Radioen

On air

Notturno  |  Rosali - On Tonight

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lucilin: Lëtzebuerg kritt en zweete professionelle Museksensembel

Staatsbudget 2022

Lucilin: Lëtzebuerg kritt en zweete professionelle Museksensembel

United Instruments of Lucilin, den Ensembel fir zäitgenëssesch Musek, gëtt iwwer déi nächst Joren e professionellen Orchester nieft dem OPL. Am Projet fir de Staatsbudget 2022 kritt den Ensembel eng eege Ligne budgetaire. Bis 2025 soll dee Budget progressiv op 1.250.000 € gehéicht ginn. De Guy Frisch, Co-Direkter vum Ensembel, schwätzt vun engem "wichtege Schrëtt fir d'Kreatioun zu Lëtzebuerg".

auto_stories

3 min

Wärend den Ensembel fir zäitgenëssesch Musek am Kader vun enger Konventioun mam Kulturministère 2021 ronn 250.000€ krut, gëtt dës Zuel 2022 verduebelt. Wéi aus dem Budgetsprojet, deen haut an der Chamber deposéiert gouf, eraus ze liesen ass, soll de Budget vum Ensembel bis 2025 progressiv op 1.250.000€ erweidert ginn.

D'Augmentatioun vum Budget an de Fait, datt den Ensembel Lucilin elo seng eege Ligne budgetaire huet, wier e wichtege Schrëtt fir d'Kreatioun zu Lëtzebuerg, seet de Guy Frisch. De Wëlle vun der Politik wier staark eng Evolutioun an de Projet "Lucilin" eran ze bréngen an den Ensembel um Wee vun der Professionaliséierung ze begleeden. Doduerch kéint ee souwuel de Partner vum Ensembel, wéi och de Museker an de Komponisten eng Sécherheet bidden.

Fir dëst Zil ze erreechen hätt Lucilin beim Kulturministère net mat eenzele Concerten argumentéiert, mee den Ensembel als ganzheetleche Projet presentéiert. Ee vun den Argumenter wier d'Zukunft vu Lucilin gewiescht, seet de Guy Frisch:

"Well Lucilin elo schonn e gewëssen Alter kritt. Lucilin als Ensembel zwar nëmmen 20 Joer, mee wien ass Lucilin? Do komme mer da schonn an aner Alterskategorien, déi eis forcéieren iwwer d'Zukunft nozedenken."

En Deel vun de Membere vum Ensembel hätt eng Plaz am Enseignement, déi eng gewëss Flexibilitéit erméiglecht. Do wier awer gläich eng Grenz erreecht, seet de Guy Frisch.

"Wa mer nach méi Concerte kréien, oder wëlle maachen, da muss do eppes geschéien. An da kënne mir dat net méi maachen, well mer wëssen, wou eis Plaz ass - am Concervatoire -, mee dat sinn da vläicht Jonker, déi keng Enseignementsplaz hunn, mee déi awer da wëllen déi Iddi vu Lucilin weider droen."

Ee vun de Wënsch: Jonke Museker en Aarbechtskontrakt ubidden

Ee vun de Wënsch vum Ensembel ass et deemno, jonke Musekerinnen a Museker kënnen een Aarbechtskontrakt unzebidden. Beim Projet Lucilin geet et awer net nëmmen ëm d'Zukunft, mee och ëm ganz konkret Iddien. Den Ensembel well méi pedagogesch Projete realiséieren, eng Akademie fir Interpreten organiséieren an nach méi Komponisten ënnerstëtzen.

Lucilin soll eng Dréischeif zu Lëtzebuerg gi fir en Echange vu Komponisten, Interpreten a vu Jonken. Den Ensembel soll eng Vitrinn ginn, e Botschafter fir Lëtzebuergesch Komponisten am Ausland. "Ech géif soen, dat engagéiert eis natierlech, dat heescht wa mir dat soen, dann ass et och dat, wat mir musse maachen, a mir ginn herno natierlech dorobber jugéiert. An et ass kloer: Den Drock wiisst warscheinlech dann och."

D'Plaz vum Ensembel Lucilin gesäit de Guy Frisch niewent dem Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg:

"Den OPL ass effektiv fir mech do ëmmer eng Referenz gewiescht, well et einfach de professionellsten Ensembel ass, dee mer hunn, dee laang gewuess ass, an dee sech eben ëm eng gewësse Literatur këmmert. Och zäitgenëssesch Wierker, ebe just a méi grousser Formatioun, awer natierlech ganz vill och Klassescht an eben och Wierker, déi et scho méi laang ginn. Ech fanne ganz kloer, datt et en Ensembel [fir d'zäitgenëssesch Musek] scho laang huet misste ginn, do war e Bedürfnis do an ech denken do hu mir eis Plaz nieft dem OPL."