Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Dan Penn - Nobody's Fool

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Joan of All"

Album vun der Woch

"Joan of All"

"Joan of All" ass de mëttlerweil drëtten Album vun der Sarabeth Tucek, mee dësen Disk bréngt si offiziell ënnert hirem neie Kënschtlernumm SBT eraus. Si gëtt awer schonn eng ganz Zäitchen esou genannt, SBT huet sech quasi als Spëtznumm fir d'Kënschtlerin entwéckelt, et ass also keen immens wäite Sprong. An awer ass et keen Zoufall, datt dëse Wiessel beim Numm grad elo koum. Well "Joan of All" ass de grousse Retour vun der Sarabeth Tucek.

auto_stories

2 min

Sarabeth Tucek aka SBT. (Foto: Paula Bullwinkel)

Ganzer zwielef Joer ass et hier, datt hire leschten Album erauskoum. "Get Well Soon" huet dee geheescht a war souwuel textlech wéi och musikalesch dach eng Grëtz anescht ewéi den néien Disk, well virun allem d'Trauer ëm hire verstuerwene Papp am Fokus stoung.

Bis an de Virprogramm vum Bob Dylan

Si selwer seet, datt si fréier duecht, datt si nëmmen traureg Songs kéint schreiwen, an den néien Album do och a gewësser Weis de Géigenbeweis ass, well hire Songwriting sech an deenen zwielef Joer dann dach staark verännert huet.

Ze héieren ass dës Transformatioun zum Beispill am Stéck "The Living Room", dat duerch verdreemte Gittaren a psychedelesch Uergelkläng bestécht

Am Joer 2003 hat d'Sarabeth Tucek hiren éischten Duerchbroch, an zwar als Gaaschtsängerin um Song "Supper" vum Bill Callahan sengem Projet Smog. E puer Joer méi spéit huet si du mat de Psychrocker vu Briann Jonestown Massacre zesummegeschafft, éier 2007 dann hiren Debütalbum erauskoum, dee si an de Virprogramm vu kengem aneren ewéi dem Bob Dylan katapultéiert huet.

Een Hommage un d'Mamm

Mee no dem zweeten Album 2011 huet d'Sarabeth Tucek hiert Privatliewen der Karriär virgezunn. Si sot kierzlech an engem Interview, datt fir si deemools Kannerkréien déi iewescht Prioritéit gewiescht wier, an d'Musek ëmmer méi an den Hannergrond geréckelt ass.

Si huet dunn och ugefaangen als Kostümdesignerin fir Filmer ze schaffen a war eigentlech mat hirer musikalescher Karriär um Enn, mee am Lockdown huet si festgestallt, datt op eemol Songs aus hir erausgespruddelt koumen an dat war dunn d'Initialzündung fir den neien Album, deen dann och direkt en Duebelalbum mat ganzer 15 Songs gouf.
Den Albumtitel kléngt no enger Uspillung op d'Jeanne d'Arc, um Albumcover ass d'Sarabeth Tucek och an hallwer Rittermontur ze gesinn. Si selwer seet, datt d'Ofdréiwungsdebatten an den USA an de Kampf ëm weiblech Selbstbestëmmung e groussen Impakt op den Album haten.

Also d'Rüstung als Schutz géigeniwwer enger Welt oder Regierung, déi eben d'Fraerechter attackéiert. Mee den Titel ass och een Hommage un der Tucek hier Mamm, déi ebe Joan heescht an als elengerzéiend Mamm och ëmmer eng Virbildfunktioun fir d'Kënschtlerin hat.