Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kraftwerk: "Mir spille keng Musek, mir spille Studio"

Computerwelt

Kraftwerk: "Mir spille keng Musek, mir spille Studio"

D'Band Kraftwerk war hirer Zäit viraus. Um Album "Computerwelt" hu si sech 1981 mat Sujete wéi Big Data, Iwwerwaachung an online-Dating beschäftegt. Si hunn d'Welt verännert a beaflossen d'Musek bis haut.

auto_stories

5 min

Enn de 70er Joren huet d'Police an Däitschland fir d'éischte Kéier bei der Sich no RAF-Terroriste Computere benotzt. Déi sougenannte "Rasterfahndung" huet virum Hannergrond vu Gestapo-Gespenster a Stasi-Realitéit, déi aner Säit vun der Mauer, zu der ëffentlecher Debatt iwwer Dateschutz bäigedroen. E groussen Deel vun der Populatioun wier der Meenung gewiescht, datt d'Erfaassen a Sammele vu perséinlechen Donnéeën eng Gefor fir déi fräiheetlech Gesellschaft ass, schreift den deemolege Kraftwerk-Member Karl Bartos 2017 a senger Autobiografie.

"Damals hätte es kaum jemand für möglich gehalten, dass die Menschen einmal freiwillig ihre privaten Daten in elektronischen sozialen Netzwerken preisgeben werden."

Kraftwerk hu villes fir Méiglech gehalen, virun allem musikalesch. De Quartett vun Düsseldorf hat 1974 mat "Autobahn" en Album erausbruecht, op deem d'Klanggeneratioun fir d'éischte Kéier komplett synthetesch war. Véier Albume méi spéit erreecht dat kreatiivt Konzept vun der Formatioun op "Computerwelt" säi Peak. An dëser Musek resonnéiert d'Zukunft.

"Interpol und Deutsche Bank / FBI und Scotland Yard / Flensburg und das BKA / Haben unsere Daten da"

Haut géif ee wahrscheinlech Google, Apple a Facebook un éischter Plaz nennen. Obwuel d'Band sech ëmmer mat politeschen a gesellschaftleche Sujete beschäftegt huet, bezéien d'Artisten ni konkret Positioun. D'Uprangerung schwéngt ënnerschwellech mat. Dat war verschiddene Kritiker deemools net genuch. "Von Überwachung und Totalkontrolle keine Spur" schreift de Spiegel am Juni 1981 an enger zerstéierender Kritik.

Mä genee wéi haut war net alles schwaarz a wäiss. Kraftwerk ware selwer och interesséiert un neier Technologie. Wahrscheinlech méi wéi déi meeschte Leit. Fir sou futuristesch wéi méiglech ze kléngen, hu si fir all Album nei Instrumenter an Effektgeräter kaaft. Sproochsynthes war fir de Band-Matgrënner Ralf Hütter zu dëser Zäit e grousse Sujet.

Interaktioun tëscht Mënsch a Maschinn

Kraftwerk hu ganz aktiv Computere fir de Songwriting agesat. Wéi zum Beispill de Pocket Translator vun Texas Instruments. "Nummern, Zahlen, Handel, Leute" - den zweeten Deel vum Couplet si ganz einfach Kategorien, déi an dësem Gerät ze fanne sinn.

Op "Computerwelt" kommen eng ganz Rëtsch kleng, digital Gadgeten zum Asaz. Nieft Sprooch-Synthesizeren huet d'Band och Rechemaschinne vu Casio benotzt, déi Téin kënne vu sech ginn. Zum Beispill um zweeten Titel "Taschenrechner" (oder an der englescher Versioun "Pocket Calculator"). Et gi Leit, déi sou wäit ginn a behaapten, datt Kraftwerk an dësem Song de Smartphone virausgesot hunn.

"Computerwelt" gouf op Däitsch an Englesch erausbruecht. D'Single "Pocket Calculator" haten d'Düsseldorfer donieft och nach op Franséisch a Japanesch agesongen.

De Cover vu "Computerwelt"

Afloss op Synth-Pop, Techno an Hip Hop

Zënter Mëtt de 70er Joren hu Kraftwerk mat hirer radikal elektronescher Approche d'Musekswelt verännert. A Groussbritannien hu Gruppen a Museker wéi Soft Cell, Orchestral Manoeuvres in the Dark, de Gary Numan, The Human League a vill anerer ugefaangen, Synthesizer ze benotzen. Kraftwerk selwer hu sech duerch den neie Synth-Pop-Hype encouragéiert gefillt, sou de Ralf Hütter am Mee 1981 an engem Interview op BBC radio 1.

