Radioen

On air

Tockcity  |  The Snuts - Millionaires

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mary Jane Girls - All Night Long

Sample vun der Woch

Mary Jane Girls - All Night Long

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

2 min

D'Lidd koum 1983 eraus. D'Grupp an d'Lidd sinn e Produkt vum Rick James senger Fantasie. D'Mary Jane Girls waren nämlech ursprénglech dem Rick James seng Background Sängerinnen. Hien huet si gecastet an déi éischt Girlband kreéiert. Jiddwereent vun de véier Memberen hat esouguer seng eegen Roll: et gouf eng Street-Chick, e Supermodel, dat Onschëllegt a souguer eng Domina! D'Grupp huet just zwee Albumen erausbruecht, mee dëst Lidd hei gouf laut Google 140 Mol gesampelt! De Rick James huet alles geschriwwen a produzéiert, mee wéi hie Sträit mam Label Motown krut, huet och d'Grupp sech missten opléisen.

Hei sinn dräi Beispiller, wéi d'Lidd a verschiddenen Hip-Hop-Ärae benotzt gouf: 1989 huet den Big Daddy Kane et gesampelt fir säi Lidd "Smooth Operator". Dat war um Album "It's A Big Daddy Thing", säin zweeten Album. Hie war e Member vun der Juice Crew aus dem Queens, mat anere bekannte Leit wéi zum Beispill Kool G Rap oder Marley Marl. D'Lidd koum bei Cold Chillin Records eraus a war ee vun de gréissten Hits, déi hie selwer produzéiert huet.

En anert Beispill, warscheinlech dat wichtegst, ass d'Mary J. Blige, déi "Mary Jane" doraus gemaach huet. Dat ass en Deel vun hirem Album "My Life", deen dräifach Platinn erreecht huet. D'Mary J. Blige ass d'Queen of Hip-Hop-Soul an eng Grammy nominéiert Sängerin a Schauspillerin. Dat dote war hiren zweeten Album vun 13. D'Lidd ass produzéiert vum Puff Daddy. Si huet dat zimmlech positiivt Lidd anscheinend wärend enger donkeler Period vun hirem Liewe geschriwwen.

Als lescht Beispill hunn ech hei erstaunlecherweis e Lidd vum 50 Cent erausgesicht. "Part Of The Game" koum 2020 eraus an ass featuring NLE Choppa. Ech war nach ni dee mega 50 Cent Fan, mee sengem Groove ass hei bal net ze widderstoen. De Rapper vun G-Unit sengt hei mat engem laidback Flow. Hien huet kengem méi eppes ze beweisen. Dëst Lidd déngt ënner anerem senger neier Fernsee Produktioun "Power".