Den Nico Wege huet a ville Bands gespillt a mécht et och nach ëmmer, mee eng Zäit déi en als Museker awer markéiert huet war déi mat der Cover-Band 'Fascination', déi Land op Land of quasi all grousse Baler an der Zäit gespillt hunn.
Den Zoufall an den Änder Hirtt
Datt de Nico Wege als Drummir bei 'Fascination' koum war een Zoufall. Hien huet bei enger Band ausgehollef, an och den Änder Hirtt, Sänger vu 'Fascination', huet fir dee selwechte Concert där Band gehollef. An esou hu béid Museker sech kenne geléiert.
"Op deem Bal hu mir eis och mënschlech direkt gutt verstanen, hien huet meng Telefonsnummir gefrot, wéi gesot keen Handy. An dunn iergendwann huet den Änder ugeruff bei mir doheem an do freet hie mech dann: So, häss du eventuell Loscht fir bei Fascination eran ze klammen als Drummer?...Ech hu gesot: Jo, Jo! Ech war iwwerrascht. An deen éischte Bal war zu Steesel an der Baskethal."
An direkt sechs Stonnen hannertenee gespillt
Déi Zäit sinn d'Baler vill méi fréi lass gaange wéi haut, an dofir hunn d'Bands deemools och déi vill Stonne beienee gespillt, wat nawell un Substanz gaangen ass. Mee fir d'éischt hu se awer och musse prouwen.
"Mir hunn de ganze Programm musse prouwen, et war laang, et ware sechs Stonnen, ech menge mir hunn net wéi haut e Concert gespillt vun enger oder zwou Stonnen. Mir hunn e ganze Bal gespillt wou déi Zäit nach aner Saache gespillte gi si wéi Rock-Songs. Déi Zäit si Cha-Cha a Märsch an esou weider gespillt ginn. Also et war schonn heavy fir dee ganze Programm intus ze kréien. Ech sot fir wéini wier dat dann, jo schnell wéi méiglech sot den Änder zu mir."
Bei der "Valse musette" gouf den Akkordeon ausgepaakt
An et war den Drummir vu 'Fascination', déi bei de "Valses musettes" de chromateschen Akkordeon gespillt huet a fir den Akkordeon huet den Nico Wege och Couren, an domat huet en och sengem Papp e Gefale gemaach.
"Ech wollt dat Instrument net ernimmen, well déi ganz Wéinegst wëssen dat ech dat spillen, ausser déi Zäit bei Fascination. Ech muss och soen no Fascination hunn ech den Akkordeon an d'Këscht gemaach an ech hunn ni méi een ugepaakt."
Déi beschte musikalesch Schoul, déi ee kann hunn
Et war eng intensiv Zäit mat 'Fascination' Baler ze spillen, zemools d'Fuesent mat deels sechs Baler a sechs Deeg. An och wann een emol eng Kéier d'Flemm ënnerwee krut, war et awer eng eenzegaarteg Zäit fir de Nico Wege.
"Fir mech, ganz éierlech, déi beschte musikalesch Schoul, déi ee kann hunn, wéinst eben deenen diverse Saachen, vum ville Spillen, Kraaft doséiere fir de ganzen Owend kënnen ze spillen, Stécker auswenneg léieren. Doduerch schaaft ee sech eng immens Routine un."
Niewelaanscht als Haaptberuff
De Nico Wege ass als Museker vu Concert zu Concert, vu Prouf zu Prouf gerannt, e Privatliewen ass dobäi schwéier ze geréieren, well si als 'Fascination' och nach all schaffe gaange sinn.
"Et ass elo net, datt mir Vollprofie waren, déi keen anere Job haten. Mir hunn och nach alleguerten eppes gemaach niewelaanscht, also als Haaptberuff."
Niewelaanscht als Haaptberuff ass eng flott Beschreiweung vun hirem Liewen.
"Fascination war am Fong niewelaanscht, dat war eisen Hobby, well mir ebe gär gespillt hunn"