi dësen Album sou intim mécht. Eng immens kraaftvoll Stëmm, déi awer quasi ni iwwer d’Zëmmertemperatur klëmmt, mee immens smooth bleift. Eng stëmmlech Klangtextur ewéi waarmen Hunneg, déi och deelweis e wéineg un d’Sade erënnert.

Et gi mat dëser och e puer musikalesch Iwwerschneidungen, mee d’Zsela fënnt op “Big For You” ee ganz eegene Sound, dee sech iergendwou tëschent modernem RnB, Indiepop, Jazz, Soul a Rock beweegt. D’Produzente vum Album sinn den Daniel Aged, dee scho fir de Frank Ocean, d’FKA Twigs oder d’Kelela hannert dem Mëschpult souz an de Gabe Wax, deen Indierockgréissten ewéi Soccer Mommy a War on Drugs produzéiert huet, an dee Mix ass um Album och däitlech erauszehéieren.

Lauschterenplay_arrow