Radioen

On air

Kultur um 5  |  Wéi d'Martine Schoellen zum Grüffelo koum

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Freed um Experimentéieren

Kultur um 5

D'Freed um Experimentéieren

Wann een "Anyway" déi nei Single vun Irina, der Band ronderëm d'Irina Holzinger, lauschtert, da fält fir d'éischt emol op, datt d'akustesch Gittar, déi esou typesch ass fir hire Sound, hei net d'Haaptroll spillt.

auto_stories

2 min

Amplaz dovunner sti Keyboards am Vierdergrond an den Text. Um Cover vun der Single gesäit een d'Irina Holzinger ënnerwee op enger Landstrooss a stellt sech d'Fro: Ass dat villäicht den éischte Schrëtt op engem neie musikalesche Wee?

Neen, mengt d'Irina Holzinger am Interview op dëser Antenn, et war keng bewosst Entscheedung, éischter eng Konsequenz dovunner, datt d'Frontfra mëttlerweil net méi ganz eleng komponéiert, mee d'Stécker an d'Arrangementer am Kollektiv entstinn:

"Et ass effektiv esou, datt mir ëmmer méi Stécker zesumme schreiwen a fir datt jidderee seng Plaz kritt, ass et heiansdo och wichteg, emol Saachen ewech loossen. Mir hunn einfach festgestallt, datt et fir de Verlaf vum Lidd méi interessant wier, wann d'Gittar net vun Ufank u matspillt. Ech si relativ frou dermat, well dat mer och vun der Stëmm d'Méiglechkeet ginn huet, net ze forcéieren, vläicht e bësse méi nuancéiert ze sangen an den Accent op den Text ze setzen."

Freed um Experimentéieren

D'Pandemie huet déi sechs Bandmembere forcéiert eng Paus ze maachen. An den zéng Joer virdru stoungen si a verschiddene Konstellatioune bal all Weekend op enger Bün iergendwou zu Lëtzebuerg a si waren ni déi, déi gär laang Stonnen am Studio um Sound gefréckelt hunn. E bëssen huet d'Irina Holzinger an de leschte Joren, wou Prouwen an Optrëtter méi rar waren, awer d'Freed um Experimentéieren entdeckt:

"D'Musek huet mer vill gehollef wärend der Pandemie. Ech hat de Privileeg an engem Haus ze wunnen an e sécheren Job ze hunn. Mir haten u sech net vill Suergen an d'Méiglechkeet, eis op aner Saachen ze konzentréieren an nei Saachen ze entdecken. Bei mir war et de Synthesizer an ech hunn einfach ausprobéiert - wéi e Kand. Dat mécht mir nach ëmmer ganz vill Spaass an ech probéieren et mëttlerweil an alles afléissen ze loossen, wat ech maachen."

Ganz am Proufsall verschwënnt Irina dofir awer net, fir déi nächst Méint stinn net nëmmen d'Verëffentlechunge vu weidere Singlen um Programm, mee och erëm Live-Concerten:

  • 08.06.2023: Afterwork beim Wat - Péiteng
  • 18.06.2023: Fête de la Musique - Welleschten
  • 01.07.2023: Rock um Bur - Dippach
  • 27.07.2023: Diffbeach - Déifferdeng

Aus Grënn vun der Transparenz informéiere mer op dëser Plaz doriwwer, datt d'Irina Holzinger bei de Gemengewalen als Kandidatin fir Déi Lénk untrëtt.