Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Bobbi Lu - Vacuum

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Musikalesche Speed-Dating

RESET 2023 Jazz Festival

Musikalesche Speed-Dating

Datt Improvisatioun zum Jazz gehéiert ass gewosst. Mee beim Reset Jazz Festival, dee vum 26. bis den 28. Januar an der, an ëm, d'Abbaye de Neumünster stattfënnt, kritt dee Begrëff nach eng Kéier eng ganz aner Bedeitung. Hei improviséieren nämlech Museker:innen zesummen, déi sech eréischt kuerz virdru kenne geléiert hunn.

auto_stories

3 min

De Rest Jazz Festival fänkt den 26. Januar 2023 un. Foto: neimënster

Internationale Casting

D'Olga Amelchenko (Saxophon) aus Russland, d'Christine Roch (Klarinett) aus der Belsch, d'Cansu Tanrikulu (Gesang) aus der Tierkei, d'Margaux Vranken (Piano a Gesang) aus der Belsch, de Laurent Blondiau (Trompett) aus der Belsch, den Nelson Cascais (Kontrabass) aus Portugal, de Jens Düppe (Batterie a Perkussioun) aus Däitschland an de Greg Lamy (Gittar) aus Lëtzebuerg - dat ass de Casting vun der sechster Editioun vum Reset Jazz Festival.

Wéi dës Zesummestellung et schonn errode léisst, ass et d'Konzept vum Festival fir aacht Jazz-Museker:innen aus verschiddene Länner zesummen ze bréngen, an de musikaleschen Austausch ze fërderen, an dat a ganz ënnerschiddleche Konstellatiounen.

Erausgesicht huet d'Participanten de Lëtzebuerger Vibraphonist Pascal Schumacher, dee bei dësem Festival als Curateur fungéiert. Am Interview huet hien erkläert, wéi hie bei der Auswiel virgeet:

"Ech fänken ëmmer mat Lëtzebuerger un, dat ass dës Kéier de Greg Lamy gewiescht a wann deen dann zougesot huet, da ruffen ech déi zweet Persoun un an dann iwwerleeën ech wien bei déi zwee géif gutt passen, dat heescht et ass e Prozess, dee sech iwwer Méint total organesch zesummesetzt."

Variéierte Programm

Den éischten Dag vum Festival, also den Donneschden, 26. Januar, steet ënner dem Motto "jazzcrawl". An Duo- an Trio-Formatioun gëtt a verschiddene Locations gespillt, am Gronn an a Clausen, am Neimënster natierlech, mee och am Melusina oder am luca (Luxembourg Center for Architecture).

Um Freiden, 27. Januar, stelle sech d'Museker:innen eenzel vir, am Kader vu Solo-Performancen am Klouschter vum Centre Culturel de Rencontre.

An den Ofschloss vum Festival mécht Samschdes, den 28. Januar e Concert, an deem déi ganz Formatioun eng eege Kompositioun virstellt.

Abléck an eng Prouf

An et war dës kollektiv Prestatioun, déi d'Museker:innen amgaang waren ze prouwen, wéi mir d'Geleeënheet haten, an d'Preparatiounen eran ze lauschteren. Am Hallefkrees waren d'Still op der Bün arrangéiert, jiddereen huet sech op senger Plaz ageriicht, seng Effekt-Pedallen der Rei no gestallt, de Becher mam Kaffi oder mam Téi ëmmer grëffbereet.

De Bléck war awer manner op d'Nouteblieder geriicht, wéi op déi aner Museker:innen - et gouf openee gelauschtert a gekuckt; dirigéiert gëtt hei am Kollektiv, net vun uewen erof.

E bësse spiert een d'Uspanung schonn, a kee Wonner, huet sech d'Grupp dach eréischt Méindes fir d'éischt begéint. Dräi Deeg Zäit bloufen hinnen also, fir sech op déi verschidden Optrëtter virzebereeden.

Bei der Prouf vun de Museker:innen. Foto: Greg Lamy

Wärend déi meescht Participante scho laang wossten, datt si fir de Reset Festival op Lëtzebuerg géife kommen, sinn e puer vun hinnen eréischt ganz kuerzfristeg agesprongen.

Nodeem zwee Invitéeë krank goufen, huet de Pascal Schumacher missten innerhalb vun e puer Deeg Ersatz fannen. D'Schwieregkeet dobäi ass, datt d'Paritéit soll respektéiert ginn - de Grupp besteet aus véier Fraen a véier Männer - mee och, datt d'Besetzung vun den Instrumenter hir identesch bleiwe muss, fält eng Klarinettistin aus, muss als Ersatz also och eng Klarinettistin fonnt ginn. Um Enn ass et awer gelongen, e vollstännegen Ensembel zesummenzestellen.

Wann ee sech am Virfeld e bësse mat deene verschiddene Museker:inne beschäftegt, da fält virun allem op, wéi ënnerschiddlech si sinn. Si kommen all aus dem Jazz, mee hir Interpretatioun dovun ass mol méi experimentell, mol méi no un der Klassik oder un der Chanson.

Fir d'Cansu Tanrikulu, Sängerin aus der Tierkei, war et dann och déi gréissten Iwwerraschung, wéi oppe jidderee war, fir net just sech selwer en Valeur ze setzen, mee sech an deem aneren seng musikalesch Ausdrocksweis anzefillen.