Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuergesch Kläng am Stephansdoum

Maîtrise Sainte-Cécile

Lëtzebuergesch Kläng am Stephansdoum

"Et ass eng grouss Éier fir eis alleguerten", seet den Dirigent vun der Maîtrise, de Marc Dostert. Duerch e kulturellen Echange, deen iwwer déi Lëtzebuergesch Ambassade an Éisträich organiséiert gouf, kann de Chouer am Stephansdoum zu Wien sangen.

auto_stories

1 min

Zu Wien interpretéiert d'Maîtrise d'"Missa Ave Spes Nostra" vum Laurent Menager. De Choix wier op dëse Komponist gefall, well ee gäre Lëtzebuerg Musek mat op Wien géif huelen a gläichzäiteg dem Komponist säin 120. Doudesdag feiere wéilt, seet Marc Dostert.

Dësen Optrëtt ass um Enn vun der Summerpaus, eng Zäit, an där Chéier normalerweis net prouwen. Dëse Summer war d'Situatioun fir d'Maîtrise awer eng aner, well se op den Hochzäitsmasse vun zwee vu senge Membere gesongen huet. Deementspriechend d'Summerpaus souwisou scho méi kuerz.

Och a punkto Motivatioun ka sech den Dirigent net beschwéieren. Mat esou engem Projet, wéi deem vun der Rees op d'Wien, géif déi nämlech klammen.

"Op jiddwer Fall, well mir hunn nees en Zil, an ech mengen et séngt ee jo net all Dag am Stephansdoum."

Dës Mass kann een och zu Lëtzebuerg iwwer de Livestream vum "Klassik Radio Stephansdom", e Sonndeg (11.09) um véierel op zéng suivéieren.