Radioen

On air

Notturno  |  Klein - Gobocop

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Net tolerant mat Musek, déi epesch oder cheesy ass"

Metal aus den USA

"Net tolerant mat Musek, déi epesch oder cheesy ass"

​D'USA gehéieren zu de Länner mat der liewegster Metalzeen iwwerhaapt. Eisen Expert David Wagner kuckt a "Metal Meltdown" bis eriwwer an erkläert am Interview, wat d'Amerikaner anescht maachen.

auto_stories

3 min

Nieft de sëlleche ganz bekannte Concertssäll, wéi z.B. dem Whiskey a Go Go zu Hollywood ass den Norde vum amerikanesche Kontinent och mat verantwortlech fir e groussen Deel vun de weltbekannte Metalbands, déi et haut gëtt. Wou läit eigentlech den Urspronk vum Metal an den USA?

D.W.: An den USA huet de Metal eigentlech réischt an den 80er Fouss gefaasst a sech richteg etabléiert, virun allem zu Los Angeles a San Francisco. An den USA goufen deemools zwee Genrë gegrënnt: de Glam Metal, deen zu Los Angeles extrem beléift war, a souzesoen als Géigereaktioun dorop den Thrash Metal aus der Bay Area vu San Francisco, vu Seattle a vu Vancouver. Am Géigesaz zum Glam Metal huet den Thrash awer net op einfache Sound, vill Verkleedung an Theatralik gesat, mä op rau Aggressivitéit an Intensitéit. Méi haart, méi séier a méi brutal; dat war d’Devise.

Wéi ënnerscheet sech de Metal aus den USA vun deem an Europa?

D.W.: Béid Kontinenter ënnerscheede sech virun allem doranner, fir wéi eng Genrë si verantwortlech sinn. Generell waren d’USA bis elo ëmmer déi, déi nei Extremer fonnt hunn, elo mol ofgesi vum Black Metal, deen a Skandinavie säin Urspronk huet. An der Musek selwer a Genren-onofhängeg sinn d’Aflëss op béide Kontinenter och anerer. An den USA ass et virun allem de Blues, bei deen d’Metalbands léine ginn a vun deem sech d’Museker beaflosse loossen. An Europa ass den Afloss vum Blues quasi ganz verschwonnen, dofir spiert oder héiert een an Europa méi Elementer aus der klassescher Musek erëm.

Vun den Urspréng vun de Genren an den Ënnerscheeder an der Musek u sech ofgesinn, gëtt et natierlech och nach aner Ënnerscheeder. Zum Beispill huet een d’Gefill, datt et déi aner Säit vum Atlantik dacks méi drëm s geet, eng Mark oder e Produkt ze verkafen, wéi d’Musek. Do dernieft sinn d’Amerikaner net ganz tolerant, wann et ëm epesch an / oder cheesy Musek geet. Power Metal gëtt et an den USA quasi guer net, an déi wéineg, déi et gëtt, sinn e Krack méi sérieux, wéi hir europäesch Kollegen.

Wat erwaart eis de Mount Januar iwwer an Denger Emissioun Metal Meltdown?

D.W.: Am Metal Meltdown um Freideg, de 6. an den 13. Januar maache mer carrément en Tour duerch d’Geschicht vum amerikanesche Metal. Ech wäert méi am Detail erklären, wéi alles ugefaangen huet, wéi no an no eenzel Genren opkomm sinn, wéi se sech weider entwéckelt hunn a wat si fir Konsequenzen op de Metal op globalem Niveau haten an haut nach hunn. Ech fänken also ganz vir u mat Musek aus den 80er, a fuere weider mat den 90er, 2000er an 2010er. Dobäi gëtt et Musek aus de Beräicher Glam Metal, Thrash Metal, Death Metal, New Wave Of American Heavy Metal, Groove Metal, Sludge Metal, Doom Metal, Deathcore oder Metalcore.

Ech wäert och nach méi genee op weider net-musikalesch Ënnerscheeder ze schwätze kommen tëscht der Zeen an den USA an an der EU, z.B. wat Infrastrukturen, den Ëmgank mat der Musek ugeet oder d’Aart a Weis, wéi Concerten organiséiert a besicht ginn.

Metal made in USA 1play_arrow (Emissioun vum 6. Januar)

Metal made in USA 2 play_arrow (Emissioun vum 13. Januar)