An dësem Gespréich gëtt och däitlech, wéi besiess Kraftwerk vun hire Maschinnen a virun allem vun der Interaktioun tëscht Mënsch a Maschinn war. De Ralf Hüttner huet vun engem elektronesche Ballet vun de Fangeren op den Tasten a Knäppercher geschwat.

De Spiegel meckert deemools a senger Kritik

"Da stehen vier entindividualisierte Laboratoriums-Menschen in ihrer Science-Fiction-Kulisse und rufen, ohne erkennbare innere Regung, ihre Melodie- und Rhythmusstrukturen ab. Wer da was spielt, ist durch Augenschein nicht auszumachen."

De Spiegel konnt jo 1981 och net wëssen, datt Kraftwerk mat hirer elektronescher Visioun de Som géife planze fir e globale Phänomen, dee keng zéng Joer méi spéit als Techno d'Welt géif rëselen.

Op "Nummern" héiert ee Kraftwerk experimentéieren. D'Kompositioun baséiert op enger Improvisatioun mat Sproochsynthesizeren. De Beat ass éischter duerch Zoufall entstanen. De Karl Bartos hat eng Sequenz op hirem selwer-konzipéierten Drum-Automat, der sougenannter "Triggersumme", programméiert. Deen haten d'Museker dann duerch e "Bode Frequency Shifter" geschéckt. Een Effektgerät, wat grad nei op de Maart komm war, a wat d'Technik-Freaks sech direkt ugeschaaft haten.

Datt Stécker wéi "Nummern" um Enn vun den 80er Joren Techno-Pionéier wéi de Juan Atkins oder Derrick May zu Detroit sollten influenzéieren, ass evident. Mä och Electro an Hip Hop, déi zu dëser Zäit entstane sinn, goufen decisiv duerch d'Düsseldorfer Formatioun gepräägt. Dat evidentste Beispill ass den Titel "Planet Rock" vun Africa Bambaataa. D'Hip Hop Legend hat net just "Numbers", mä och "Trans Europa Express" vu Kraftwerk gesampled.

"Kraftwerk huet déi ganz lescht 40 Joer beaflosst"

Ee Lidd aus der Kraftwerk-Diskographie stécht eraus: "Computerliebe" vum Album "Computerwelt" ass carrement eng Zort Liebeslidd. Hei soen d'Museker Online-Dating viraus, a bidden dozou 23 Joer méi spéit d'Virlag fir een Hit vun enger britescher Rockband. Coldplay hat den Hook fir hiren Hit "Talk" iwwerholl. Am Géigesaz zu villen aneren Artisten hate si Kraftwerk souguer ëm Erlaabnis gefrot.

Wéi enorm den Afloss vu Kraftwerk op d'Musek ass, huet den Andy McCluskey vun Orchestral Manoeuvres in the Dark rezent an engem Interview op BBC radio 4 gutt resüméiert:

"Si sinn déi wichtegst Band an der moderner Musek. De Karl, de Ralf, de Wolfgang an de Florian sinn den John, Paul, George a Ringo vun der elektronescher Musek. Jidderee schwätzt dovun, wéi de Bluesrock a Pop an de 60er beaflosst hunn. Dat stëmmt och, mä Kraftwerk huet déi ganz lescht 40 Joer beaflosst."

Op "Computerwelt" léise Kraftwerk sech komplett vun der Iddi vun enger klassescher Band. Si si keng Museker, déi mat volle kierperlechem Asaz Instrumenter spillen. D'Resultat vun der kollektiver Aarbecht ass dat Wichtegst. "Mir spille keng Musek", seet de Ralf Hütter 1981. "Mir spille Studio".

Däitsch Musekgruppen aus der Nokrichsgeneratioun goufe vun der Musekspress iergendwann ënnert dem Sammelbegrëff "Krautrock" zesummegefaasst. Hiert Striewen no enger neier, däitscher musikalescher Identitéit gouf wuel vu kenger anerer Formatioun esou eescht geholl an an d'Realitéit ëmgesat, wéi vu Kraftwerk.