Radioen

On air

Notturno  |  Bartleby Delicate - Winter's Dark (Choir Version)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Largo: Unplugged a Schluss

Jazz

Largo: Unplugged a Schluss

Largo verëffentlecht ee Matschnëtt vun engem Unplugged-Concert. Duerno wier Zäit fir eng Paus, seet den Trompettist Gast Waltzing. Mam Quartett hätt hien zwëschent Techno a Gospel alles ausprobéiert.

auto_stories

2 min

De 14. Januar 2016 huet Largo een Unplugged-Concert am Escher Theater opgeholl. Dee kënnt elo als Live-Album eraus.

Den Direkter vum Escher Theater hätt Largo mat der Contrainte vum "Unplugged" een Challange gesat. D'Band hätt hir Stécker nei missten ënner d'Lupp huelen. "Ech sinn immens glécklech domat, dofir hunn ech et och erausginn. Well eng Live-Plack ass ëmmer eppes Geféierleches", sou de Gast Waltzing.

Den Unplugged-Album ass dee leschte fir Largo. Op d'mannst fir eng Zäit. D'Band hätt op véier Albume vun Techno iwwer Rock bis New-Orleans-Wuerzele villes ausprobéiert. Elo wier Zäit fir eng Paus. "Ganz éierlech: Ech weess einfach net, wat ech géif maachen", sou de Gast Waltzing.

De Begrëff Unplugged gouf an der Museksgeschicht dacks benotzt. A fir all Museker bedeit dat bëssen eppes anescht. Hei ass de Manifest vum Largo-Unplugged:

  • De Batteur spillt mat spezielle Sticks, mat Biischten a mat den Hänn
  • De Bassist spillt Kontrabass a benotzt keng Sub-Octave
  • De Gittarist huet keng Pedallen a kee Verstäerker
  • Op de Blosinstrumenter si keng Effekter
  • De Piano ass akustesch

Um Unplugged-Concert gëtt de Quartett Largo vun dräi Gaascht-Museker begleet: De Michel Reis um Piano, den David Ascani um Tenor Saxophon an de Serguei Khmielevskoi op der Trombonn.


Largo sinn: Gast Waltzing, Trompett, David Laborier, Gittar, Rom A. Heck, Bass, Rainer Kind Batterie.

Um Web: http://www.gastwaltzing-largo.com/